Schüler mat besonneschem Fërderbedarf

All Kand, egal, wéi eng spezifesch Besoinen oder Particularitéiten et huet, huet e Recht drop, a senger perséinlecher Entwécklung ënnerstëtzt ze ginn am Hibléck op eng maximal Autonomie a Partizipatioun a seng Integratioun an d’Gesellschaft.

Schüler mat besonneschem schoulesche Fërderbedarf si Schüler, deenen hir Betreiung mat deene Mëttelen, déi dem Enseignant normalerweis zur Verfügung stinn, net kann assuréiert ginn. Dës spezifesch Besoine kënnen ze dinn hu mat der Motorik vum Kand, mat visuellen oder sproochleche Problemer oder Problemer mam Gehéier, der kognitiver Entwécklung, dem Verhalen asw. Kanner mat spezifeschem Fërderbedarf an de „reguläre“ Schoulsystem ze integréieren, wou ëmmer et méiglech a vun den Eltere gewënscht ass, ass ee vun de Prinzipie vun der Lëtzebuerger Schoul a gëtt zënter 1994 am Gesetz festgehalen. Lëtzebuerg huet en héijen Integratiounstaux: Manner wéi 1 % vun de Schoulkanner besichen eng Fërderschoul.

Eng Betreiung op dräi Niveauen

Fir déi Kanner, déi opgrond vun hire mentalen, emotionalen, sensoreschen oder motoresche Particularitéiten net an eng regulär Schoul kënne goen, gesäit d’Gesetz Ënnerstëtzung op dräi Niveaue vir:

  • op lokalem Plang, an de Schoulen: speziell ausgebilten Enseignanten, Inklusiounsmoossnamen
  • op regionalem Plang, an de Grondschouldirektiounen: Ekippe fir d’Ënnerstëtzung vu Kanner mat besonneschem Fërderbedarf oder spezifesche Besoinen, Inklusiounskommissiounen
  • op nationalem Plang: an enger Schoul oder engem spezialiséierten Zentrum.

D’Decisioun, wéi eng Aart Schoul a Betreiung de Schüler soll kréien, läit bei den Elteren.

Fir d’Betreiung vu Kanner a Schüler mat spezifesche Besoine resp. Fërderbedarf schaffen d’Servicer fir d’Fërderung vun de Kanner mat de Bildungs- a Betreiungsstrukturen (Maison relais …) zesummen.

Aktualiséiert