Glossaire

Ee vun de grousse Prinzippie vum Lëtzebuerger Bildungssystem besteet doranner, d’Schoul fir all Schüler, och fir déijéineg mat spezifesche Besoinen, zougänglech ze maachen. Zil ass et, d’Diversitéit vu jiddwerengem ze berücksichtegen an d’Schoul un déi spezifesch Besoine vun all Schüler unzepassen.

Hei fannt Dir Erklärungen zu de wichtegste Begrëffer am Zesummenhang mat der inklusiver Educatioun zu Lëtzebuerg.

Assistente fir Schüler mat spezifesche Besoinen (A-EBS)

D’Assistente fir Schüler mat spezifesche Besoinen (assistants pour élèves à besoins éducatifs spécifiques, A-EBS) ënnerstëtzen d’I-EBSe bei hire Missiounen. Si kënnen de betraffene Schüler bei alldeegleche Gesten hëllefen an esou dozou bäidroen, datt d’Schüler op alle méigleche Plazen u schouleschen Aktivitéiten deelhuele kënnen.

Ekippe fir d’Ënnerstëtzung vu Kanner mat spezifesche Besoinen (ESEB)

D’Ekippe fir d’Ënnerstëtzung vu Kanner mat spezifesche Besoinen (équipe de soutien des élèves à besoins éducatifs spécifiques, ESEB) intervenéieren entweeder um Niveau vun de Regionaldirektioune vun der Grondschoul oder um Niveau vun de Lycéeën. Si beroden d’Enseignantë bei der direkter Betreiung vu Schüler mat spezifesche Besoinen a kënnen och fir ambulant Betreiungen ewéi Ënnerstëtzungsmesüren an der Klass suergen. Si kënnen eng éischt Diagnos maachen, zesumme mat de betraffenen Enseignanten, an d’Betreiung vun de Schüler sécherstellen, wann d’Inklusiounskommissioun (CI) oder déi zoustänneg schoulesch Inklusiounskommissioun (CIS) Moossnamen decidéiert huet.

Fachbetreiung

Ënner Fachbetreiung (prise en charge spécialisée) versteet een all d’Interventioune vun engem Kompetenzzentrum fir e Schüler mat spezifesche Besoinen. Eng Fachbetreiung kann op verschidde Niveaue stattfannen:

  • ausschliisslech an enger Schoul, engem Lycée oder an engem Kompetenzzentrum, oder
  • gläichzäiteg a complementaire an enger Schoul, engem Lycée an an engem Kompetenzzentrum.

Dës kann am Kader vun enger spezialiséierter ambulanter Betreiung (ISA), enger spezialiséierter Klass an engem Zentrum oder vun engem Léieratelier stattfannen.

Fachdiagnos

D’Fachdiagnos (diagnostic spécialisé) erméiglecht eng präzis Identifizéierung vum Schüler senge spezifesche Besoinen an d’Ausschaffe vun den entspriechenden adaptéierte Moossnamen. D’Fachdiagnose gi vun de psychopedagogesche Kompetenzzenteren duerchgefouert.

Individualiséierte Betreiungsplang (an der Grondschoul)

D’Inklusiounskommissiounen (CI), déi de Grondschouldirektiounen zougewise sinn, kënnen een individualiséierte Betreiungsplang an der Grondschoul (plan de prise en charge individualisé) fir all Schüler mat spezifesche Besoinen ausschaffen. Esou e Plang kann divers Ënnerstëtzungsmoossname virgesinn; ë. a. d’Upassung vum Unterrecht, eng Ënnerstëtzung am Unterrecht vun externem Fachpersonal oder en zäitweilege Besuch vum Schüler vun enger anerer wéi senger normaler Klass. D’Eltere mussen deem Plang zoustëmmen.

Individualiséierte Bildungsplang (am Lycée)

D'schoulesch Inklusiounskommissioun (CIS) vun engem Lycée kann een individualiséierte Bildungsplang (plan de formation individualisé, PFI) proposéieren. Si identifizéiert esou d'Fächer an d'Kompetenzen, déi de Fäegkeete vum Schüler mat spezifesche Besoinen entspriechen, an adaptéiert de Schoulrhythmus deementspriechend. D'Elteren oder de groussjärege Schüler mussen dem proposéierte PFI zoustëmmen.

Individualiséierte Fërderplang (an de Kompetenzzentren)

D’Fachpersonal vun de Kompetenzzentere schafft fir all Schüler mat spezifesche Besoinen, dee betreit gëtt, een individualiséierte Fërderplang (plan éducatif individualisé, PEI) aus. Dës Pläng orientéieren sech un de reguläre Schoulprogrammer vun der Grondschoul an dem Lycée. Se sinn un de besonnesche Fërderbedarf vun all betreitem Schüler ugepasst.

Inklusiounskommissiounen (CI)

D’Inklusiounskommissiounen (commissions d’inclusion, CI) intervenéieren am Kader vun de 15 regionale Grondschouldirektiounen. Si definéieren d'Betreiungsmodalitéite vun de Schüler mat spezifeschem Fërderbedarf an de Grondschoulen. D’Inklusiounskommissiounen intervenéieren normalerweis op Ufro vun den Elteren oder dem Enseignant vun der Klass, ënner der Bedingung, datt d’Elteren domat averstane sinn. Wann néideg beoptraagt d’Inklusiounskommissioun déi regional Ekipp fir d’Ënnerstëtzung vu Schüler mat spezifesche Besoinen (ESEB), fir eng Diagnos ze maachen. Mam Averständnes vun den Eltere kann d'Inklusiounskommissioun dann decidéieren, dem Schüler säin Dossier un déi national Inklusiounskommissioun (CNI) weiderzereechen, fir eng Diagnos ze maachen an eng Fachbetreiung anzeleeden.

Kommissioun fir räsonabel Amenagementer (CAR)

D’Kommissioun fir räsonabel Amenagementer (commission des aménagements raisonnables, CAR) decidéiert, wéi eng räsonabel Amenagementer engem Schüler an engem Lycée accordéiert ginn. De Schüler muss seng Ufro beim Direkter vum Lycée areechen. Wann néideg leet den Direkter dës un d'Kommissioun weider. Jee nodeem, wat d'Kommissioun decidéiert, muss den Direkter dës Decisioun ëmsetzen.

Kompetenzzentren

D’psychopedagogesch Kompetenzzenteren (centres de compétences en psychopédagogie spécialisée) si Strukturen, déi de Schüler mat spezifesche Besoinen eng spezialiséiert Ënnerstëtzung bidden am Kader vun der schoulescher Offer an de Schoulen an an de Lycéeën. Dës Zentere bidden ënner anerem:

  • eng Fachdiagnos;
  • eng Berodung fir d'Léierpersonal oder dem Schüler säin Ëmfeld (Famill, Klass, asw.);
  • eng spezialiséiert ambulant Betreiung am Unterrecht vun enger regulärer Klass;
  • eng spezialiséiert Betreiung an enger spezialiséierter Klass vun engem Kompetenzzentrum.

Zu Lëtzebuerg ginn et aacht Kompetenzzenteren an eng Agence:

Annuaire: Centres de compétences en psychopédagogie spécialisée et associations partenaires

Léieratelieren

Léieratelieren (ateliers d’apprentissage) si spezifesch Atelieren, déi den Enseignement am reguläre Schoulsystem ergänzen. Se ginn entweeder an enger vun den dezentraliséierten Annexe vun engem Kompetenzzentrum oder an enger Schoul oder engem Lycée oder op enger anerer adaptéierter Plaz organiséiert. Duerch dës Ateliere regruppéieren d'Kompetenzzentere Schüler, déi änlech Besoinen hunn. Si bidde geziilt Aktivitéiten un, déi d'Verstäerkung vu spezifesche Kompetenzen, z. B. wat d'Siicht, d'Sprooch, d'Gehéier oder méi en héije Potenzial ugeet, erméiglechen.

National Inklusiounskommissioun

D’national Inklusiounskommissioun (Commission nationale d’inclusion, CNI) intervenéiert um nationalen Niveau. Hir Aufgab ass et, d'Ufroen am Hibléck op eng Diagnos oder eng Fachbetreiung vun engem Schüler mat spezifesche Besoinen ze traitéieren. Déi national Inklusiounskommissioun intervenéiert normalerweis op Ufro vun den Elteren oder dem groussjärege Schüler, vun engem unerkannte psychosoziale Service oder vum Hausdokter vum Schüler, oder op Basis vun engem Dossier, dee vun enger Inklusiounskommissioun (CI) oder schoulescher Inklusiounskommissioun (CIS) agereecht gouf, ënner der Bedingung, datt d’Elteren oder de groussjärege Schüler domat averstane sinn.

Dacks beoptraagt d’CNI dann een oder méi Kompetenzzenteren, fir eng Fachdiagnos ze maachen. Déi national Inklusiounskommissioun suivéiert och d'Ëmsetzung vun de proposéierte Moossnamen, deenen d'Elteren oder de groussjärege Schüler zougestëmmt hunn.

Räsonabel Amenagementer

Räsonabel Amenagementer (aménagements raisonnables) si besonnesch Moossnamen, déi dem Schüler geneemegt ginn. Se erméiglechen d'Upassung vun de Léier- an Evaluatiounsmodalitéiten un déi spezifesch Besoine vum Schüler. Doduerch kann de Schüler sech d'Matière méi einfach uneegenen a besser Resultater an de Prüfunge kréien. Dorënner versteet een z. B. d’Ariichtung vum Klassesall, eng méi adaptéiert Presentatioun vun de Questionnairen, méi Zäit bei de Prüfungen oder den Asaz vun technologeschen Hëllefsmëttel, fir d’Schwächten ze kompenséieren.

Schoulesch Inklusioun

D’Inklusioun vu Kanner a Jugendleche mat spezifesche Besoinen an de reguläre Schoulsystem ass eng Prioritéit fir d'Lëtzebuerger Regierung. Dës kann a verschidde Beräicher stattfannen, ë. a.:

  • Enseignement a Weiderbildung (Grondschoul, Lycée, Beruffsausbildung, Universitéit, Museksunterrecht, Erwuessenebildung);
  • Bildungs- a Betreiungsstrukturen (Crèchen oder Maison-relaisen);
  • Jugendaktivitéiten (Jugendhaiser, Vakanz- a Fräizäitaktivitéiten).

Déi ënnerschiddlech proposéiert Ënnerstëtzungsmoossname fir Schüler mat spezifesche Besoine sollen an éischter Linn de Schüler erméiglechen, um regulären Unterrecht an hirer Grondschoul- oder Lycéesklass deelzehuelen. Wann e Schüler mat spezifesche Besoinen eng Klass vun engem Kompetenzzentrum oder vun enger Bildungsariichtung am Ausland besicht, bleift en a senger regulärer Klass a senger Schoul ageschriwwen.

Schüler mat spezifesche Besoinen (EBS)

E Schüler mat spezifesche Besoinen (élève à besoins éducatifs spécifiques, EBS) huet méi Schwieregkeeten, fir eppes ze léieren, wéi déi meescht Kanner am selwechten Alter oder huet einfach besonnesch Schwächten oder Schwieregkeeten. Seng Betreiung kann net mat deene Mëttelen, déi dem Enseignant normalerweis zur Verfügung stinn, assuréiert ginn. Hie kann Ënnerstëtzungsmoossnamen oder eng Fachbetreiung geneemegt kréien, am Zesummenhang mat sengen individuelle Besoinen. Dem Schüler seng spezifesch Besoine kënnen ze dinn hu mat der Motorik, mat visuellen oder sproochleche Problemer oder Problemer mam Gehéier, der kognitiver Entwécklung oder dem Verhalen.

Spezialiséiert ambulant Betreiung (ISA)

Déi spezialiséiert ambulant Betreiung (interventions spécialisées ambulatoires, ISA) gëtt vun de Kompetenzzenteren assuréiert an ass fir Schüler mat besonneschem Fërderbedarf geduecht. Dës fënnt an enger regulärer Grondschoul- oder Lycéesklass statt, zousätzlech zu den an de Schoulen oder Lycéeën ëmgesate Moossnamen. D’Fachpersonal vun de Kompetenzzentere schafft an enker Zesummenaarbecht mam Léierpersonal aus de Schoulen an de Lycéeën.

Spezialiséiert Enseignantë fir Schüler mat spezifesche Besoinen (I-EBS)

D’spezialiséiert Enseignantë fir Schüler mat spezifesche Besoinen (instituteurs spécialisés dans la prise en charge des élèves à besoins spécifiques, I-EBS) ginn direkt de Grondschoulen zougewisen. Si si soumat déi éischt Uspriechpartner tëschent Schüler mat spezifesche Besoinen, hiren Elteren, den Enseignantë vun der Klass an de pedagogeschen Ekippen. Si ënnerstëtzen d’Schüler direkt am Unterrecht a schaffen enk mat de Membere vun den Ekippe fir d’Ënnerstëtzung vu Schüler mat spezifesche Besoinen an den Inklusiounskommissiounen (CI) zesummen.

Spezialiséiert Klass

Fir eng spezialiséiert Betreiung an enger Klass vun engem Kompetenzzentrum besicht de Schüler mat spezifesche Besoine eng spezialiséiert Klass an engem Kompetenzzentrum oder gläichzäiteg a complementaire dozou den Unterrecht an enger regulärer Grondschoul- oder Lycéesklass an an engem Kompetenzzentrum.

Aktualiséiert