Service de médiation scolaire

D’Schoul muss sécherstellen, datt jiddwer Schüler déi beschtméiglech Qualifikatioun ka kréien. D’Schüler hunn e Recht op Fërderung vu hiren Talenter an Hëllef bei eventuelle Schwächten op hirem Wee zum Bierger, zu Héichschoulstudien oder zu enger berufflecher Carrière.

Wann d’Gefill entsteet, datt d’Schoul hiren Aufgaben net méi gerecht gëtt, datt de schoulesche Parcours vun engem Schüler a Fro gestallt ass, kann de Schoulmediateur (médiateur scolaire) a säi Service au maintien, à l’inclusion et à l’intégration scolaires mat der Saach befaasst ginn.

De Schoulmediateur këmmert sech ëm Reklamatiounen, fir datt:

  • Schüler, déi riskéieren, d’Schoul ofzebriechen an ouni Qualifikatioun de Schoulsystem ze verloossen, an der Schoul bleiwen;
  • Schüler, déi pedagogesch besonnesch mussen ënnerstëtzt ginn, an de System agebonne ginn (Inklusioun);
  • Schüler mat Migratiounshannergrond, déi net hir ganz Schoulzäit zu Lëtzebuerg verbruecht hunn an net déi néideg Kompetenzen am Däitschen, Lëtzebuergeschen a Franséischen hunn, fir déi „normal“ Schoul ze besichen, integréiert ginn.

Wéini gräift e Mediateur an?

Säit dem Schouljoer 2018-2019 kann de Mediateur an dëse Situatiounen intervenéieren:

  • wann d’Schoul keng adäquat Formatioun fir e Kand ubitt;
  • wann d’Schoul hir Aufgaben net erfëllt; oder
  • wann d’Schoul oder d’Servicer vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend d’Gesetzer, d’Reglementer oder d’Instruktiounen, déi a Kraaft sinn, net korrekt applizéiert oder ëmgesat hunn.

E këmmert sech ëm individuell a konkreet Reklamatiounen.

Wie ka sech un e Mediateur wenden?

Eltere vu mannerjärege Kanner, groussjäreg Schüler oder Akteuren aus dem Educatiounsberäich (Enseignant, Direkter, Educateur asw.) kënne sech mat enger schrëftlecher Reklamatioun, wann de Problem an den Handlungsberäich vum Mediateur fält, un dëse wenden.

Alles gëtt vertraulech behandelt.

Wéini kann ee sech un de Mediateur wenden?

De Mediateur kann eréischt dann intervenéieren, wann am Virfeld scho mat de betraffenen Akteure vun der Schoulgemeinschaft no enger Léisung gesicht ginn ass (zum Beispill: an der Grondschoul mam Schoulmeeschter oder der Léierin, mam regionalen Direkter; am Lycée mam Regent oder dem Direkter; an engem Centre de compétences en psycho-pédagogie mam Haaptzoustännegen oder mam Direkter) an dës Demarchen zu kengem Resultat gefouert hunn.

Wat kann de Mediateur maachen?

De Mediateur ënnerhëlt déi néideg Demarchë bei de Servicer oder implizéierte Schoulen a formuléiert Recommandatiounen, fir Meenungsverschiddenheeten am Gudden an op eng gerecht Aart a Weis ze léisen.

De Mediateur ënnerbreet dem Minister reegelméisseg Recommandatiounen, déi ënner anerem de Fonctionnement vun de Servicer a Schoulen, wou hien huet missen intervenéieren, verbessere sollen.

E setzt och e Joresrapport op, deen un d’Chamber an un d’Regierung geet an um Site vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend verëffentlecht gëtt.

Aktualiséiert