Jugendparticipatioun

D’Jugendpolitik gëtt an Zesummenaarbecht mat der Jugend selwer gemaach. D’Consultatioun vun de Jugendlechen, hiert Engagement an hir aktiv Participatioun gi gefërdert.

Um nationale Plang

Jugendparlament  

D’Jugendparlament ass eng Plattform, op där all déi jonk Leit am Alter tëschent 14 a 24 Joer, déi zu Lëtzebuerg wunnen, iwwer Theemen diskutéieren an debattéiere kënnen, déi si interesséieren, déi hiert deeglecht Liewe betreffen an déi sech op d’Jugendaarbecht an d’Jugendpolitik op nationalem an europäeschem Plang bezéien. Thematesch Kommissioune schaffen Avisen a Resolutiounen aus, déi dann eemol d’Joer an enger Plenarsëtzung an der Chamber presentéiert ginn.

Conseil supérieur de la jeunesse

De Conseil supérieur de la jeunesse (Ieweschte Jugendrot) ass e Berodungsgremium, dee fir d’Regierung Avisen iwwer Froen, déi d’Jugend betreffen, ausschafft. De Rot ka sech mat all Theema befaassen, dat seng Memberen als wichteg empfannen.

De Rot setzt sech zesummen aus:

  • 8 Vertrieder vun de Jugendorganisatiounen;
  • 4 Vertrieder vun de Jugendservicer;
  • 4 Vertrieder vun den Organisatioune fir Jugendlecher;
  • 2 Schüler- a Studentevertrieder;
  • 4 weidere Vertrieder, dovun ee Vertrieder aus dem Beräich vun der Jugendfuerschung, ee Vertrieder vum Syndicat vun de Lëtzebuerger Stied a Gemengen (SYVICOL), ee Vertrieder vum Conseil national de la jeunesse du Luxembourg (de Jugendrot) an ee Vertrieder vum Minister, dee fir d’Jugend zoustänneg ass.

De Rot kann ausserdeem nach bis zu 3 Memberen ënner den Experten aus dem Jugendberäich wielen. D’Membere vum Jugendrot ginn op dräi Joer vum Minister genannt an hiert Mandat kann erneiert ginn.

Um schoulesche Plang

Schülerkommiteeën

An all Lycée gi Schülerkommiteeë gewielt. All zwee Joer kënne Lycéesschüler e Kommitee wielen, deen d’Schüler bei der Direktioun a bei de verschiddenen Instanze vum Lycée vertrëtt, oder sech an esou e Kommitee wiele loossen. De Kommitee formuléiert Virschléi iwwer d’schoulescht Liewen an d’Aarbecht vun de Schüler, informéiert déi Jugendlech iwwer hir Rechter a Flichten, organiséiert kulturell, sozial oder sportlech Aktivitéiten am Lycée asw.

National Schülervertriedung vu Lëtzebuerg

D’national Schülervertriedung vu Lëtzebuerg (Conférence nationale des élèves au Luxembourg, CNEL) ass déi national Vertriedungsplattform vun de Schüler; si kann dem Minister, dee fir d’Educatioun zoustänneg ass, Avisen a Proposen zu all Theemen ënnerbreeden, déi mam Alldag vun de Schüler an hirer Aarbecht am Enseignement secondaire ze dinn hunn. D’CNEL setzt sech zesummen aus Membere vun de Schülerkommiteeën, déi an de Lycéeë gewielt goufen.

Um kommunale Plang

Jugendhaiser

D’Jugendhaiser (Maisons de jeunes) spillen um lokalen Niveau bei der Fërderung vun der Participatioun vun der Jugend eng wichteg Roll, z. B. am Kader vum Ausschaffe vu kommunale Pläng fir d’Jugend oder der punktueller Participatioun vun de Jugendleche bei Decisiounen oder am Kader vu Gemengeréit fir d’Jugend.

Eent vun de wichtegsten Instrumenter ass de Youth Dialogue, deen e reegelméissegen Austausch tëschent der Jugend an de politeschen Decideuren erméiglecht (och liesen: Europäesch Zesummenaarbecht am Beräich vun der Jugendpolitik).

Aktualiséiert