Besser schreiwen, liesen a rechne léieren
D’Grondbildung (instruction de base) adresséiert sech un déi erwuesse Leit, déi Franséisch oder Däitsch wëlle besser schreiwen a liese léieren oder hir Rechekompetenze wëlle verbesseren. D’Grondkompetenze sinn eng zolidd Basis fir dat weidert méi eegestännegt a méi intensiivt Léieren.
- D’Coursë vun der Grondbildung gi fir Gruppe vun Erwuessenen organiséiert, déi allkéiers deen nämmlechte Programm absolvéieren. Dës Coursë gi pro Trimester ugebueden.
- An den Ateliere vun der Grondbildung gëtt a klenge Gruppe geschafft; et kann ee sech d’ganzt Joer iwwer umellen, de Programm gëtt op d’Kandidaten ofgestëmmt.
Och Gemengen an Associatioune bidde Coursen un.
Coursë fir Erwuessener mat spezifesche Besoinen
D’Coursë vum Centre pour le développement des compétences relatives à la vue (fréier IDV) adresséieren sech u Leit mat enger visueller Behënnerung, un Elteren an Enseignantë vu Schüler mat enger visueller Behënnerung, oder u Mataarbechter vun ausserschoulesche Strukturen, déi eng Persoun mat enger visueller Behënnerung encadréieren.