Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch

Lëtzebuergesch huet zanter 1984 offiziell de Statut vun enger nationaler Sprooch. An eiser méisproocheger Gesellschaft kënnt dem Lëtzebuergeschen eng wichteg Roll zou.

D’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch ass an der aktueller Regierung eng Kompetenz vum Educatiounsministère.

Den Engagement vun der Regierung fir d’Lëtzebuerger Sprooch ass am Mäerz 2017 an engem Strategiepabeier fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch festgehale ginn. Dëse Strategiepabeier mat 40 Mesuren ass en Dokument, dat als Basis fir den Aktiounsplang et erlabt, mëttel- an och laangfristeg Initiativen ervirzebréngen, déi der Entwécklung vum Lëtzebuergeschen hëllefen.

An dësem Pabeier si véier Engagementer respektiv iwwergräifend Ziler festgeluecht, zu deenen d’Regierung sech konkreet engagéiert huet:

  • de Stellewäert vun der Lëtzebuerger Sprooch stäerken;
  • d’Norméierung, de Gebrauch an d’Etüd vun der Lëtzebuerger Sprooch virundreiwen;
  • d’Léiere vun der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur fërderen;
  • d’lëtzebuergeschsproocheg Kultur promouvéieren.

Den Detail zu deene 40 Mesuren aus dem Strategiepabeier vun der Regierung fënnt een hei.

Offiziell Gremien

De 27. Juni 2018 gouf an der Chamber d’Gesetz fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch gestëmmt. Verschidde Gremien si geschaf ginn.

Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch

De Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch ass zoustänneg fir en 20‑Joresplang ronderëm d’Lëtzebuergescht, an dee vun engem interministerielle Comité begleet gëtt. Am Oktober 2018 ass de Marc Barthelemy op de Poste vum Commissaire genannt ginn.

De Commissaire proposéiert der Regierung en Aktiounsplang fir d’Promotioun vum Lëtzebuergeschen. Hie kuckt och, datt d’Offer u Coursen, fir Lëtzebuergesch ze léieren, duergeet, zu Lëtzebuerg an am Ausland, an datt dat richtegt didaktescht Material do ass. Hie mécht de Suivi vun de Doleancen iwwert de Gebrauch oder Net-Gebrauch vum Lëtzebuergeschen an den ëffentleche Servicer.

Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch

Den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch këmmert sech ëm d’Lëtzebuerger Sprooch an d’Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg an ëm d’Promotioun vum Lëtzbuergeschen national an international. Den Zenter dokumentéiert d’Lëtzebuerger Sprooch, hir Geschicht, d’Dialekter, mee och de villsproochege Kontext.

Den ZLS ass och Editeur vu Publicatioune ronderëm d’Sprooch, zum Beispill D’Lëtzebuerger Orthografie oder vun d’Bicherserie Lëtzebuerger Wuertschatz. Donieft bitt den Zenter dem Bierger an den Administratiounen eng Rei Servicer, notamment de Lëtzebuerger Online Dictionnaire (lod.lu), ee méisproochegt Wierderbuch, an deem lëtzebuergesch Wierder op Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch iwwersat an duerch Beispiller op Lëtzebuergesch illustréiert sinn. (Tel: (+352) 247 88600 oder E-Mail lod@lod.lu).

Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch

De Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch (Conseil permanent de la langue luxembourgeoise – CPLL), deen zanter 1998 besteet, gëtt Avisen of zu de Reegelen vum Zenter iwwer d’Schreifweis, d’Grammaire, d’Aussprooch an de gudde Gebrauch vum Lëtzebuergeschen.

Sproocheronnen 2018 an 2022

Eng nei Editioun vun der Sproocheronn, am 2022, erlabt dem Public, un der Ausaarbechtung vum 20-Joresplang matzewierken, nieft dem interministerielle Comité an aneren Acteuren am Beräich vun der Lëtzebuerger Sprooch. Ennert dem Motto « Zesumme fir eng lieweg Lëtzebuerger Sprooch - Schafft mat um 20 -Joresplang fir d’Promotioun vum Lëtzebuergeschen » invitéiert den Educatiounsminister all Bierger, seng Proposen ze maachen op véier Owenter an de véier Regioune vum Land an online. Datumer an online-Forum op www.lux.lu.

D’Sproocheronn 2022 gëtt am Suivi vun der Sproocheronnn 2018 organiséiert. Deemols goufe Biergerforen organiséiert, fir och de Bierger d’Méiglechkeet ze ginn, sech aktiv fir d’Entwécklung vun der Lëtzebuerger Sprooch anzesetzen. Iwwer 150 interesséiert Leit hunn deemools deelgeholl an online koumen iwwer 100 konkreet Proposen eran. Dës goufen an der Brochure „Bierger, Gesellschaft, Politik – Zesummen d’Lëtzebuerger Sprooch fërderen” festgehalen.  

Lëtzebuergesch léieren

Den Interessi an d’Bedeitung vun der Lëtzebuerger Sprooch sinn an de leschte Jore gewuess. De Regierungsprogramm 2018-2023 gesäit Mesurë vir, fir jiddwereen, Lëtzebuerger an Netlëtzebuerger, ze motivéieren, eis Sprooch ze léieren an hir eng Plaz a sengem perséinlechen Alldag ze ginn. Fir d’Lëtzebuerger Sprooch weider an der Gesellschaft ze verankeren ass et wichteg, hir och eng nei Bedeitung an der Schoul ze ginn:

Heiheem. An der Groussregioun. Weltwäit

Den Institut national des langues Luxembourg (INLL) an d’Erwuessenebildung (SFA, Service de la formation des adultes) bidde Coursen fir Erwuessener. D’Offer gëtt ëmmer weider ausgebaut.

Verschidden Accorde mat Partner a Frankräich an an Däitschland erlaaben et och, Lëtzebuergesch léieren an der Groussregioun ze léieren.

Op der Léierplattform LLO.LU kënnt Dir gratis Lëtzebuergesch léieren, iwwerall a jidderzäit – mat Online-Übungen, Prüfungen an Aktivitéiten, virtuell wéi am Présentiel.

An de Betreiungsstrukture an an der Schoul

An de Betreiungsstrukture fir kleng Kanner si Lëtzebuergesch a Franséisch präsent duerch de Programme d’éducation plurilingue.

Fir d’Grondschoul sinn extra Materalien ausgeschafft gi fir d’Sproochecoursen a fir den Ëmgank mat der Villsproochegkeet.

Mam Schouljoer 2021-2022 ass d’Schoulfach Lëtzebuergesch op der 4e am Enseignement secondaire classique an am Enseignement secondaire général agefouert ginn. Dat neit Fach ëmfaasst dräi Haaptvoleten: Allgemengt Wëssen iwwert d’Lëtzebuerger Land an d’Gesellschaft, d’Lëtzebuerger Sprooch an d’Lëtzebuerger Kultur.

D’Zil vum neie Lëtzebuergeschcours ass et, deene Jonken d’Freed un der Sprooch méi no ze bréngen an hiren Interessi wakreg ze maachen. Si sollen och generell Kenntnisser iwwer Lëtzebuerg mat op de Wee kréienginn, onofhängeg vun hirem kulturellen oder sproochlechen Hannergrond.

Am Kader vun engem Pilotprojet geet de Lycée Michel-Rodange op de Wee vun enger A-Sektioun mat Lëtzebuergesch als 4. Sprooch. Esou wei Spuenesch an Italieenesch kann een an Zukunft also och Lëtzebuergesch als 4. Sprooch wielen. Op deenen anere Sektioune kann een am Lycée Michel-Rodange nieft Spuenesch, Chineesesch an Italieenesch och Lëtzebuergesch als zousätzlech Sprooch wielen.

Doriwwer eraus gëtt an allen ëffentlechen internationale Schoulen d’Lëtzebuerger Sprooch als Friemsprooch geléiert, vum éischte Joer Primärschoul un.

2009 gouf op der Uni Lëtzebuerg de Master in Secondary Education - Luxemburgistik an d’Liewe geruff. Doduerch ass et méiglech, verstäerkt spezifesch forméiert Enseignanten an d’Lycéeën ze kréien, déi dat Fach kënnen halen, an zanter 2015 gëtt Lëtzebuergesch och als eege Spezialitéit unerkannt.

Nei Outile fir d’Sprooch ze léieren

Et gëtt ëmmer méi dacks gefrot, fir korrekt Lëtzebuergesch schreiwen ze léieren. Effektiv hëlt d’Schrëftsprooch duerch déi nei Technologien an digital Medien eng ëmmer méi grouss Plaz an eisem Alldag an. Dofir goufen eng Rei u flotten an uspriechende Léiermaterialien an Online-Outilen ausgeschafft, op déi jidderee kann zeréckgräifen, deen eis Sprooch wëll schreiwe léieren, egal ob am Sproochecours oder am eegestännege Léierprozess. All ugepasst un déi completéiert Orthografie, déi den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch am November 2019 erausbruecht huet.

Den Institut national des langues Luxembourg (INLL) schafft d’Serie „Schwätzt Dir Lëtzebuergesch?“ aus. D’Bicher riichten sech an éischter Linn un Erwuessener, déi interesséiert sinn, d’Lëtzebuerger Sprooch ze léieren. Si ginn hei awer och villes iwwert den Alldag zu Lëtzebuerg gewuer, léieren ënner anerem onst Land, ons Fester, Feierdeeg a grouss Perséinlechkeete besser kennen an entdecken och verschidde kulinaresch Lëtzebuerger Spezialitéiten.

De Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD.lu) steet am Mëttelpunkt vun der Aarbecht vum Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch. Den LOD ass déi offiziell Referenz, wat d’Schreifweis vu Wierder ugeet. Gläichzäiteg leescht den Dictionnaire en aktive Bäitrag, fir dʼLëtzebuergescht als Kommunikatiouns- an Integratiounssprooch weider ze etabléieren.

Dozou komme Reegelwierker vun der Lëtzebuerger Orthografie a Grammaire, en aktualiséiert Verbebuch, eng Landkaart mat de lëtzebuergeschen Nimm, eng Buchserie iwwer de „Lëtzebuerger Wuertschatz, etc. Online-Outile wéi den Ortho-Trainer (ortho.lod.lu), de Medezineschen Dictionnaire (med.lod.lu) oder de Spellchecker (spellchecker.lu) sinn ausgeschafft oder ugepasst ginn.

www.lux.lu

Op der Internetsäit www.lux.lu ginn all d’Facettë vun der Sprooch beliicht, mat hirer Geschicht, den Acteuren, déi an deem Secteur schaffen an de Mesuren a Programmer déi en place sinn.

Op der Säit fënnt een och regelméisseg Neiegkeeten iwwer nei Publicatiounen, Initiativen a Mesuren, déi am Beräich vun der Lëtzebuerger Sprooch ergraff ginn.

Aktualiséiert