Besser schreiwen, liesen oder rechne léieren
D’Basis-Ausbildung ass gratis. Se gëtt op Franséisch, Däitsch oder Portugisesch ugebueden.
Et gëtt zwou Formullen:
- D’Basis-Ausbildungs-Coursë riichte sech un e Grupp vun erwuessenen Apprenanten, déi dee selwechte Programm suivéieren.
- An de Basis-Ausbildungs-Ateliere gëtt a klenge Gruppe mat engem individualiséierte Programm geléiert.
All Trimester ginn nei Sessiounen an deene verschiddene Regioune vum Land op: Woltz, Ettelbréck, Waarken, Iechternach, Kierchbierg, Belval.
D’Admissioun erfollegt no enger Séance de guidance, an där déi individuell Kenntnisser an de perséinleche Projet vun den Apprenanten/Apprenanteë berücksichtegt ginn.
Dës Coursen an Ateliere riichte sech un:
- Persounen, déi Ufänger an der Alphabetiséierung an der däitscher oder franséischer Sprooch sinn
- Persounen, déi an der franséischer, däitscher oder portugisescher Sprooch alphabetiséiert sinn an hir Basiskompetenze wëllen erweideren:
- liesen
- schreiwen
- rechnen
- an enger Welt navigéieren, déi ëmmer méi digitaliséiert ass
De Léier-Rhythmus ass un déi sozio-professionell Situatioun ugepasst. E kann tëschent 2 a 6 Stonnen d’Woch variéieren.
D’Basiskompetenze stellen e stabilt Fundament fir spéider, méi autonom a méi fortgeschratten Apprentissagen duer.
Et gëtt och Associatiounen oder Gemengen, déi Coursen ubidden.
Aschreiwunge sinn ouni Rendez-vous méiglech an der Maison de l’orientation:
Service de la formation des adultes
Cellule d'orientation
Maison de l’orientation
29, rue Aldringen
L-1118 Luxembourg
Ëffnungszäiten: méindes bis freides vun 10 bis 12 Auer a vun 13 bis 17 Auer