Service national de l’éducation inclusive (SNEI)

De Service national de l’éducation inclusive (SNEI) huet d’Missioun, déi inklusiv Educatioun ze promouvéieren an d’Qualitéit vum Ënnerstëtzungssystem vu Schüler mat spezifesche Besoine sécherzestellen. Hien ersetzt de fréiere Service de la scolarisation des élèves à besoins spécifiques (S-EBS).

Haaptmissioune vum SNEI

Promotioun vun der inklusiver Educatioun

De SNEI soll fir d’Thematik vun der inklusiver Educatioun sensibiliséieren, iwwer den Ënnerstëtzungssystem vu Schüler mat spezifesche Besoinen informéiere souwéi Aktivitéiten, Projeten an Evenementer am Zesummenhang mat der inklusiver Bildung an dem Ënnerstëtzungssystem vu Schüler mat spezifesche Besoine koordinéieren an organiséieren.

Qualitéitsentwécklung vum Ënnerstëtzungssystem

De SNEI huet d’Aufgab, d’Qualitéitsentwécklung vum Ënnerstëtzungssystem vu Schüler mat spezifesche Besoine sécherzestellen. Dowéinst vernetzt hien d’Acteure vum Ënnerstëtzungssystem, organiséiert an ënnerstëtzt Projeten, déi an Zesummenaarbecht tëscht den eenzelenen Acteuren entstinn, an hëlleft de verschiddenen Acteuren vum Ënnerstëtzungssystem bei der Organisatioun vun Aktivitéiten, Projeten an Evenementer am Zesummenhang mat der inklusiver Educatioun an dem Ënnerstëtzungssystem.

Nieft dem Organiséieren, Koordinéieren an dem Ëmsetze vu Forschungs- an Evaluationsprojeten engagéiert de SNEI sech an der Éischtausbildung an an der Weiderbildung an de Beräicher vun der inklusiver Educatioun an dem Ënnerstëtzungssystem vu Schüler mat spezifesche Besoinen.

Hie stellt och Statistiken zesummen, koordinéiert d’Ausschaffe vu Recommandatiounen a Leitlinnen am Beräich vun der inklusiver Educatioun an dem Ënnerstëtzungssystem vu Schüler mat spezifesche Besoinen. Ausserdeem schafft de SNEI ee Referenzkader aus fir den Ënnerstëtzungssystem vu Schüler mat spezifesche Besoinen.

Uspriechpartner fir d’Acteure vum Ënnerstëtzungssystem

De SNEI ënnerstëtzt als Uspriechpartner:

  • aacht spezialiséiert psychopedagogesch Kompetenzzentren an d’Agence pour la transition vers une vie autonome (ATVA);
  • d’Ekippe fir d’Ënnerstëtzung vu Schüler mat spezifesche Besoinen (équipes de soutien des élèves à besoins éducatifs spécifiques, ESEB);
  • déi spezialiséiert Enseignantë fir Schüler mat spezifesche Besoinen (instituteurs spécialisés dans la scolarisation des élèves à besoins éducatifs spécifiques, I-EBS);
  • d’Assistente fir Schüler mat spezifesche Besoinen (assistants pour élèves à besoins éducatifs spécifiques, A-EBS).

Aktualiséiert