
1989 huet d’Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen déi international Kannerrechtskonventioun ugeholl. Zu Lëtzebuerg ass se am Dezember 1993 vun der Chamber ratifizéiert ginn.
Déi international Kannerrechtskonventioun huet sech als Zil de Schutz vun all Kand an all Jugendlechem ënner 18 Joer gesat. Mat der Approbatioun vun dësem Text huet Lëtzebuerg sech engagéiert, d’Rechter, déi doran opgeféiert sinn, ze respektéieren:
- Recht op déi bescht Gesondheetsfleeg;
- Recht op Bildung;
- Recht op de Schutz virun all Forme vu Gewalt;
- Recht op de Schutz virun Diskriminéierung;
- Recht op Privatsphär an op de Schutz vum Privatliewen;
- Recht dorop, mat sengen Elteren ze liewen;
- Recht op Bedeelegung;
- Recht op d’Fräiheet vun der Expressioun;
- Recht op Erhuelung, Fräizäit, Fräizäitaktivitéiten, artistesch a kulturell Aktivitéiten asw.
Lëtzebuerg huet sech och engagéiert, all de Kanner aus sengem Zoustännegkeetsberäich d’Gesamtheet vun dëse Rechter ze garantéieren, onofhängeg vun hirer nationaler oder sozialer Hierkonft, hirer Hautfaarf, hirem Geschlecht, hirer Sprooch, hirer Relioun, hirer Gesënnung oder där vun hiren Elteren.
Nëtzlech Linken
International Kannerrechtskonvention
Loi du 20 décembre 1993 portant 1) approbation de la Convention relative aux droits de l'enfant, adoptée par l'Assemblée générale des Nations Unies le 20 novembre 1989 2) modification de certaines dispositions du code civil
Ratifizéiert Protokoller
Loi du 25 avril 2003 portant approbation du Protocole facultatif à la Convention relative aux droits de l'enfant, concernant l'implication d'enfants dans les conflits armés, fait à New York, le 25 mai 2000
Loi du 16 juillet 2011 portant:
1. approbation
2. modification de certains articles du Code pénal et du Code d'instruction criminelle
Loi du 5 août 2015 portant approbation du Protocole facultatif à la Convention relative aux droits de l’enfant établissant une procédure de présentation de communications, signé à Genève le 28 février 2012
Nationale Rapport
- 5e et 6e rapport périodique du Luxembourg en application de l'article 44 de la convention relative aux droits de l'enfant
Alternativ Rapporten
- Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher (OKAJU)
- ECPAT Luxemburg
- Commission consultative des droits de l’homme (CCDH)
- UNICEF Luxemburg