D’Jugendpolitik huet eng sektorial an eng transversal Dimensioun.
Si schaaft de Kader a stellt Mëttel zur Dispositioun, déi et erméiglechen, datt déi verschidde Akteuren am Jugendsecteur eng Aarbecht leeschte kënnen, déi un d’Bedierfnesser vun de Jonken ugepasst ass.
Iwwer dee sektorielle Aspekt eraus huet d’Jugendpolitik och eng transversal Dimensioun. Déi Dimensioun gëtt ë. a. an der Fuerschungsarbecht zur Situatioun vun de Jonken däitlech, wou ee méi allgemeng op hir Liewensweeër kuckt. Ausserdeem gëtt d’Participatioun vun de Jonken an all de Beräicher gefërdert, déi se betreffen, wat dës transversal Dimensioun nach weider stäerkt.
D’Jugendpolitik entwéckelt dëse Kader an engem strukturéierten Dialog mat Akteuren wéi de Jugendhaiser, de Jugendorganisatiounen, de Jugendservicer an de Gemengen.
Liest hei weider Informatiounen: