Sproochen an der Lëtzebuerger Schoul

Lëtzebuerg ass en dräisproochegt Land. D’Nationalsprooch ass Lëtzebuergesch, d‘Sprooch vun der Legislatioun ass Franséisch. Franséisch, Däitsch a Lëtzebuergesch sinn déi dräi administrativ a Geriichtssproochen.

D’Sproochen, déi vun auslännesche Matbierger gesschwat ginn, virun allem Portugisesch an Englesch, huelen u Bedeitung zou.

De Schoulsystem ass och méisproocheg, hei gi Franséisch, Däitsch a Lëtzebuergesch benotzt. Däitsch ass d’Haaptsprooch an der Grondschoul an an den ënneschte Klasse vum Enseignement secondaire; an den ieweschte Klasse vum Enseignement secondaire ginn déi meescht Fächer op Franséisch enseignéiert. D’Méisproochegkeet vum Lëtzebuerger Schoulsystem ass ee vun de grousse Virdeeler fir d’Jugend, an enger Welt ouni Grenzen, ma et ass och eng Erausfuerderung fir déi vill Schüler, déi ganz aner Mammesproochen hunn.

Déi ëffentlech Schoul bitt och international Klassen un, virun allem an den Unterrechtssproochen Englesch a Franséisch.

An der Grondschoul

Am Zykel 1 (Kanner vun 3 bis 5 Joer) gëtt besonnesche Wäert op d’Lëtzebuerger Sprooch geluecht, d’Kommunikatiounssprooch an dësem Zykel. Nodeems e Programm fir déi méisproocheg Erzéiung an de Crèchë lancéiert gouf an och fir d’Kohärenz an d’Kontinuitéit ze garantéieren, gëtt am Zykel 1 vun der Grondschoul zënter der Rentrée 2017/2018 Franséisch geléiert. D’Aféierung an déi franséisch Sprooch gehéiert offiziell zu den Aufgabe vum Zykel 1.

Duerno, an den Zyklen 2 bis 4 (Kanner vu 6 bis 11 Joer), ass Däitsch d’Haaptunterrechtssprooch: d’Alphabetiséierung geschitt an däitscher Sprooch an all d’Fächer, mat Ausnam vum Franséischen, ginn an däitscher Sprooch enseignéiert.

Den Unterrecht fir dat mëndlecht Franséisch fänkt am Zykel 2 un. Vum Zykel 3.1 u steet och dat schrëftlecht Franséisch um Programm.

Am Enseignement secondaire classique (vun 12 Joer un; Klasse 7e ESC bis 1re ESC)

Bis 5e ESC (3. Joer vum Enseignement secondaire classique) ass d’Unterrechtssprooch an alle Klassen Däitsch, ausser fir d’Fächer Franséisch a Mathematik.

Englesch gëtt vu 6e ESC moderne resp. 5e ESC latine un enseignéiert.

Vu 4e ESC un (4. Joer vum Enseignement secondaire classique) ginn d’Fächer all op Franséisch enseignéiert, ausser Däitsch an Englesch, wou d’Zilsprooch och Unterrechtssprooch ass.

Vun 3e ESC un (5. Joer vum Enseignement secondaire classique), kënnen d’Schüler eng véiert Sprooch derbäihuelen: Italieneesch, Spuenesch oder Portugisesch.

Am Enseignement secondaire général (vun 12 Joer un; Klasse 7e ESG bis 1re ESG)

An den ënneschte Klassen ass d’Unterrechtssprooch Däitsch, ausser an der Mathematik, déi op Franséisch enseignéiert gëtt. Englesch steet vun der 6e ESG un um Programm.

An den ieweschte Klassen ass d’Unterrechtssprooch am Allgemengen Däitsch, et gi just e puer Fächer, déi op Franséisch enseignéiert ginn. Vun der 4e ESG u ginn et Klasse mat spezieller Sproochereegelung (classes à régime linguistique spécifique), wou d’Unterrechtssprooch Franséisch ass.

Am Enseignement secondaire classique a secondaire général gëtt et Klasse mat enger spezifescher Sproochenoffer, jee nom Besoin vum Schüler.

Bannent der Europäescher Unioun ass Lëtzebuerg dat Land, wou déi meeschte Schüler doheem eng aner Sprooch schwätze wéi d’Unterrechtssprooch an der Schoul, wou déi meescht Friemsproochen enseignéiert ginn an et déi meescht Schoulstonne gëtt, déi sech mat Friemsprooche befaassen (Quell: Eurydice & Eurostat, 2012. D’Léiere vu Friemsprooche spillt eng wichteg Roll souwuel an der regulärer Schoul wéi an der Erwuessenebildung.

Aktualiséiert