
Wat sinn eigentlech Kannerrechter?
Kannerrechter si speziell fir Kanner definéiert Mënscherechter.
Kannerrechter betreffe Kanner a Jugendlecher bis 18 Joer. Si sinn op d’Entwécklung vun hire Fäegkeeten ausgeriicht a berücksichtegen hir Besoinen. Kanner hunn d’Recht, bei hiren Elteren ze liewen, gesond z’iessen a medezinesch versuergt ze ginn. Si hunn esouguer d’Recht ze spillen, d’Recht op Fräizäit, d’Recht, Konscht a Kultur kennen ze léieren asw.
D’Kannerrechter sinn all enk matenee verknëppt an eent ass esou wichteg wéi dat anert; keen däerf engem Kand dës Rechter ewechhuelen.
D’Kannerrechter sinn an der Kannerrechtskonventioun festgeschriwwen. Dëse Vertrag hunn déi meescht Länner ënnerschriwwen. Doduerch verflichten se sech, d’Kanner duerch Moossnamen a Gesetzer ze schützen, fir datt si an engem sécheren a gesonden Ëmfeld kënne liewen an opwuessen.
Wat sinn déi wichtegst Prinzippie vun der Konventioun?
D’Kannerrechtskonventioun baséiert op véier Grondprinzippien. Dëst sinn:
- d’Recht op Gläichbehandlung: du hues d’Recht, respektéiert ze ginn, onofhängeg vun denger Hautfaarf, dengen Originnen, denger Sprooch a Relioun. Keen huet d’Recht, dech ze diskriminéieren opgrond vun dengem Geschlecht, dengem Openthaltsstatus oder denger Behënnerung;
- d’Prioritéit vum Wuel vum Kand: bei allen Entscheedungen, déi dech betreffen, muss deng Meenung berücksichtegt ginn;
- d’Recht op Liewen: d’Länner mussen all däin Iwwerliewen an deng Entwécklung sécherstellen;
- d’Recht, matzeschwätzen: du hues d’Recht, eng eege Meenung ze hunn an se och ze soen, d’Recht, gelauschtert a respektéiert ze ginn.
Wéi kann een d’Kanner fir d’Rechter vum Kand sensibiliséieren?
Fir d’Kannerrechter méi bekannt ze maachen, organiséiert de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend reegelméisseg Evenementer, déi Kanner a Jugendlecher invitéieren, aktiv un der Verteidegung vun hire Rechter matzewierken. Ausserdeem sensibiliséiert de Ministère d’Kanner fir hir Rechter duerch altersgerecht Publikatiounen a Websäiten.
Internetsite: Staarkrechter.lu
De Site Staarkrechter.lu riicht sech un d’Kanner a Jugendlech tëscht 6 a 18 Joer. Als informativen, pedagogeschen an interaktiven Espace konzipéiert, bitt de Site eng altersgerecht Begleedung, fir seng Rechter besser ze verstoen, nëtzlech Ressourcen ze entdecken an sech aktiv fir d’Ëmsetzung vun de Rechter zu Lëtzebuerg anzesetzen.
Op der Startsäit bidd de Site zwee Entréesweeër: ee fir Kanner, an ee fir Jugendlech. Béid Altersgruppe fannen um Site illustréiert a liicht verständlech Inhalter, déi dozou bäidroen, hir Rechter ze verstoen – a gläichzäiteg dozou motivéieren, aktiv, bewosst a verantwortlech Bierger ze ginn.
De Site kann als pedagogescht Instrument am Kader vum Fondamental a vum Secondaire agesat ginn, mee och am non-formale Bildungsberäich. En ass och eng wäertvoll Ressource fir doheem, fir datt Elteren, Familljememberen oder Frënn d’Rechter vum Kand op eng edukativ Aart kënne behandelen.
Staarkrechter.lu ass verfügbar op Franséisch, Däitsch, Lëtzebuergesch an Englesch, an domadder eng eenzegaarteg Plattform, fir Kanner a Jugendlech fir hir Rechter ze sensibiliséieren, hinnen ze weisen, wéi se dës respektéiere kënnen – a fir se am Alldag ze liewen.
Weider Informatiounen:
Affiche mat den 10 wichtegste Kannerrechter
Zum Launch vum Site Staarkrechter.lu goufen zwou Affiche mat den 10 wichtegste Rechter vun de Kanner a Jugendlechen an de Lëtzebuerger Primärschoulen, Lycéeën a Betreiungsariichtunge verdeelt.
Déi zwou Affiche riichte sech un déi verschidden Altersgruppen „Kanner” a „Jonker” a sinn a véier Sproochen (Franséisch, Lëtzebuergesch, Englesch an Däitsch) verfügbar. Zil vun den Affichen ass et, op d’Grondrechter opmierksam ze maachen an iwwert si z’informéieren. E QR-Code féiert op de Site Staarkrechter.lu, fir do nach méi ze gewuer ze ginn.
D’Affiche kënne per E-Mail bestallt ginn: info.droitsdelenfant@men.lu
Download:
Kannerrechtsfest
D’Kannerrechtsfest, dat all Joer am Beetebuerger Park (Parc merveilleux) organiséiert gëtt, soll Kanner, Famillen a jiddereen, deen sech duerfir interesséiert, mat de Kannerrechter vertraut maachen. Dëst geschitt op ënnerschiddlech a spilleresch Aart a Weis (Wee vun de Kannerrechter, Filmer, Animatiounen, Aktivitéiten, Informatiounsstänn asw.).
Weider Informatiounen:
Internationale Kannerdag
Fir den Internationale Kannerdag organiséieren d’Akteuren an d’Partner vum Ministère all Joer am November eng Rei vun Aktiounen an Evenementer am ganze Land.
Weider Informatiounen:
Kannerkonferenz CHICO
Dës Kannerkonferenz gëtt all Joer organiséiert. Hei kënne Kanner vun aacht Joer u matmaachen an d’Educateure vun de Betreiungsstrukturen, fir iwwer Partizipatioun, Demokratie a Kannerrechter ze schwätzen.
Mathëllef vu partizipative Workshoppe ginn de Kanner komplex Froen zougänglech gemaach. Si kënnen hire Standpunkt fräi äusseren a sech besser verständlech maachen.
Weider Informatiounen:
Concours „Deng Zukunft. Deng Stëmm.“
De kreative Concours „Deng Zukunft. Deng Stëmm.“, organiséiert vun UNICEF Lëtzebuerg a vum Service des droits de l’enfant vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, bitt de Kanner d’Méiglechkeet, hir Wënsch, Visiounen an Erwaardungen zu engem konkreten Thema ze deelen, dat d’Rechter vum Kand an hirem Alldag betrëfft.
Iwwer kënschtleresch a kreativ Ausdrocksforme wéi Zeechnung, Molerei oder Fotografie kënnen d’Participanten hir Meenung zu Themen ausdrécken wéi:
- Besser zesummeliewe mat eisen Ënnerscheeder (Editioun 2025/2026) ;
- Meng Gemeng besser maachen: ech schwätze mat! (Editioun 2024/2025) ;
- Klimawandel an Zukunft vun eiser Äerd (Editioun 2023/2024) ;
- Deng Schoul vu muer (Editioun 2022/2023) ;
- Wéi soll deng Welt no der Corona-Kris ausgesinn? (Editioun 2021/2022).
Zil vum Concours ass et, d’Participatioun vun de Kanner ze stäerken, andeems si konkret Virschléi kënne maachen, fir hiren Alldag ze verbesseren.
De Concours gëtt all Joer organiséiert, an déi bescht Iddien ginn an engem „Iddiëkatalog“ publizéiert.
Weider Informatiounen:
D’Kanner viru Gewalt am Internet schützen
Am Kader vun der Lutte géint sexuelle Mëssbrauch a Gewalt sensibiliséiert de Ministère de breede Public an d’Fachkreesser (Table ronde, Tagung, Referenzplattform) fir d’Geforen, déi den Internet mat sech bréngt, a virun allem fir de Phenomeen vum Grooming.
Vu Grooming schwätzt een, wann en Erwuessene Kontakt zu engem Kand ophëlt, meeschtens online an ënner enger falscher Identitéit, mam Zil, et sexuell ze mëssbrauchen oder Geld vun em ze erpressen. De Kontakt kann sech iwwer e längeren Zäitraum zéien, fir e Vertrauensverhältnes opzebauen an den Iwwergang zur Ausbeutung méi liicht ze maachen. Dës Ausbeutung ka verschidde Formen unhuelen: Treffen am „richtege Liewe“ mam Zil vum sexuelle Mëssbrauch; Opfuerderung, sexuell explizitt Fotoe vu sech ze schécken; Erpressung opgrond vun dësen explizitte Fotoen, fir Suen ze kréien oder nach méi Material vu sexuellem Mëssbrauch.
De Kanner a Jugendlechen hir Rechter erklären
D’Internetsäiten hei ënnen drënner si fir Kanner entwéckelt ginn an erklären hinnen hir Rechter an enger fir si verständlecher Sprooch. Verschidde Websitte bidde Spiller a pedagogesch Aktivitéiten un, déi et erlaben, d’Kannerrechter spilleresch a praxisbezunn ze entdecken. Aner Linke verknëppen d’Kannerrechter mat der Aktualitéit a rezenten Evenementer. Déi lescht Grupp vun de Linke féiert zu didakteschem Material, dat sech u Kanner, Famillen oder pedagogescht Personal riicht.
Kannerrechter fir Kanner – allgemeng Informatiounen
Videoen a Lëtzebuerger Sprooch:
- Video: All Kanner hu Rechter – an zwou Minutte kuerz erklärt
- Videoclip iwwert d'Rechter vun de Kanner, produzéiert vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend an Zesummenaarbecht mat der Direktioun an de Schüler vun der Lënster Lycée International School (LLIS) am Kader vum Weltkannerdag, deen all Joer den 20. November gefeiert gëtt
- Video: Mir all hu Rechter – d'Kannerrechter erklärt fir di ganz Kleng
- Videoclip iwwert d'Rechter vun de Kanner, produzéiert vun der Unicef Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend
Informatiounen op Däitsch:
- Kinder haben Rechte
- Die Kinderrechte (zdf.de)
- Die 10 wichtigsten Kinderrechte kurz vorgestellt
- Kinderrechte einfach erklärt
- Kinderrechte und Jugendrechte
- Die UN-Kinderrechtskonvention
- Zdf logo! Die Rechte der Kinder einfach erklärt
- Compasito – Aktivitäten vertiefen spezifische Themen über die Kinderrechte
Informatiounen op Franséisch:
Kannerrechter fir Kanner – aktuell Theemen
Informatiounen op Däitsch:
Informatiounen op Franséisch:
Informatiounen op Englesch:
Kannerrechter fir Kanner – Schwéierpunkttheemen
Informatiounen op Franséisch an Englesch:
Kannerrechter fir Kanner erkläert – didaktescht Material
Informatiounen op Däitsch:
- Compasito – Übungen
- Unicef.de – Grundschulpaket „Kenne deine Rechte”
- Unicef.de – Unterrichtsmaterialien zum Thema Kinderrechte
- Kinderrechte.de – Methodendatenbank
- Unicef.at – Unterrichtsmaterial
- Kika: Zusatzmaterial
Informatiounen op Franséisch:
Informatiounen a verschiddene Sproochen: