E Schoulentwécklungsplang fir all Grondschoul an all Lycée
Vum Schouljoer 2017-2018 u schafft all Grondschoul an all Lycée e Schoulentwécklungsplang (plan de développement scolaire – PDS) aus. D’Schoulen definéieren hir Demarchen an deene Beräicher, déi wesentlech si fir de schouleschen Erfolleg vun hire Schüler. Sechs Beräicher si fir d’Grondschoule virgesinn a siwe fir d’Lycéeën. Fir all Beräich ginn déi national Ziler an engem Referenzkader definéiert. D’Schoulen an d’Lycéeë sinn autonom an der Wiel vun de Moossnamen, déi fir hir Schüler am gëeegentste sinn.
Déi wichtegst Moossnamen am Iwwerbléck
E Plang, deen all d’Partner implizéiert
De Schoulentwécklungsplang gesäit d’Zesummenaarbecht vun allen Enseignanten a Partner vun der Schoul vir. Dat schléisst d’Eltere mat an.
Fir de PDS opzestellen, kucken d’Schoulen d’éischt, wat et u Material scho gëtt an dokumentéieren d’schoulesch Offer, d’Traditiounen, d’Geschicht vun der Schoul, hiert Ëmfeld, hir Verankerung an der Gemeng, d’Zesummesetzung vun der Schülerpopulatioun … Zil ass, d’Stäerkten an d’Schwächte vun der Schoulorganisatioun erauszeschaffen, dat, wat gutt ass, ze behalen an déi schwaach Punkten ze verbesseren.
Aus dëser Aarbecht erginn sech der Schoul hir Prioritéiten, d’Ziler, déi et ze erreeche gëllt, an d’Strategien, déi duerfir mussen entwéckelt ginn. D’Gesetz leet déi wichtegst Beräicher fest, déi onbedéngt musse behandelt ginn, ma all Schoul kann nach déi Beräicher mat ofdecken, déi si als noutwenneg betruecht.
Ënnerstëtzung bei der Schoulentwécklung
Fir d’Grondschoulen ze begleeden, gi fofzéng Léierkräften, déi an der Schoulentwécklung spezialiséiert sinn (I-DS), dem Service de coordination de la recherche et de l’innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT) zougedeelt.
Si schaffen direkt mat de Presidenten an dem jeeweilege Schoulcomité zesummen. Si ënnerstëtzen d’Ekipp beim Ausschaffen an der Ëmsetzung vun hirem PDS a bei allen Initiativen, déi mat der Schoulentwécklung ze dinn hunn. Dobäi respektéieren si d’Autonomie vun der Schoul an déi lokal Specificitéiten. Dës Aarbecht geschitt op gemeinschaftlecher a regulärer Basis mat de Regionaldirektiounen an allen anere concernéierten Akteuren.
D’Begleedung an de Lycéeë gëtt vun dräi Mataarbechter vun der Division du développement scolaire vum SCRIPT assuréiert. Et geet dorëms, de Schoulentwécklungsbüro, deen ënner anerem de Schoulentwécklungsplang soll ausschaffen, ze ënnerstëtzen. All Lycée kritt en individuellen a personaliséierte Suivi virgeschloen.
E globalen Dispositif fir d’Schoulen
De legale Kader an d’Ënnerstëtzung, déi all Schoul ugebuede ginn, sinn Deel vun engem globalen Dispositif, zu deem en Internetsite gehéiert, Formulairen, iwwer déi de Schoulentwécklungsplang koordinéiert a verfollegt gëtt, Evaluatiounen oder de Rapport Grondschoul/Lycée (Monitoring-Team vum SCRIPT), Weiderbildunge vum Institut de formation de l’Éducation nationale (IFEN), Betreiung vun nationalen an internationalen Netzwierker, d’Organisatioun vu kollektiven Treffen oder Aktiounsfuerschung.