Allgemeng Coursen

De Service de la formation des adultes vum Ministère organiséiert iwwer d’Gemengen an unerkannten ASBLen allgemeng Coursen an de Lycéeën.

Ausbildungsberäicher

Konscht an Handwierk

Holzveraarbechtung, Broderie/Stécken, Keramikaarbechten, Couture/Bitzen, Kachen, Zeechnen/Molen, Geschicht vun der Musek, Konschtgeschicht, Steemetzaarbechten, Mecanique, Metallveraarbechtung, Önologie a Bar, Pâtisserie, Molerei, Fotografie, Bildhauerei, Schweessaarbechten, Tiffany

Sproochen

Arabesch, Bosnesch, Kroatesch, Serbesch, Chineesesch, Däitsch, Englesch, Franséisch, Griichesch, Hollännesch, Italieenesch, Japanesch, Latäin, Lëtzebuergesch, Polnesch, Portugisesch, Russesch, Schweedesch, Spuenesch

Zënter enger Rei vu Jore benotzen de Service de la formation des adultes a seng Prestatairen de Gemeinsamen europäesche Referenzkader fir d’Sproochen (Cadre européen commun de référence pour les langues, CECR) fir hir Sproochecoursen.

Wëssenschaften, Economie an Ëmwelt

Comptabilitéit, Droit, Economie, Steierwiesen, Geschicht

Sozialpädagogik a Wuelbefannen

Danz, Kierpersprooch, Educatioun, Family Learning, Meditatioun, Gesondheet, T’ai chi ch’uan, Yoga

Technologies d'information et de communication (TIC)

Datebanken, Bureautique, Online-Zesummenaarbecht, Technescht Zeechnen, Internetführerschäin, Multimedia, Präsentatiounen, Programméieren, Webpublishing, Tabellekalkulatioun, Textveraarbechtung, Bildveraarbechtung, Windows

L4S Learn for Success – individuell ofgestëmmten Atelieren

DL4S-Atelieren erlaben et, direkt op professionell a perséinlech Erausfuerderungen anzegoen, duerch:

  • eng Ausbildungsoffer fir Erwuessener, op Mooss a flexibel;
  • en Aféierungsgespréich, fir d’Besoine vum Kandidat ze bestëmmen;
  • Sproochenatelieren (Franséisch, Englesch) an Atelieren an der Mathematik;
  • d’Méiglechkeet, zu all Moment kënnen unzefänken;
  • d’Méiglechkeet, de Stonneplang an d’Frequenz vun den Ateliere wärend dem Parcours ze adaptéieren.

Et kann ee sech wärend dem ganze Joer e Rendez-vous fir seng Aschreiwung huelen:

D’Ateliere gi vu méindes bis freides vum Service de la formation des adultes um Site Aldringen ugebueden:

Site MENJE – Aldringen
Salle 03A Médiathèque
Entrée: 29, rue Aldringen
L-1118 Luxembourg
Google Maps

Bicher ginn de Participanten zur Verfügung gestallt. Dir gitt wärend Ärem ganze Parcours vun Experten ënnerstëtzt a beroden.

 

Aktualiséiert