Schoulesch Inklusioun

Mat der Ëmsetzung vum Ënnerstëtzungssystem fir Schüler mat spezifesche Besoinen setzt Lëtzebuerg sech staark fir d’schoulesch Inklusioun an. Zil ass et, de Schüler den Unterrecht an hirer regulärer Schoulklass weider ze erméiglechen, wann dës Inclusioun méiglech a vum Schüler an den Elteren gewënscht ass.

Di néideg Investitiounen a Personal a Strukture hunn et méiglech gemaach, d’ambulant Betreiung vu Schüler mat spezifesche Besoinen am regulären Unterrecht ze verstäerken. Manner wéi 1 % vun de Schüler zu Lëtzebuerg besichen e spezialiséiert Schoulinstitut, wat den héijen Inklusiounsniveau ënnersträicht.

Schüler mat spezifesche Besoinen

Schüler mat spezifesche Besoine si Kanner oder Jugendlecher, déi no internationale Klassifikatioune Defiziter oder Schwieregkeeten hunn oder däitlech méi Léierprobleemer hunn wéi d'Majoritéit vun de Kanner oder Jugendlechen am selwechten Alter.

Déi spezifesch pedagogesch Besoine vun engem Schüler kënne besonnesch di motoresch, visuell, sproochlech, auditiv, intellektuell oder sozio-emotional Beräicher betreffen oder duerch eng Opmierksamkeets-, Léier- oder Autismus-Spektrum-Stéierung bedéngt sinn. Als Schüler mat spezifesche pedagogesche Besoine ginn och Schüler mat enger Héichbegabung ugesinn, déi eng spezialiséiert Betreiung brauchen, fir hir Fähegkeeten oder hiert Potenzial maximal auszenotzen.

Den Ënnerstëtzungssystem fir Schüler mat spezifesche Besoinen

D’Enseignantë fir Schüler mat spezifesche Besoinen (instituteurs spécialisés dans la scolarisation des élèves à besoins spécifiques, I-EBS) sinn an de Grondschoulen täteg.

Assistente fir Schüler mat spezifesche Besoinen (assistants pour élèves à besoins éducatifs spécifiques, A-EBS) ënnerstëtzten d‘I-EBS an Zukunft bei hirer Aarbecht an de Grondschoulen.

D’Ekippe fir d’Ënnerstëtzung vu Schüler mat spezifesche Besoinen (équipe de soutien des élèves à besoins spécifiques, ESEB) schaffe mat Schüler ënnerhalb vun de regionale Grondschouldirektiounen an an de Lycéeën.

Inklusiounskommissiounen (commissions d’inclusion, CI) sinn an all Lycée an an all regionaler Grondschouldirektioun aktiv. Si informéieren d'Schüler an d'Elteren iwwer déi verschidden Ënnerstëtzungs­moossnamen an definéieren déi Moossname, déi fir de jeeweilege Schüler am beschte gëeegent sinn.

Aacht spezialiséiert psychopedagogesch Kompetenzzentre (centres de compétences en psychopédagogie spécialisée) an eng Agence bidden nieft de Moossnamen an de Grondschoulen a Lycéeën zousätzlech Servicer un.

Di national Inklusiounskommissioun (Commission nationale d’inclusion, CNI) ka kontaktéiert ginn fir eng spezialiséiert Diagnos oder Behandlung.

D’Commission des aménagements raisonnables (CAR) definéiert déi räsonabel Amenagementer, déi am Secondaire ugebuede ginn.

Kontinuéierlech Verbesserung vum Ënnerstëtzungssystem

Fir Lëtzebuerg ass d’schoulesch Inklusioun eng Prioritéit. D'Ënnerstëtzung fir Schüler mat spezielle Besoinen war 2022 d'Thema vun enger Evaluatioun, fir d‘inklusiv Educatioun zu Lëtzebuerg weider ze entwéckelen.

Den Evaluatiounsbericht huet sechs Beräicher zur Verbesserung identifizéiert, déi besonnesch Opmierksamkeet erfuerderen am Kontext vun der kontinuéierlecher Verbesserung vum System a senge Komponenten.

Fir d’Promotioun vun der inklusiver Educatioun an d’Qualitéitsentwécklung vum Ënnerstëtzungssystem vu Schüler mat spezifesche Besoinen ze assuréieren, gouf de 16. Juli 2023 eng nei Administratioun mam Numm Service national de l’éducation inclusive (SNEI) gegrënnt. De SNEI ersetzt de fréiere Service de la scolarisation des élèves à besoins spécifiques (S-EBS).

 

Aktualiséiert