Evaluatioun

D’Evaluéierung miesst an zertifizéiert d’Schülerleeschtungen ëmmer zu engem spezifesche Moment. Am Enseignement secondaire classique (ESC) an am Enseignement secondaire général (ESG) baséiert se sech op Prüfungen an der Klass a Kontrollen a Form vu schrëftlechen oder mëndleche Froen, Hausaufgaben, Gruppenaarbechten asw. Jee no Fach stinn all Trimester eng, zwou oder dräi Prüfungen um Programm. Si gi mat enger Nott bewäert; d’Trimester- oder Semestermoyenne ass eng Nott op 60 Punkten. A verschiddene Fächer ginn et mëndlech Prüfungen.

D’Trimester- oder Semesternott ass d’Moyenne vun den Notte vun de Prüfungen an de Kontrollen. Dës Moyenne kann ëm véier Punkten no uewen oder ënnen ajustéiert ginn, jee no der Motivatioun an den Efforte vum Schüler.

D’Zensur

Um Enn vun all Trimester (oder Semester) kritt den Erzéiungsberechtegte vum Schüler oder awer de Schüler selwer, wann e groussjäreg ass, eng Zensur. Dorop stinn ënner anerem

  • d’Trimester- oder Semesternotten an all Fach,
  • eventuell d’Moyenne vun der Klass,
  • d’Fërdermoossnamen am Fall vu schlechte Resultater,
  • d’Feelstonnen,
  • eventuell d’Behuelen am Unterrecht.

Op der Zensur um Enn vum Schouljoer stinn och

  • d’Joresnott vun all Disziplin,
  • eventuell déi allgemeng Joresmoyenne,
  • de Beschloss, ob de Schüler an déi nächst Klass kënnt,
  • den Avis fir d’Orientéierung (um Enn vun der 7e ESC, 4e ESC a 5e ESG).

D’Promotiounskriterie gesi vir, datt am Fall vun enger Nott ënner 30 Punkten dës Nott ënner bestëmmte Bedingunge ka kompenséiert ginn. D’Zil ass, punktuell Schwächte vun engem Schüler, dee soss gutt Notten huet, net ze penaliséieren.

De Complément au bulletin

D’Notten op 60 Punkten an d’Berechnung vun Trimester- a Joresmoyennë kënne fir sech eleng net erëmginn, wéi staark déi eenzel Kompetenzen entwéckelt sinn. Duerfir kënnt an den ënneschte Klassen en Ergänzungsblat derbäi, de Complément au bulletin, dat den Niveau vun den erschaffte Kompetenze fir all Beräich beschreift. Op der Zensur steet eng eenzeg Nott als Moyenne pro Fach; de de Complément au bulletin liwwert eng net an Zuelen ausgedréckten Aschätzung vun de Fäegkeete vum Schüler an de verschiddene Kompetenzberäicher, déi zu engem Fach gehéieren.

Dës Evaluatioun pro Kompetenzberäich erlaabt eng méi differenzéiert an nuancéiert Vue op dem Schüler seng Fäegkeeten, wat d’Orientéierung méi einfach mécht.

 

Aktualiséiert