Iwwergräifend Theemen

Déi geografesch, demografesch a virun allem linguistesch Realitéite vum Land hunn e staarken Afloss op de Lëtzebuerger Schoulsystem.

  • E klengen Territoire: Mat 2 586 km2 ass Lëtzebuerg eent vun de klengste Länder vun der Europäescher Unioun. Och d’Awunnerzuel ass bescheiden: Den 1. Januar 2019 waren et der 613.900.
  • Ënnerschiddlech Originnen: 47,7 % vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg wunnen, sinn Auslänner. Déi gréisste Grupp maachen hei d’Portugisen aus mat 16,3 % vun der Bevëlkerung, duerno kommen d’Fransousen (7,5 %), d’Italieener (3,6 %), d’Belsch (3,3 %) an déi Däitsch (2,2 %). Ausserdeem kommen all Dag ronn 197 000 Frontalieren aus Frankräich, der Belsch an Däitschland op Lëtzebuerg schaffen (Quell: STATEC). Dës kulturell Heterogenitéit hëlt bestänneg zou a spigelt sech an der Éischtsprooch erëm, déi d’Grondschoulkanner doheem schwätzen.
  • D’Méisproochegkeet: Lëtzebuerg ass en dräisproochegt Land, an dat schléit sech am Schoulsystem néier (Franséisch, Däitsch a Lëtzebuergesch). D’Sproochen, déi vun den Auslänner, déi zu Lëtzebuerg wunnen, geschwat ginn, virun allem Portugisesch an Englesch, gewannen ëmmer méi u Bedeitung (kuckt d’Säit Sproochen an der Lëtzebuerger Schoul).

Aktualiséiert