Observatoire national de l'enfance, de la jeunesse et de la qualité scolaire

Den Observatoire national de l'enfance, de la jeunesse et de la qualité scolaire (OEJQS) krut déi follgend Aufgaben zougedeelt:

  • d’Situatioun vun de Kanner a Jugendlechen zu Lëtzebuerg ze analyséieren, dëst am Kader vun enger globaler Approche, déi d’Kand oder de Jugendlechen an de Mëttelpunkt stellt an op de Rechter vum Kand baséiert;
  • d’Systemer ze evaluéieren, déi op si awierken a prioritär dem sozio-pedagogesche Beräich oder anere Beräicher vun der Kanner- a Jugendaarbecht zouzeuerdne sinn;
  • d’Qualitéit vum Enseignement am Bildungswiese systeemesch ze bewäerten, fir d’Entwécklung vun der schoulescher Qualitéit zu Lëtzebuerg ze fërderen.

Den Observatoire schafft komplett onofhängeg a Bezuch op seng Beobachtungsinstrumenter, Feststellungen a Recommandatiounen. De Minister bestëmmt all Joer op der Basis vun de Propositioune vum Observatoire déi Beräicher, déi prioritär sinn.

Wichtegst Moossnamen

Fir dës Aufgaben ze erfëllen:

  • dréit a faasst den Observatoire déi bestoend Donnéeën iwwer d’Kandheet an d’Jugend zu Lëtzebuerg zesummen;
  • analyséiert en d’Etüden an d’Resultater vun den nationalen oder regionalen Evaluatiounen am Beräich vun der Bildung a vun der Situatioun vun de Kanner, genee ewéi déi international Etüden iwwer Lëtzebuerg;
  • realiséiert, initiéiert, preparéiert oder koordinéiert en Ëmfroen, Analysen an Etüden a gëtt Stellungnamen zu verschiddenen Aspekter vun de Kanner a Jugendlechen an zu der schoulescher Qualitéit zu Lëtzebuerg of;
  • analyséiert an evaluéiert e Fakten iwwer d’Situatioun vun de Kanner a Jugendlechen zu Lëtzebuerg an iwwer d’Systemer, déi op si awierken, andeem e se mat der entspriechender Fuerschung, Praxis a Politik op nationalem an internationalem Plang a Verbindung bréngt an e Suivi op nationalem Plang ariicht;
  • analyséiert en d’Organisatioun an de Fonctionnement vun de Schoulen, hiren Direktiounen an de Servicer aus dem Departement vum Minister, déi sech mat der Bildung befaassen;
  • begéint en, op der Basis vun de festgeluechte Prioritéiten, Kanner a Jugendlecher, Elteren, Professioneller aus dem sozio-pedagogesche Beräich, d’Direktioune vun Institutiounen, national Vertriedunge vu Jugendlechen, Elteren, Schüler, Studenten, Enseignanten a Vertrieder vu Gemengen a Ministèren, Fuerscher, genee ewéi d’Beruffschamberen.

Ëffentlech Berichter

Den Observatoire verëffentlecht all Joer e Rapport d’activités genee wéi thematesch Berichter an all fënnef Joer en nationale Bericht iwwer de Schoulsystem an en nationale Bericht iwwer d’Entwécklung vun der Situatioun vun de Kanner a Jugendlechen zu Lëtzebuerg.

Aktualiséiert