Grondschouldirektiounen

D’Inspektioun vun de Grondschoule läit an den Hänn vu 15 Grondschouldirektiounen, déi allkéiers vun engem Direkter an zwee bis véier stellvertriedenden Direktere geféiert ginn. Zu hiren Aufgabe gehéiert déi administrativ a pedagogesch Gestioun vun de Schoulen, ma och d’Koordinatioun vun der Betreiung vu Schüler mat besonneschem Fërderbedarf.

D’Grondschouldirektioune sinn iwwer d’ganzt Land verdeelt, no engem Schlëssel, deen d’Zuel vun de Schüler, den Enseignanten, de Schoulen, de Gemengen, d’Distanz tëschent de Schoulen, asw. berücksichtegt.

Als regional Akteure kënnen d’Direktiounen d’Ressourcen an d’Personal méi adäquat no de jeeweilege Besoine vun de Schoulen an der lokaler Bevëlkerung verdeelen. Déi regional Struktur erméiglecht och e besseren Erfarungs- an Informatiounsaustausch tëschent de Schoulen, wat der schoulescher Qualitéit zegutt kënnt.

An all Direktioun ass ee vun de stellvertriedenden Direkteren zoustänneg fir d’Betreiung vun de Schüler mat besonneschem Fërderbedarf. Him ënnersteet d‘Kommissioun fir Inklusioun. D’Fachpersonal fir d’Ënnerstëtzung vun de Schüler mat besonneschem Fërderbedarf oder spezifesche Besoinen (ESEB) ass den Direktiounen ugeschloss.

Eng Mediatiounsunitéit, déi vun engem Member vum Léierpersonal oder engem Erzéier bei Konfliktsituatioune mam zoustännegen Direkter kann dozougeholl ginn, gëtt geschaf.

D'Aufgabe vun de Grondschouldirektiounen

D’Grondschouldirektioune këmmere sech ëm:

  • déi administrativ a pedagogesch Gestioun vun de Schoulen an hirer Regioun,
  • d’Berodung an d’Begleedung vum Fachpersonal,
  • déi berufflech Integratioun vun de jonke Léierkräften an Erzéier,
  • d’Relatiounen tëscht de Léierkräfte bannent de Schoulen an d’Relatiounen tëscht Schoul a Schüler resp. Schoul an Elteren.

No Récksprooch mat de Presidente vum jeeweilege Schoulcomité kënnen d’Grondschouldirektiounen:

  • schoulesch Integratiounsmoossnamen organiséieren,
  • d’Ëmsetzung vum jeeweilege Schoulentwécklungsplang iwwerwaachen,
  • d’Prioritéite festleeën a puncto berufflech Weiderbildung vun den Akteuren, virun allem am Hibléck op eng effektiv a vertrauensbaséiert Zesummenaarbecht tëscht de Schoulen an den nonformelle Betreiungsstrukturen.

 

Aktualiséiert