Kannerrechtsstrategien

De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend huet 2022 zwee national Aktiounspläng fir d’Ëmsetzung vun de Kannerrechter zu Lëtzebuerg verëffentlecht:

  • am Hibléck op d’national Strategie fir eng kohärent Ëmsetzung vun de Kannerrechter den nationalen Aktiounsplang „Zesumme fir d’Rechter vum Kand“;
  • am Kader vun der europäescher Garantie fir Kanner e spezifeschen nationalen Aktiounsplang, dee besonnesch déi vulnerabel Kanner viséiert, déi dem Risiko vun der Aarmut a vun der sozialer Ausgrenzung ausgesat sinn.

Den nationalen Aktiounsplang „Zesumme fir d’Rechter vum Kand“ setzt d’Recommandatioune vum UN-Kannerrechtskommitee ëm, deen iwwert d’europäesch Garantie fir Kanner d’Recommandatioun vum 14. Juni 2021 vum Europarot.

Initiativen um nationale Plang

a) Kannerrechtsstrategie an nationalen Aktiounsplang fir Kannerrechter 2022-2026 („Zesumme fir d’Rechter vum Kand“)

Den nationalen Aktiounsplang fir Kannerrechter ass d’Reaktioun op d’Recommandatioun vum Kannerrechtskommitee vun de Vereenten Natiounen. Seng 64 Aktiounen, ënnerdeelt an 8 Haapttheemen, goufen opgrond vun de Prioritéite festgeluecht, déi de Kannerrechtskommitee fir Lëtzebuerg identifizéiert an a senge Schlussbeobachtunge matgedeelt huet. De Plang stellt e staarken Engagement vum Staat fir d’Kanner duer an d’Strategie wäert et erlaben, d’Politik am Beräich Kannerrechter um nationale Plang kohärent an transparent ëmzesetzen an d’Kannerrechter dauerhaft an de verschiddene Liewensberäicher vun engem Kand ze verankeren.

„Kanner hu Rechter. Mir Erwuesse mussen si doriwwer informéieren an si dra stäerken, fir hir Meenung ze soen an op hir Rechter ze bestoen. Dofir huet d’Regierung sech eng Strategie fir d’Kannerrechter gi mat klore Mesuren an Aktiounen, un deene mer eis als Gesellschaft och reegelméisseg sollte moossen“, huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend den 8. Mee 2022 bei der Presentatioun vum Lancement vum nationalen Aktiounsplang ënnerstrach.

Eent vun den Ziler vun der Strategie besteet doranner, d’Siichtweis vun de Kanner mat anzebannen. Andeem si d’Méiglechkeet kréien, sech auszedrécken an un der Diskussioun deelzehuelen, léieren d’Kanner, hir Rechter ze liewen, a gestalten domat net nëmmen de Prozess mat, deen duerch d’Strategie ageleet gëtt, mee och hiren Alldag. D’Consultatioun vun de Kanner gouf um Kannerrechtsfest de 25. September 2022 zu Beetebuerg vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend lancéiert.

Fir d’Kanner iwwer déi getraffe Moossnamen ze informéieren, gouf den Aktiounsplang an enger Versioun fir Kanner (op Franséisch an Däitsch) an an enger Versioun fir Jugendlecher (op Franséisch, Däitsch an Englesch) nei erausbruecht.

b) Nationalen Aktiounsplang am Kader vun der europäescher Garantie fir Kanner

Zu Lëtzebuerg, genee ewéi an deenen anere Länner vun der Europäescher Unioun, sinn d’Kanner dem Aarmutsrisiko méi ausgesat ewéi déi Erwuessen.

„Dëse Risiko stellt net just eng Negatioun vun de fundamentale Rechter vun de Kanner duer, mee e belaascht och dat zukünftegt Wuelbefanne vun den europäesche Gesellschaften, well d’Kanner, déi an der Aarmut opwuessen, manner Chancen hunn, fir hiert vollt Potenzial ze erreechen. Wärend se opwuessen, wäerte se de Risikoe vu Krankheeten, Aarbechtslosegkeet an nidderegem Akommes méi ausgesat sinn. Déi meescht Memberstaaten hunn de Froen iwwer d’Aarmut vun de Kanner eng héich Prioritéit an hiren nationalen Aktiounspläng iwwer déi sozial Inclusioun accordéiert.“ (Europarot)

D’europäesch Garantie fir Kanner ass drop ausgeriicht, de generatiounsiwwergräifenden Däiwelskrees vun Aarmut a sozialer Ausgrenzung ze duerchbriechen. Si formuléiert Orientatiounen a gëtt de Memberlänner Instrumenter un d’Hand, fir bedürfteg Kanner ze ënnerstëtzen. D’Memberlänner ginn opgefuerdert, déi spezifesch Besoine vu Kanner aus benodeelegte Milieuen ze berücksichtegen an hinnen en effikassen Zougang zu enger Rei vu grondleeënde Servicer (Bildungs- a Betreiungsstrukture fir kleng Kanner, Schoul an ausserschoulesch Aktivitéiten, Gesondheetsversuergung asw.) ze garantéieren.

Den nationalen Aktiounsplang Lëtzebuerg „Garantie fir d’Kandheet” (PDF), deen am Juli 2022 erauskoum, versteet sech als Prolongement vun der Recommandatioun „An d’Kandheet investéieren, fir den Däiwelskrees vun der Ongläichheet ze duerchbriechen“ (2013/112/EU). Dësen Aktiounsplang identifizéiert bedierfteg Kanner an d’Hindernisser, fir déi besteeënd Servicer an Usproch huelen ze kënnen. Ausserdeem definéiert e konkreet Moossnamen, fir d’Aarmut an d’sozial Ausgrenzung vun de Kanner ze bekämpfen.

Initiativen op europäeschem Plang

a) Strategië vum Europarot

Den Europarot huet 2006 säi Programm „Construire une Europe pour et avec les enfants“ lancéiert. Fir seng Aktiounen am Beräich vun de Kannerrechter ze orientéieren, setzt den Europarot politesch Strategien an Zyklen ëm. D’Kannerrechtsstrategie vu Lëtzebuerg baséiert op de Grondsätz, déi all fënnef Joer vum Europarot festgehale ginn.

Den 23. Februar 2022 huet de Ministerkommitee déi nei Kannerrechtsstrategie (2022-2027) ugeholl. D’Strategie gouf de 7. an 8. Abrëll 2022 zu Roum am Kader vun enger héichrangeger Konferenz lancéiert, déi zesumme mat der italieenescher Presidence vum Ministerkommitee vum Europarot organiséiert gouf: „Au-delà de l’horizon : une nouvelle ère pour les droits de l’enfant“. Den Europarot bitt op sengem Portal www.coe.int./children vill ganz interessant Informatiouns- a Sensibiliséierungsmaterial un, dorënner:

b) Global Kannerrechtsstrategie vun der EU an d’Garantie fir Kanner

Déi nei global Strategie vun der EU betreffend d’Rechter vun de Kanner an déi europäesch Garantie fir Kannerd’Kandheeter si gréisser politesch Initiativen, déi vun der Europäescher Kommissioun promouvéiert goufen, fir all d’Kanner besser ze schützen, fir hinnen ze hëllefen, hir Rechter ze realiséieren, a fir se an de Mëttelpunkt vum Ausschaffe vun de Politicke vun der EU ze setzen. Dës zwou Initiative sinn d’Resultat vun enger wäitleefeger Consultatioun vun de Bierger, de Partie-prenanten an, virun allem, vu méi ewéi 10 000 Kanner.

D’Europäesch Kommissioun huet eng Propositioun fir eng Recommandatioun vum Rot ugeholl, déi eng europäesch Garantie fir Kanner aféiert. De Projet vun derfir d’ Garantie vun der Kandheetfir Kanner huet sech als Zil gesatziilt drop of, fir all Kand den Zougang zu fënnef essentielle grondleeënde Servicer zouzesécheren:

  • gratis Bildungs- a Betreiungsstrukture fir kleng Kanner;
  • gratis Schoulunterrecht (ausserschoulesch Aktivitéiten an op d’mannst eng gesond Molzecht den Dag mat abegraff);
  • gratis Gesondheetsversuergung;
  • eng gesond Ernärung;
  • adequat Wunnen.

D’Recommandatioun offréiert de Memberlänner Zilsetzungen iwwer déi integréiert Strategië vun der Bekämpfung vun der Aarmut vun de Kanner an der Promotioun vum Wuelbefanne vun de Kanner. Se geet iwwer d’Politicke fir sozial Hëllef an iwwer den Aarbechtsmaart eraus, fir den Zougang zu qualitative Servicer an zur aktiver Bedeelegung vun de Kanner selwer ze promovéieren, an ënnersträicht d’Wichtegkeet vun der Kohäsiounspolitik vun der EU, wat d’Mobiliséierung vun de Reformen ubelaangt.

D'EU-Strategie zu de Kannerrechter gouf fir d‘Kanner a mat de Kanner entwéckelt. D'Kanner mussen Zougang zu Informatiounen hunn, déi op hir Bedierfnesser ugepasst sinn, fir datt se kloer wësse, wat hir Rechter sinn a wat d‘EU an dësem Fall fir si maache kann. Aus dësem Grond sinn déi kannerfrëndlech Versioune vun der Strategie zesumme mat Kanner erstallt ginn, fir d‘Informatiounen op eng liicht verständlech Manéier ze vermëttelen.

Aktualiséiert