Exakt Zuelematerial ass eng wichteg Basis fir all politescht Handelen an och fir d’Kontroll duerch déi gewielte Vertrieder an d’Bierger.
An enger Zäit vu Reformen spille d’Statistike nach méi eng staark Roll an den Debatten an den Entscheedungen. Verännerunge mussen sech op zouverlässeg Date kënne stäipen an d’Statistike mussen d’Auswierkunge vun den Verännerunge kënne moossen.
De Service des statistiques et analyses stellt den Zoustännege vun der Educatioun an dem interesséierte Public dëst Zuelematerial zur Verfügung:
- statistesch Gronddate wéi d’Zuele vun de Schüler an dem Léierpersonal, ausgestallten Diplomer an Certificaten, d’Entwécklung vun den Nationalitéiten, wéi eng éischt Sprooch d’Schüler doheem schwätzen, d’Schoulinfrastrukturen, de Budget asw. Dës Date ginn all Joer publizéiert (Schlësseldaten, global Statistiken an Analys vun de schoulesche Resultater, Käschten a Finanzéierung vum Lëtzebuerger Schoulsystem asw.)
- Analysen zu spezifesche Froen op punktueller Basis oder Joresbasis, z. B. Schoulofbroch, den Iwwergang nom Diplom, de Schoulerfolleg asw.
De Service féiert och prospektiv Studien iwwer d’Entwécklung vun der Schoulbevëlkerung duerch a dem Bedarf u Léierpersonal.