Conseil supérieur de l’Éducation nationale (CSEN)

De Conseil supérieur de l’Éducation nationale (CSEN) ass e Berodungsgremium, deen sech op Ufro vum Minister oder op eegen Initiativ zu alle Froen, déi mat dem nationale Bildungssystem ze dinn hunn, a virun allem zu de grousse Linne vum Bildungssystem äussert.

De Conseil setzt sech aus 36 Memberen zesummen, an zwar de Vertrieder vun:

  • den Elteren, Schüler a Studenten;
  • dem Léierpersonal;
  • den Autoritéiten, déi mat der Schoul ze dinn hunn (Collège des directeurs de l’enseignement fondamental, Collèges des directeurs de l’enseignement secondaire, Gemengen, unerkannte Reliounen asw.);
  • der Wirtschaft, dem sozialen a kulturelle Beräich an den Associatiounen.

Aktualiséiert