Struktur vum Bildungswiesen

Zu Lëtzebuerg besteet Schoulflicht fir Kanner resp. Jonker vu 4 bis 16 Joer. Déi schoulesch Ausbildung dauert op d’mannst zwielef Joer, opgedeelt op d’Grondschoul an den Enseignement secondaire.

D’Grondschoul ass a véier Léierzyklen agedeelt:       

  • den Zykel 1 fir Kanner vu 4 bis 5 Joer; dat éischt Joer vun der Education précoce fir Kanner vun 3 Joer un ass fakultativ.
  • den Zykel 2 fir Kanner vu 6 bis 7 Joer
  • den Zykel 3 fir Kanner vun 8 bis 9 Joer
  • den Zykel 4 fir Kanner vun 10 bis 11 Joer

Den Enseignement secondaire deelt sech op an zwou Schoulformen:

  • den Enseignement secondaire classique geet iwwer siwe Joer a schléisst mat engem Diplôme de fin d’études secondaires of. E bereet virun allem op en Héichschoulstudium vir.
  • den Enseignement secondaire général ass a verschidden Ausbildungen opgedeelt, déi sechs bis aacht Joer daueren, jee no Fachrichtung. Hei gehéiert och d’Beruffsausbildung derzou.

D’Lëtzebuerger Schoul bitt a béide Schoulforme Moossnamen a spezifesch Klassen u fir d’Integratioun an d’Schoulausbildung vun auslännesche Kanner.

Och Kanner mat enger Behënnerung oder Kanner mat spezifesche Bildungsbesoine si schoulflichteg. Si ginn an den normale Schoulunterricht integréiert oder gi vun engem Institut oder engem Service vun der Éducation différenciée betreit.

D’Zil vun der Beruffsausbildung ass et, de Schüler eng berufflech Qualifikatioun ze erméiglechen – déi si um Lycée kréien –, oder Leit, déi schonn eng Beruffsqualifikatioun hunn, ze hëllefen, dës ze adaptéiere respektiv auszebauen, sou datt se der Entwécklung an de Besoine vun der Wirtschaft erëm entsprécht.

D’Erwuessenebildung bitt Erwuessenen en adaptéierten Enseignement un, sief et am Kader vun enger berufflecher Weiderbildung, der allgemenger Bildung oder der Virbereedung op national Diplomer a Certificaten (2. Bildungswee).

De Lëtzebuerger Schoulsystem charakteriséiert sech am Wesentlechen duerch seng méisproocheg Traditioun; de Sproochenunterricht huet hei eng zentral Plaz.

Dir kënnt hei eng Iwwersiicht vum Schoulsystem eroflueden.

Aktualiséiert