Zweete Bildungswee

Fir Äre Qualifikatiounsniveau ze verbesseren, kënnt Dir Iech och fir den zweete Bildungswee (2e voie de qualification) entscheeden. Jee no de Besoine vun den Apprenantë gi verschidde Parcoursen a Form vun Dagescoursen, Owescoursen, Blended Learning- an E-Learning ugebueden .

D'Klasse vun der beruffsvirbereedender Stuf

D'Klasse vun der beruffsvirbereedender Stuf riichte sech un Erwuessener, déi net den Niveau erreecht hunn, fir sech an eng 5e aschreiwen ze kënnen. D'Organisatioun a Form vu Modüllen erlaabt et, datt jiddwereen a sengem eegene Rhythmus weiderkomme kann. Ofhängeg vun der Zuel vu Modüllen, déi e gepackt huet, kann den Apprenant Zougang zu engem CCP oder DAP (A a B) oder zu enger 5e d'adaptation kréien. Duerch de moduläre System ass et och meéiglech, Apprenanten am Laf vum Schouljoer opzehuelen.

D'5es-Klassen

D’5es-Klassen erméiglechen den Zougang zu weidere Studien am Secondaire an zu der Beruffsausbildung. Allerdéngs hu vill Erwuessener den Niveau vun der 5e, dee si brauchen, fir hir berufflech a perséinlech Projete verwierklechen ze kënnen, ni erreecht. Dat gëllt och fir Leit mat Migratiounshannergrond, déi keen unerkannte schoulesche Bildungsniveau oder net déi néideg Sproochekenntnisser hunn, fir sech an de Lëtzebuerger Bildungssystem kënnen ze integréieren.  Et gi verschidde Klassen ugebueden:

  • 5e d'adaptation
  • 5e d’adaptation francophone
  • 5e générale
  • 5e générale francophone
  • 5e générale - apprentissage intensif de la langue française
  • 5e classique

D'Parcourse vun der Beruffsausbildung

D’Erwuessenebildung adresséiert sech u groussjäreg Persounen, déi en Handwierk wëlle léieren oder sech am Beruffsliewe wëllen ëmorientéieren. Dat kënnen esouwuel Erwuessener mat engem Aarbechtskontrakt sinn ewéi och Leit, déi eng Aarbechtsplaz sichen a bei der ADEM ageschriwwe sinn. D’Formatioune kënnen ofgeschloss gi mat engem Certificat de capacité professionnelle (CCP), engem Diplôme d’aptitude professionnelle (DAP) oder engem Diplôme de technicien (DT). Erwuesse Léierbouwen a Léiermeedercher kréie vum Patron de soziale Mindestloun (SSM) bezuelt.

Fir Erwuessener ginn déi follgend Parcoursen ugebueden:

  • DAP agent administratif et commercial (1. Joer)
  • DAP cuisinier (1. Joer)
  • CCP cuisinier
  • DAP pépiniériste-paysagiste
  • DAP auxiliaire de vie
  • DAP électricien
  • Formation du technicien en administration et commerce

Parcoursen, déi mat engem Diplôme de fin d'études secondaires ofschléissen

D'Klasse vu 4e bis 1re vum Enseignement secondaire classique a vum Enseignement secondaire général ginn als Dagescoursen, a Form vu „Blended Learning” an als Owescoursen ugebueden.

Déi follgend Parcourse ginn ugebueden:

  • division technique générale section ingénierie
  • section professions de santé et sociales (4e an 3e)
  • formation de l’éducateur en alternance (2e, 1ère ,1ère+)
  • section administrative et commerciale (4e-1ère)
  • section classique section sciences humaines et sociales (4e-1ère)
  • formation du diplôme d’accès aux études supérieures (DAES) – 2 Joer

 

Aktualiséiert