Besser liesen, schreiwen a rechne léieren

Dir sidd erwuessen? Dir wëllt dës Saachen am Alldag besser kënnen?

  • Liesen
  • Schreiwen
  • Rechnen
  • d’Basisfunktioune vun Handy oder Computer benotzen

Da rufft eis op dëser Nummer un:

  80 02 99 99

Hei kritt Dir direkt eng Berodung.

D’Persoun um Telefon kuckt mat Iech zesumme, wéi si am beschte kann hëllefen.

 

Wat fir Coursë sinn dat?

D’Coursë si gratis – et kascht näischt – Dir braucht näischt ze bezuelen.

Dir braucht keng Bicher fir dës Coursen.

D’Coursë gëtt et a véier Sproochen:

  • Lëtzebuergesch
  • Däitsch
  • Franséisch
  • Portugisesch

Wou sinn dës Coursen?

Hei ginn d'Coursen ugebueden:

  • Belval
  • Ettelbréck
  • Iechternach
  • Kierchbierg
  • Miersch
  • Woltz
  • Waarken

Wéi lafen dës Coursen of?

Den Enseignant kuckt mat Iech, wou Dir Schwieregkeeten hutt.

Beim Liesen, beim Schreiwen, beim Rechnen, mam Handy oder Computer.

Ganz individuell gëtt gekuckt, wat gebraucht gëtt, an et ginn zesumme Léierziler festgesat.

D’Coursë ginn am Dag oder owes ugebueden.

Reegelméisseg fänken nei Coursen un.

Dir léiert zesummen, an engem klenge Grupp.

Dir léiert all Woch zwou bis sechs Stonnen.

Hutt Dir nach weider Froen?

Da rufft eis op dëser Nummer un:

  80 02 99 99

 

 

Nach e puer Informatiounen:

  • Dës Coursë sinn eng Offer vum Service de la formation des adultes vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend.
  • Dës Coursë si gratis.
  • D’Coursen adresséiere sech speziell un Erwuessener.
  • D’Coursë solle Leit hëllefen, déi am Alldag Schwieregkeeten hunn – Schwieregkeete mam Liese, Schreiwe, Rechnen – oder déi just ganz wéineg iwwer Computer an Handy wëssen.

Äre Kontakt fir Informatiounen an/oder Aschreiwung an e Cours:

Service de la formation des adultes
15, rue Léon Hengen
L-1745 Luxembourg

Google Maps

Tel.: (+352) 80 02 99 99 (anonym a gratis)

 

Aktualiséiert