Schrëtt fir Schrëtt zur Educatioun an Ausbildung fir Erwuessener

1. E Bilan vun den Ausbildungen opstellen

Ier Der eng Beruffsausbildung fir Erwuessener ugitt, maacht e Bilan vun de Schoulen an Ausbildungen, déi Dir ofgeschloss hutt. Denkt drun, Diplomer aus dem Ausland unerkennen an Är Kompetenze validéieren ze loossen.

Unerkennung vun auslännesche Studien, Certificaten an Diplomer:
Fir e Studienniveau an e Secondaires-Ofschlossdiplom, en Diplom vun enger Beruffsausbildung oder en auslänneschen Héichschouldiplom formell unerkannt ze kréien, musst Dir eng Demande op Unerkennung stellen resp. den Héichschouldiplom an den Titelregister androe loossen.

Unerkennung vun net formellem Léieren (VAE):
D’VAE (validation des acquis de l’expérience) ass en Dispositif, deen eng Villfalt u Kompetenzen, déi een sech am Laf vu sengem Liewen an deene verschiddenste Kontexter – wéi der Educatioun, der Aarbecht an der Fräizäit – erschafft an ugëeegent huet, evaluéiert an unerkennt.

2. Seng Besoinen definéieren

Fir déi richteg Ausbildung ze fannen, ass et wichteg, seng perséinlech a berufflech Besoinen ze präziséieren. D’Berodungsplazen ënnerstëtzen Iech dobäi.

Äre Projet fir d’Erwuessenebildung:
De Service vun der Erwuessenebildung (Service de la formation des adultes), deen enk mat der Maison de l’orientation zesummeschafft, empfängt Iech a senge Raimlechkeeten um Kierchbierg, fir Iech bei der Definitioun an Ëmsetzung vun Ärem Projet an der Erwuessenebildung ze ënnerstëtzen.

Maison de l’orientation:
D’Maison de l’orientation fungéiert als zentral Berodungsplaz fir déi Bierger, déi Informatiounen a Rotschléi brauchen am Hibléck op hir schoulesch a berufflech Orientéierung.

3. D’Offer vun de Coursë consultéieren

Zu Lëtzebuerg gëtt eng breet Gamm u Coursë fir Erwuessener ugebueden. De Katalog, deen all Joer erauskënnt, soll Iech eng global Iwwersiicht vun deene verschiddenen ëffentlechen an op nationalem, regionalem a lokalem Plang subventionnéierte Bildungsoffere ginn.

De Katalog kritt ee beim Service de la formation des adultes (15, rue Léon Hengen, L–1745 Luxembourg-Kirchberg), de Lycéeën, de Gemengen oder den Ubidder vun de Formatiounen. E ka per E-Mail beim sfa@men.lu oder der Gratisnummer 8002 4488 bestallt ginn. En ass och online disponibel.

D’Formatiounen aus dem Katalog sinn all detailléiert um Site www.lifelong-learning.lu beschriwwen.

4. Eng Formatioun maachen

Et sinn e puer Moossname virgesinn, fir et de Leit méi einfach ze maachen, un enger Formatioun deelzehuelen:

Individuelle Congé fir eng Formatioun (congé individuel de formation):
Salariéen, Selbstänneger a Fräiberuffler kënnen den individuelle Congé fir eng Formatioun ufroen, d. h. e spezielle bezuelte Congé bis zu maximal 80 Deeg wärend enger berufflecher Carrière.

Congé fir Sproochenunterrecht (congé linguistique):
Salariéen, Selbstänneger a Fräiberuffler kënnen e Congé fir Sproochenunterrecht ufroen (congé linguistique), d. h. e spezielle bezuelte Congé bis zu maximal 200 Stonnen am Laf vun enger berufflecher Carrière, fir Lëtzebuergesch ze léieren oder sech am Lëtzebuergeschen ze perfektionéieren.

D’Aschreiwung fir d’Coursë vum zweete Bildungswee a fir d’Grondbildung ass gratis.

De reduzéierten Aschreiwungstarif fir allgemeng Coursen an der Erwuessenebildung

Bei den allgemenge Coursen, déi am Katalog opgefouert sinn, stinn och d’Aschreiwungstariffer. Déi heite Persoune kënnen e reduzéierten Tarif vun 10 Euro pro Cours, onofhängeg vun der Zuel vun de Stonnen, deen dëse Cours dauert, kréien:

  • Leit, déi eng Aarbecht sichen a bei der ADEM (Agence nationale pour le développement de l’emploi) ageschriwwe sinn a vun der Adem e Cours zougewise kruten;
  • Leit, déi dat garantéiert Mindestakommes kréien a vum Service national d’action sociale (SNAS) e Cours zougewise kruten;
  • Persounen, déi vum ONA (Office national de l’accueil) als bedürfteg agestuuft goufen;
  • Persounen, déi den Opnam- an Integratiounskontrakt (CAI) ënnerschriwwen hunn, fir d’Sproochecoursen am Lëtzebuergeschen, Franséischen oder Däitschen.
  • Persounen, déi vun de kommunalen a regionale Sozialbüroen als bedürfteg unerkannt goufen.

En Attest a Form vun engem Bong gëtt vun der ADEM, dem SNAS, dem ONA an de regionalen a kommunale Sozialbüroen ausgestallt.

5. Motivéiert si fir ze léieren

D’Coursen an der Erwuessenebildung si fakultativ, et hëlt ee fräiwëlleg dorun deel. Duerfir ass et wichteg, datt Dir:

  • regelméisseg un de Coursen deelhuelt;
  • d’Online-Ressourcë benotzt, déi Iech beim Léieren ënnerstëtzen;
  • d’Enseignanten an déi aner Leit am Cours respektéiert.

Aktualiséiert