International Zesummenaarbecht

Déi international Zesummenaarbecht ass vu grousser Bedeitung, fir eng optimal Entwécklung vun den nationale Programmer fir d'Erwuessenebildung an -ausbildung ze garantéieren.

De Service de la formation des adultes gëtt an d'Aarbecht vun der Europäescher Kommissioun an der UNESCO abezunn, wat de politesche Fortschrëtt vun der Erwuessenebildung an Europa a weltwäit ugeet. En ass mat internationalen Netzwierker verbonnen, déi wëssenschaftlech Fuerschung an den Austausch vu bewäerte Verfaren an den ënnerschiddleche Beräicher vun der Erwuessenebildung an -ausbildung fërderen.

 

Hei fannt Dir weider Informatiounen:

Aktualiséiert