Nationale Sproocheninstitut Lëtzebuerg (INLL)

De Nationale Sproocheninstitut (Institut national des langues Luxembourg, INLL) ass:

  • en Zentrum, wou Erwuessener kënne Sprooche léieren;
  • en Zentrum, wou Sproochekompetenzen zertifizéiert ginn.

Den INLL bitt fir Erwuessener dës Sproochecoursen un: Chineesesch, Däitsch, Englesch, Franséisch, Italieenesch, Lëtzebuergesch, Portugisesch, Spuenesch.

Fir Formateuren an der Lëtzebuerger Sprooch bitt den INLL och d’Formatioun Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur (ZLSK) un.

Den INLL ass eng ëffentlech Institutioun, déi dem Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend ënnersteet.

Tester an Examen am Lëtzebuergeschen

Den INLL ass den nationalen Zenter fir d’Zertifizéierung vun de geregelten Diplomer a Certificate vun der Lëtzebuerger Sprooch.

Den INLL zertifizéiert den Diplom „Lëtzebuergesch als Friemsprooch“ (LaF), deen d’Kompetenzen am Lëtzebuergeschen als Friemsprooch fir déi verschidden Niveaue vum europäesche Referenzkader fir d’Sproochen attestéiert.

Den INLL organiséiert de Sproochentest Lëtzebuergesch, deen déi mëndlech Kompetenzen am Lëtzebuergeschen evaluéiert am Hibléck op eng Naturaliséierung. Den Niveau vun de Kompetenzen, dee muss erreecht ginn, ass de B1 fir d’Héierverständnes an den A2 fir de mëndlechen Ausdrock.

International Tester an Examen

Den INLL ass den Zentrum fir d’Zertifizéierung vun den internationalen Tester an Examen a Friemsproochen. En organiséiert an Zesummenaarbecht mat sengen auslännesche Partner d’Exame fir en internationalen Diplom oder Certificat an de Sproochen Däitsch, Englesch, Franséisch, Italieenesch, Portugisesch a Spuenesch.

 

Aktualiséiert