International an national Kommiteeën

De Service fir d’Rechter vum Kand ass zoustänneg, fir déi international Relatiounen am Kontext vun de Rechter vum Kand, d’Koordinatioun um interministeriellen Niveau an d’Obligatioune vu Lëtzebuerg betreffend de Reporting un d’Uno an un den Europarot, d’Sammele vu wëssenschaftlechem Wëssen a vu gudde Praktiken ewéi och d’Sensibiliséierung an d’Promotioun um nationalen Niveau ze assuréieren.

Fir dëst ze maachen, agéiert de Service op verschiddenen Niveauen:

Organisatioun vun de Vereenten Natiounen (Uno)

  • Koordinatioun vun de periodeschen Äntwerte vu Lëtzebuerg, wat d’Rechter vum Kand laut der internationaler Kannerrechtskonventioun ubelaangt;
  • Koordinatioun vun de periodeschen Äntwerte vu Lëtzebuerg a Verbindung mat de fakultative Protokoller vun der internationaler Kannerrechtskonventioun, déi vu Lëtzebuerg ratifizéiert goufen;
  • Vertriedung vu Lëtzebuerg un den Deeg vun der genereller Reflexioun, déi vum Kommitee fir d’Rechter vum Kand vun der Uno organiséiert ginn.

Nations Unies / Droits de l’Homme / Haut Commissariat / Page d’accueil du Luxembourg

Europäesch Unioun

  • Vertriedung vu Lëtzebuerg am informellen Expertegrupp vun de Koordinatore vun de Rechter vum Kand;
  • Vertriedung vu Lëtzebuerg am europäeschen Tutellesreseau;
  • Vertriedung vu Lëtzebuerg am informellen Expertegrupp iwwer de Schutz vun de Kanner an der Migratioun.

The EU Strategy on the Rights of the Child and the European Child Guarantee

Europarot

National Concertatioun

De Service fir d’Rechter vum Kand hëlt och un den interministerielle Kommiteeën an un den aktiven Aarbechtsgruppen am Kontext vun de Rechter vum Kand deel:

  • interministerielle Kommitee fir d’Jugend ‒ ënner der Direktioun vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend;
  • interministerielle Kommitee fir d’Bekämpfung vum Mënschenhandel ‒ ënner der Direktioun vum Justizministère;
  • interministerielle Kommitee fir d’Mënscherechter ‒ ënner der Direktioun vum Aussen- an Europaministère;
  • interministerielle Kommitee fir d’Promotioun vun de Rechter vu lesbeschen, schwulen, bisexuellen, transgender an intersexuelle Persounen ‒ ënner der Direktioun vum Ministère fir Famill, Integratioun an d’Groussregioun.

 

Aktualiséiert