Hëllefsmoossnamen an der Grondschoul

An der Grondschoul kann all Schüler vun diversen Hëllefsmoossname profitéieren, wann e spezifesch Besoinen oder zum Beispill Schwieregkeeten huet, den normale Rhythmus vum Unterrecht ze suivéieren. Dës Hëllefsmoossname ginn u seng individuell Besoinen a seng Léierschwieregkeeten ugepasst. Esou kann en dann, esou wäit ewéi méiglech, zesumme mat senge Schoulkomeroden um regulären Unterrecht deelhuelen.

Wéi eng Moossname ginn et?

Et gi verschidde Moossname fir Schüler mat spezifesche Besoinen:

  • Den Enseignant (Titulaire de classe) kann den Unterrecht an Zesummenaarbecht mat der pedagogescher Ekipp vun der Schoul upassen.
  • Et kënne räsonabel Amenagementer virgesi ginn. Dës erméiglechen d’Upassung vun de Léier- an Evaluatiounsmodalitéiten un déi spezifesch Besoine vum Schüler. Si erméiglechen dem Schüler, sech d’Matière méi einfach unzëeegnen a besser Resultater an de Prüfungen ze kréien.
  • De Schüler kann un engem Entwécklungs- a Léieratelier deelhuelen. Dobäi handelt et sech ëm geziilten Aktivitéiten, déi drop ausgeriicht sinn, Schwieregkeeten am Zesummenhang mam Léieren, Sproochstéierungen, Problemer mat der Motorik oder der sozio-emotionaler Entwécklung ze behiewen.
  • Speziellt ausgebilt Fachpersonal kann entweeder Ënnerstëtzung an der Klass oder eng spezialiséiert ambulant Interventioun an der Schoul wärend de Schoulzäiten ubidden. Dëst Personal schafft an enker Zesummenaarbecht mat den Enseignanten a mat der ganzer pedagogescher Ekipp.
  • De Schüler kann zäitweileg fir eenzel Fächer an eng aner wéi seng normal Klass gesat ginn.

Zousätzlech zu dësen Ënnerstëtzungsmoossnamen an der Schoul ginn et och nach Moossnamen op nationalem Niveau. Et gi beispillsweis spezifesch Léieratelieren, eng spezialiséiert Scolariséierung an enger Klass an engem spezialiséierte psychopedagogesche Kompetenzzentrum oder spezialiséiert Bildungsstrukturen am Ausland.

Wie kann e Schüler mat spezifesche Besoine betreien?

Déi éischt Uspriechpartner fir de Schüler a seng Eltere sinn den Titulaire vun der Klass an déi aner Membere vun der pedagogescher Ekipp (Enseignanten a sozial-pedagogescht Personal). Et ginn nach aner Persounen, déi dofir do sinn, fir no Récksprooch mam Schüler a sengen Elteren den adequate Suivi vum betraffene Schüler ëmzesetzen:

Am Sënn vun enger inklusiver Approche kënne spezialiséiert Enseignantë fir Schüler mat spezifesche Besoinen (instituteurs spécialisés dans la scolarisation des élèves à besoins éducatifs spécifiques, I-EBS) an der Schoul Kanner mat Léierschwieregkeeten oder sozio-emotionale Besoine betreien. Si kënnen deene betraffene Schüler an hirer Klass zur Säit stoen a schaffen enk mat de Membere vun der Ekipp fir d'Ënnerstëtzung vu Schüler mat spezifesche Besoinen (équipe de soutien des élèves à besoins éducatifs spécifiques, ESEB) an de spezialiséierte psychopedagogesche Kompetenzzentren zesummen. Si suergen och dofir, datt d’Eltere vun de Schüler iwwer d’Entwécklung vun de Léierfortschrëtter informéiert ginn.

D’Assistente fir Schüler mat spezifesche Besoinen (assistants pour élèves à besoins éducatifs spécifiques, A-EBS) ënnerstëtzen d’I-EBSe bei hire Missiounen. Si kënnen de betraffene Schüler bei alldeegleche Gesten hëllefen an esou dozou bäidroen, datt d’Schüler op alle méigleche Plazen u schouleschen Aktivitéiten deelhuele kënnen.

A jiddwerenger vun de 15 regionale Grondschouldirektioune gëtt et eng Ekipp fir d’Ënnerstëtzung vu Schüler mat spezifesche Besoinen (équipe de soutien des élèves à besoins éducatifs spécifiques, ESEB). D’Membere vun der ESEB ënnerstëtzen d’Schüler mam Zil, hiert Wuelbefannen, hir Autonomie, hir perséinlech Entfalung an hir Bedeelegung um schoulesche Liewen ze fërderen. Si beroden d’Elteren an d’Enseignanten a kënne selwer d’Betreiung vun de Schüler mat spezifesche Besoinen a Form vun enger Ënnerstëtzung an der Klass assuréieren. Op Ufro vun der Inklusiounskommissioun (commission d’inclusion, CI) kënne si bannent véier Wochen (wärend der Schoulzäit) eng Diagnos erstellen, déi iwwer d’Besoine vun deene betraffene Schüler an d’Moossnamen, déi ze treffe sinn, Opschloss gëtt an dobäi d’Bäiträg vun den Elteren a vun den Enseignantë mat abezitt.

D’Inklusiounskommissiounen (commissions d’inclusion, CI) hunn als Aufgab, d’Elteren iwwer déi verschidde Betreiungsmoossnamen, déi proposéiert ginn, ze informéieren an ënner Ëmstänn déi jeeweils gëeegent Moossname fir de Schüler ze bestëmmen. Dës Moossname ginn dann am Schüler sengem individualiséierte Betreiungsplang (plan de prise en charge individualisé), dee vun der CI zesumme mat den Elteren ugeholl gëtt, festgehalen. D’CI iwwerwaacht d’Ëmsetzung vum individualiséierte Betreiungsplang an evaluéiert dësen all Joer, fir d’Upassunge virzehuelen, déi fir de schoulesche Fortschrëtt vum Schüler néideg sinn.

D’CI kann och d’Elteren dobäi ënnerstëtzen, wa si sech un d’Commission nationale d’inclusion (CNI) wende wëllen. D’Eltere kënne sech awer och direkt un d’CNI wenden.

U wie kann ee sech wenden?

Fir méi spezifesch Informatiounen iwwer déi verfügbar Hëllefsmoossnamen ze kréien, kënnt Dir déi follgend Persounen oder Servicer kontaktéieren:

  • d’Titulairë vun der Klass an déi aner Enseignanten aus der Schoul;
  • de spezialiséierten Enseignant fir Schüler mat spezifesche Besoinen (I-EBS) vun der Schoul;
  • d’Ekipp fir d’Ënnerstëtzung vu Schüler mat spezifesche Besoinen (ESEB) vun der Regioun;
  • d’Inklusiounskommissioun (CI) vun der Regioun;
  • d’Grondschouldirektioun vun der Regioun.

Aktualiséiert