Léieren

D’Léierforme variéiere mam Typ vum Enseignement secondaire an de Klassen. Informatiounen iwwer d’Fächer an de Stonneplang, d’Unterrechtssprooch an den Evaluatiounsmodus fir eng prezis Klass stinn online ënner „horaires et programmes“.

Den Enseignement secondaire classique an den Enseignement secondaire général ëmfaasse siwe Schouljoer, dovunner dräi „ënnescht Klassen“, an zwar 7e, 6e a 5e, a véier „iewescht Klassen“: 4e, 3e, 2e a 1re.

Déi ënnescht Klassen

Déi ënnescht Klassen am Enseignement secondaire classique (ESC)

De Léierplang an den ënneschte Klasse vum ESC ëmfaasst déi heite Fächer:

  • Däitsch, Franséisch, Lëtzebuergesch, Englesch, Latäin, Chineesesch
  • Mathematik, Informatik
  • Biologie, Chimie, Physik, Naturwëssenschaften, Geographie, Geschicht
  • Konscht, Musek, Sport
  • praktesch Ausbildung
  • Wäerteunterrecht: Liewen a Gesellschaft

Wann se op 6e kommen, hunn d’Schüler d’Wiel tëschent dem Léierplang mat Latäin oder Chineesesch oder dem Léierplang mat Englesch. Vu 5e u steet Englesch um Programm vun all Klass.

Am Allgemenge gëtt all Matière an den ënneschte Klassen op Däitsch enseignéiert, ausser Franséisch a Mathematik. Vu 4e un ass d’Unterrechtssproch Franséisch.

Déi ënnescht Klassen am Enseignement secondaire général (ESG)

Den Enseignement an den ënneschte Klasse vum ESG soll de Schüler déi fir déi iewescht Klassen oder fir d’Beruffsausbildung néideg Kompetenzen a Kenntnesser vermëttelen. Déi ënnescht Klassen deelen sech op an Orientéierungsklassen (voie d’orientation) a beruffsvirbereedend Klassen (voie de préparation).

De Léierplang vun den Orientéierungsklassen ëmfaasst dës Léierberäicher:

  • Däitsch, Englesch, Franséisch, Lëtzebuergesch
  • Mathematik
  • Naturwëssenschafte mat Physik, Chimie a Biologie
  • Sozialwëssenschafte mat Geschicht a Geographie
  • Sport, Konscht a Musek
  • Informatik, Ateliersunterrecht
  • Wäerteunterrecht: Liewen a Gesellschaft

Um Schoulprogramm stinn och praktescht an handwierklecht Schaffen esouwéi Aktivitéiten, déi den Iwwergank an d’Beruffsliewe méi einfach maachen.

Op 6e gi Mathematik, Däitsch a Franséisch op zwee Niveauen enseignéiert (Basiscours a Leeschtungscours). Op 5e kënnt Englesch derbäi.

An de beruffsvirbereedende Klasse ginn Däitsch, Franséisch, Mathematik, Allgemengwëssen, d’Walfächer an den Ateliersunterrecht souwéi de Sport a Modüllen enseignéiert. Dëse Bildungswee adresséiert sech u Schüler, déi net déi gefuerdert Kompetenzsockelen um Enn vum 4. Zyklus vun der Grondschoul erreecht hunn. Jee nodeem, wéi eng Resultater si opweises hunn, kënnen d’Schüler an eng Orientéierungsklass oder eng Klass vun der Beruffsausbildung wiesselen (DAP oder CCP).

De kompetenzorientéierten Usaz

An den ënneschte Klasse vum Enseignement secondaire classique an dem Enseignement secondaire général ass den Unterrecht kompetenzorientéiert.

Ënner Kompetenz versteet een d’Fäegkeet vum Schüler, systematesch Kenntnesser, Fäegkeeten an Astellungen anzesetzen, fir eng adequat Léisung zu enger Problemstellung ze fannen.

D’Kompetenzsockele beschreiwen d’Kenntnesser an d’Kompetenzen, déi d’Schüler nohalteg um Enn vun der 6e an der 5e musse kënne beherrschen.

An de Sproochen an der Mathematik ginn dës Kompetenzen op zwee Niveaue vermëttelt: Cours de base (Basiscours) a Cours avançé (Leeschtungscours).

D’Sockele sinn net identesch mam Léierplang, deen den Inhalt, deen an all Fach behandelt gëtt, beschreift.

Déi iewescht Klassen am Enseignement secondaire classique

D’Classe polyvalente (4e ESC) soll dat Wëssen, wat de Schüler sech erschafft huet, festegen an en op eng vun den aacht Sektiounen orientéieren. Ausser fir Latäin ass de Programm fir all Schüler d’nämmlecht.

Um Enn vun der 4e beréit de Conseil de classe zesumme mam SePAS d’Schüler bei der Wiel vun hirer fachlecher Orientéierung. D’Schüler kréien e schrëftlechen Avis.

D’Spezialiséierung vun de Studie fänkt op der 3e ESC un, wou de Schüler, jee no senge Fäegkeeten an Interessien, eng vun den eelef proposéierte Sektiounen auswielt:

  • Sektioun A: Sproochen
  • Sektioun B: Mathematik an Informatik
  • Sektioun C: Naturwëssenschaften a Mathematik
  • Sektioun D: Wirtschaftswëssenschaften a Mathematik
  • Sektioun E: Konscht
  • Sektioun F: Musekwëssenschaften
  • Sektioun G: Human- a Sozialwëssenschaften
  • Sektioun I: Informatik a Kommunikatioun
  • Sektioun N: Entrepreneuriat, Finanzen a Marketing
  • Sektioun P: Kognitiouns- an Humanwëssenschaften
  • Sektioun R: Politik an nohalteg Entwécklung

Déi Fächer, déi d’Spezialisatioun ausmaachen, huelen eng wichteg Plaz am Stonneplang an. D’Grondausbildung gëtt complétéiert duerch Walfächer, déi vun enger Schoul zur anerer variéiere kënnen.

Déi iewescht Klasse vum Enseignement secondaire général

Déi iewescht Klassen am Enseignement secondaire général ëmfaasse véier Joer. An alle Fachrichtunge mécht de Schüler um Enn vun der 1re ESG en Ofschlossexamen, deen op nationalem Niveau organiséiert gëtt, fir den Diplôme de fin d’études secondaires générales ze kréien. Dësen Diplom gëtt dem Schüler déi nämmlecht Rechter wéi den Diplôme de fin d’études secondaires classiques, esou datt hie ka schaffen oder weider studéiere goen (Héichschoul oder aner Schoul).

Den ESG bitt dës Fachrichtungen un:

  • Fachrichtung Verwaltungs- an Handelswiesen
  • Fachrichtung Gesondheets- a Sozialberuffer
  • Fachrichtung Allgemeng Technik
  • Fachrichtung Konscht
  • Fachrichtung Landwirtschaft
  • Fachrichtung Hotellerie an Touristik

All Fachrichtung ka verschidde Sektiounen ëmfaassen.

Um Enn vun der 5e beréit de Conseil de classe zesumme mam SePAS (Service psychosocial et d’accompagnement scolaires) d’Schüler bei der Wiel vun hirer fachlecher Orientéierung. D’Schüler kréien e schrëftlechen Avis.

 

Aktualiséiert