D’Recht op Bedeelegung

Zënter dem 1. Juli 2023 ass de Prinzip vun der Partizipatioun vu Kanner a Jugendlechen an Entscheedungsprozesser, déi si betreffen, an der Constitutioun verankert: „An all Entscheedung, déi e Kand betrëfft, huet säin Interessi Virrang.  Jiddwer Kand kann zu all Fro, déi et betrëfft, seng Meenung fräi äusseren. Seng Meenung gëtt jee no Alter an Urteelsfäegkeet a Betruecht gezunn.“

Fir d’Lëtzebuerger Politik steet d’Fërderung vun der Partizipatioun vu Kanner a Jugendlechen am Mëttelpunkt an ass duerfir eent vun den Haaptziler vum nationalen Aktiounsplang fir Kannerrechter („Zesumme fir d’Rechter vum Kand), dee fir d’Joren 2022 bis 2026 gestëmmt gouf.

Wat bedeit Partizipatioun?

Partizipatioun heescht, datt d’Kanner gehéiert ginn, wann et ëm Entscheedunge geet, déi si betreffen, ob doheem, an hirer Gemeinschaft, an der Schoul oder bei perséinleche Froen am Beräich vum Recht an der Verwaltung. Dat ass e Recht, dat duerch déi International Kannerrechtskonventioun garantéiert gëtt. Kanner a Jugendlecher solle gehéiert ginn, treffen awer keng Entscheedungen. Deen, dee berechtegt ass, Entscheedungen ze treffen, muss d’Kanner an déi Jugendlech iwwer d’Resultat vum Prozess informéieren an erklären, wéi hir Meenung berücksichtegt gouf.

Am Resumé léisst sech soen, datt d’Partizipatioun e Prozess ass, dee Schrëtt fir Schrëtt zu Verännerunge féiert:

  1. virbereeden a plangen
  2. mat de Kanner a Kontakt trieden
  3. Problemer a Prioritéiten identifizéieren
  4. d’Meenunge vun de Kanner analyséieren
  5. handelen
  6. ergänzend Moossnamen ergräifen
  7. sech weiderentwéckelen, nodenken a vu vir ufänken

Firwat ass Partizipatioun wichteg?

D’Meenunge vun de Kanner a Jugendleche kënnen nei Perspektiven an Erfarungswäerter liwweren. Hir Stëmm op deen Niveau ze bréngen, wou Entscheedunge geholl ginn, féiert zu enger méi héijer d’Qualitéit vun der ugestriefter Verännerung. Wann d’Perspektiven an d’Besoine vun de Kanner a Jugendlechen an d’Entscheedunge mat afléissen, ass d’Chance méi grouss, datt se sënnvoll, effikass an nohalteg sinn a vun hinnen akzeptéiert ginn. Et ass e Recht, dat se doriwwer eraus op eng Zukunft als aktiv an demokratesch Bierger virbereet.

D’Partizipatioun ass och en Instrument, fir Gerechtegkeet ze kréien an op Muechtmëssbrauch hinzeweisen. Et ass also och e prozeduraalt Recht, dat et de Kanner a Jugendlechen erméiglecht, sech géint Verletzunge vun hire Rechter ze wieren, Moossnamen ze ergräifen, fir hir Rechter ze stäerken, se ze schützen an dozou bäizedroen, datt hiert Wuelbefanne garantéiert gëtt.

Wéi ass d’Partizipatioun zu Lëtzebuerg gereegelt?

Individuell Partizipatioun

Bei villen Entscheedungen, déi sech op d’Liewenssituatioun oder de schoulesche Parcours vun engem Kand oder Jugendlechen auswierken, leet d’Gesetz d’Partizipatiounsmodalitéite fest:

  • Hëllef, wann sech d'Kand an enger Noutsituatioun befënnt
  • Moossname fir inklusiv Bildung
  • medizinesch Konsultatioun
  • Droit de garde am Fall vun enger Scheedung vun den Elteren

Kollektiv Partizipatioun

Fir d’Regierung ass et kloer, datt Jugendpolitik nëmmen an Zesummenaarbecht mat deene Jonke ka gemaach ginn. Aus deem Grond gëtt d’Konsultatioun vun de Jugendlechen an hir aktiv Bedeelegung duerch Instrumenter encouragéiert, déi op verschiddenen Niveauen agesat ginn.

Op nationalem Plang sinn déi zwou wichtegst Strukturen de Conseil supérieur de la jeunesse (Ieweschte Jugendrot) an d’Jugendparlament, déi alle béid am Jugendgesetz verankert sinn. D’Jugendparlament ass eng Plattform, wou déi Jonk tëscht 14 a 24 Joer, déi zu Lëtzebuerg wunnen, zesummen iwwer Theemen, déi si interesséieren an déi mat hirem Alldag ze dinn hunn, diskutéieren an debattéiere kënnen. Thematesch Kommissioune schaffen Avisen aus, déi dann eemol d’Joer an der Chamber presentéiert ginn.

Op schouleschem Plang sinn et d’Schülercomitéen an déi national Schülerkonferenz zu Lëtzebuerg (Conférence nationale des élèves du Luxembourg, CNEL), déi d’Partizipatioun vun de Jugendleche fërderen. D’CNEL ass d’Plattform fir déi national Vertriedung vun de Schüler; si kann dem Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend Avisen a Proposen zu all Theema ënnerbreeden, dat mam Alldag vun de Schüler an hirer Aarbecht am Enseignement secondaire ze dinn huet. Et gëtt fir si keng Entspriechung an der Grondschoul.

Perspektiven

Op kommunalem Plang gëtt d’Partizipatioun vun der Jugend iwwer kommunal Pläng fir d’Jugend gefërdert. D’Jugendhaiser spillen hei eng wichteg Roll, well si no un deene Jonke sinn a si bei hirer Partizipatioun op kommunalem Plang ënnerstëtze kënnen.

Am Kader vum Strukturéierten Dialog gëtt et reegelméisseg Konsultatiounen. De Strukturéierten Dialog ass en Instrument fir d’Partizipatioun vun der Jugend an der europäescher an nationaler Politik. E gouf 2013 zu Lëtzebuerg ageféiert a soll et de Jugendlechen erlaben, sech zu politeschen Entscheedungen, déi si betreffen, ze äusseren, an de politeschen Akteuren d’Méiglechkeet ginn, si ze héieren.

Wéi eng aner Forme vun der demokratescher a kollektiver Partizipatioun gëtt et ausser deenen, déi gesetzlech virgesi sinn?

Fir Kanner ënner 12 Joer

gemengen:
Grondschoul:
non-formal-bildung:

Fir jonk Leit vun 12 Joer un

Gemengen:
Op nationalem Plang – Daachverband vun de jugendorganisatiounen zu Lëtzebuerg:
Jonk leit, déi fir hir rechter antrieden:
op europäeschem plang:

 

Aktualiséiert