Spezialiséiert psychopedagogesch Kompetenzzentren

D’spezialiséiert psychopedagogesch Kompetenzzentre riichte sech u Schüler mat spezifesche Besoinen an hir Elteren, déi zousätzlech zu de Prestatiounen, déi an der Grondschoul oder am Secondaire ugebuede ginn, op spezialiséiert Prestatiounen zeréckgräife wëllen.

A wéi enge Beräicher intervenéieren d’Kompetenzzentren?

Zu Lëtzebuerg ginn et aacht Kompetenzzentren an eng Agence, déi op d’spezifesch Besoinen, déi Schüler opweise kënnen, spezialiséiert sinn. Si intervenéieren a ganz präzise Beräicher:

Wéi eng Moossname ginn et?

An de spezialiséierte psychopedagogesche Kompetenzzentre gi verschidden Ënnerstëtzungsmoossnamen ugebueden, fir dem Schüler seng Besoinen ze erfëllen:

  • Fachdiagnos: D’Kompetenzzentre maachen eng Fachdiagnos, fir dem Schüler seng spezifesch Besoine genee ze identifizéieren an d’Ëmsetzung vun den adaptéierte Moossnamen ze erméiglechen.
  • Berodung: D’Schüler an hir Elteren, d’Personal vun de Schoulen an de Lycéeë genee ewéi déi agreéiert Servicer an Ariichtunge kënne vu Berodungs- an Orientatiounsmoossname profitéieren, déi vun de speziell dofir ausgebilte Mataarbechter vun de Kompetenzzentren assuréiert ginn.
  • Spezifesch Léieratelieren: D’Kompetenzzentre kënne Léieratelieren ubidden, déi speziell op d’Besoine vun de Schüler ofgestëmmt sinn. Dës Atelieren ergänzen de reguläre Schoulunterrecht a ginn entweeder an enger vun den dezentraliséierten Annexe vun engem Kompetenzzentrum, an enger Schoul, engem Lycée oder op enger anerer adaptéierter Plaz organiséiert.
  • Reeducatioun an Therapie: D’Kompetenzzentre bidde Reeducatiouns- an Therapiesessiounen un, déi op d’Besoine vun de Schüler ofgestëmmt sinn.
  • Spezialiséiert ambulant Interventioun (ISA): Zousätzlech zu den Ënnerstëtzungsmoossnamen, déi an de Grondschoulen a Lycéeën ëmgesat ginn, betreit d’Fachpersonal vun de Kompetenzzentren d’Schüler mat spezifesche Besoinen an der Klass, dëst an enker Zesummenaarbecht mam Personal aus de Grondschoulen a Lycéeën.
  • Spezialiséiert Scolariséierung: D’Schüler mat spezifesche Besoine kënnen entweeder a Vollzäit an eng Klass an engem Kompetenzzentrum goen oder ofwiesselen tëschent dem Unterrecht an der regulärer Grondschoul- oder Lycéesklass an deem am Kompetenzzentrum. D’Klasse kënnen entweeder an enger vun den dezentraliséierten Annexe vun engem Kompetenzzentrum oder an enger Schoul oder engem Lycée a Form vu sougenannte Kohabitatiounsklassen organiséiert ginn.

U wie kann ee sech wenden?

Fir d’Grondschoule kënnt Dir Iech un d’Ekippe fir d’Ënnerstëtzung vu Schüler mat spezifesche Besoinen (ESEB) oder un d’Inklusiounskommissiounen (CI), déi un déi regional Grondschouldirektiounen attachéiert sinn, wenden.

Fir de Secondaire kënnt Dir Iech un d’Ekippe fir d’Ënnerstëtzung vu Schüler mat spezifesche Besoinen (ESEB) oder un d’Inklusiounskommissiounen (CI) vum Lycée wenden.

Groussjäreg Schüler an d’Eltere kënne sech och direkt un d’Kompetenzzentre wenden, fir ausféierlech beroden ze ginn oder, wann déi betraffe Parteien dat als sënnvoll betruechten an alleguer averstane sinn, fir eng Fachdiagnos erstallt ze kréien.

 

Aktualiséiert