Melle vun engem Kand a Gefor

Déi Professionell, déi deeglech mat Kanner schaffen, kënne mam Soupçon konfrontéiert sinn, datt e Kand kéint vun engem Erwuessenen oder vun engem anere Kand mësshandelt ginn.

Mat absichtlecher oder net-absichtlecher Mësshandlung si sämtlech Situatioune gemengt, an deenen et zu kierperlecher Gewalt, sexuellem Mëssbrauch, psychologescher Gewalt oder schlëmmer Vernoléissegung kënnt, déi riskéieren, déi physesch, psychologesch oder emotional Entwécklung vum Kand ze beanträchtegen. Verschidden Zorte vu Mësshandlung kënne geriichtlech a psychosozial Reaktioune mat sech bréngen, wärend anerer ausschliisslech eng psychosozial Reaktioun als Konsequenz hunn.

Fir déi Professionell (Educateuren, Enseignanten, Assistant-sociallen, Professioneller aus dem Gesondheetsberäich, Therapeuten, Beroder asw.) iwwer déi besteeënd Prozedure fir de Schutz vun de Kanner ze informéieren, huet de Ministère d’Dokument Maltraitance de mineur: Procédures à suivre par les professionnels de l’Enfance et de la Jeunesse ausgeschafft. De Projet ass an Zesummenaarbecht mat den Haaptacteuren aus dem Beräich vun de Rechter vum Kand geleet ginn: Justizministère, Gesondheetsministère, Parquet, Police, Centre psycho-social et d’accompagnement scolaires (Cepas), Ombudskommitee fir d’Rechter vum Kand, Association luxembourgeoise de pédiatrie sociale, Service médico-scolaire de la Ville de Luxembourg, Ligue médico-sociale asw.

D’Publikatioun kann op Ufro per E-Mail (info.droitsdelenfant@men.lu) mat der Post geschéckt ginn oder online als PDF erofgeluede ginn:

 

Aktualiséiert