Hëllefsmoossnamen am Secondaire

Wann am Lycée e Schüler spezifesch Besoinen huet, kënnen him verschidden Hëllefsmoossnamen ugebuede ginn. Dës Moossname ginn u seng individuell Besoinen a seng Léierschwieregkeeten ugepasst.  Si sollen him erméiglechen, souwäit et méiglech ass, um regulären Unterrecht deelzehuelen.

Wéi eng Moossname ginn et?

Am Lycée gi verschidden Hëllefe fir Schüler mat spezifesche Besoinen ugebueden:

  • Den Appui erméiglecht dem Schüler, eleng oder a klenge Gruppe verschidde Fächer ze verdéiwen.
  • Den Unterrecht, deen de Regent an déi aner Enseignanten an der Klass ofhalen, gëtt an Zesummenaarbecht mat de Membere vun der Ekipp fir d’Ënnerstëtzung vu Schüler mat spezifesche Besoinen (équipe de soutien des élèves à besoins éducatifs spécifiques, ESEB) un d’Spezifizitéite vum Schüler ugepasst.
  • Den Inhalt vum Unterrecht gëtt ugepasst, fir dem Schüler ze erméiglechen, de Schoulrhythmus vu sengem Bildungswee ze suivéieren.
  • D’Betreiung vum Schüler duerch een oder e puer Membere vun der Ekipp fir d’Ënnerstëtzung vu Kanner mat spezifesche Besoinen (équipe de soutien des élèves à besoins éducatifs spécifiques, ESEB).
  • Duerch eng deelweis oder komplett Ëmorientéierung op aner Bildungsweeër oder spezialiséiert Klasse kënnen de Rhythmus, den Inhalt an d’Léiermodalitéiten un d’Fäegkeeten an d’Besoine vum Schüler ugepasst ginn.
  • Räsonabel Amenagementer erméiglechen d’Upassung vun de Léier- an Evaluatiounsmodalitéiten un déi spezifesch Besoine vum Schüler. Si erméiglechen dem Schüler, sech d’Matière méi einfach unzëeegnen a besser Resultater an de Prüfungen ze kréien.

Zousätzlech zu dësen Ënnerstëtzungsmoossnamen am Lycée ginn et och nach Moossnamen op nationalem Niveau. Et gi beispillsweis spezifesch Léieratelieren, eng spezialiséiert Scolariséierung an enger Klass an engem spezialiséierte psychopedagogesche Kompetenzzentrum oder spezialiséiert Bildungsstrukturen am Ausland.

Wie kann e Schüler mat spezifesche Besoine betreien?

Déi éischt Uspriechpartner vum Schüler a sengen Eltere sinn d’Enseignanten an de Regent vun der Klass. Et ginn nach aner Persounen, déi dofir do sinn, fir no Récksprooch mam Schüler a sengen Elteren den adequate Suivi vum betraffene Schüler ëmzesetzen:

An all Lycée gëtt et eng Ekipp fir d’Ënnerstëtzung vu Schüler mat spezifesche Besoinen (équipe de soutien des élèves à besoins éducatifs spécifiques, ESEB). D’Membere vun der ESEB ënnerstëtzen d’Schüler mam Zil, hiert Wuelbefannen, hir Autonomie, hir perséinlech Entfalung an hir Bedeelegung um schoulesche Liewen ze fërderen. Si beroden d’Elteren an d’Enseignanten a kënne selwer eng ambulant Betreiung vun de Schüler mat spezifesche Besoinen assuréieren. Op Ufro vun der Inklusiounskommissioun (commission d'inclusion, CI) kënne si bannent véier Wochen (wärend der Schoulzäit) eng Diagnos erstellen, déi iwwer d’Besoine vun deene betraffene Schüler an d’Moossnamen, déi ze treffe sinn, Opschloss gëtt an dobäi d’Bäiträg vun den Elteren a vun den Enseignantë mat abezitt.

D’Inklusiounskommissioun (commission d’inclusion, CI) vum Lycée huet als Aufgab, d’Elteren iwwer déi verschidde Betreiungsmoossnamen, déi proposéiert ginn, ze informéieren an ënner Ëmstänn déi jeeweils gëeegent Moossname fir de Schüler ze bestëmmen. Dës Moossname ginn dann am Schüler sengem individualiséierten Bildungsplang (plan de formation individualisé), dee vun der CI zesumme mat den Elteren ugeholl gëtt, festgehalen. D’CI iwwerwaacht d’Ëmsetzung vum individualiséierten Bildungsplang an evaluéiert dësen all Joer, fir d’Upassunge virzehuelen, déi fir de schoulesche Fortschrëtt vum Schüler néideg sinn.

Ënner der Konditioun, datt d’Elteren oder de groussjärege Schüler hiren Accord ginn hunn, kann d'Inklusiounskommissioun d’Commission des aménagements raisonnables (CAR) mat abezéien, wa si der Meenung ass, datt räsonabel Amenagementer fir de Schüler noutwendeg sinn.

D’CI kann och de Schüler oder d’Elteren dobäi ënnerstëtzen, wa si sech un d’Commission nationale d’inclusion (CNI) wende wëllen. De groussjärege Schüler oder d’Eltere kënne sech awer och direkt un d’CNI wenden.

D’Commission des aménagements raisonnables (CAR) bestëmmt, wéi eng räsonabel Amenagementer accordéiert ginn, fir d’Léierëmfeld un d’Besoine vum Schüler unzepassen.

D’Inklusiounskommissioun vum Lycée kann heifir, mam schrëftlechen Accord vun den Elteren oder dem groussjärege Schüler, unhand vun engem Dossier eng motivéiert Demande areechen. Och d’Elteren oder de groussjärege Schüler kënnen eng motivéiert Demande areechen.

U wie kann ee sech wenden?

Fir méi spezifesch Informatiounen iwwer déi verfügbar Hëllefsmoossnamen ze kréien, kënnt Dir déi follgend Persounen oder Servicer kontaktéieren:

  • de Regent an déi aner Enseignanten aus dem Lycée;
  • d’Ekipp fir d’Ënnerstëtzung vu Schüler mat spezifesche Besoinen (ESEB) vum Lycée;
  • d’Inklusiounskommissioun (CI) vum Lycée;
  • d’Direktioun vum Lycée.

 

Aktualiséiert