Jugendhaiser
E grousst Netzwierk vu Jugendhaiser an Annexen, déi op Gemengen- oder regionalem Niveau geréiert ginn, empfänkt Jonker haaptsächlech tëscht 12 a 26 Joer. D’Jonker kënnen dës Treffpunkter, Informatiouns- an Animatiounsservicer fräiwëlleg notze fir Frënn ze treffen, sech zréckzezéien, ze informéieren, mat engem Educateur ze schwätzen oder un Ausflich a weideren Aktivitéite wéi Sport, Kachen oder Danz asw. deelzehuelen.
Encadréiert ginn déi Jonk vu Fachleit aus dem edukative Beräich, déi sozio-pedagogesch Animateuren (méi geleefeg „Educateuren“) genannt ginn, am Accord mam Dispositif fir Qualitéitssécherung, deen 2017 vum Ministère, dee fir d’Jugend zoustänneg ass, ageféiert gouf.
D’Aarbecht vun de Jugendhaiser ass am Kontext vun der non-formaler Bildung ze gesinn. D’edukativ Approche ënnerstëtzt déi perséinlech Entwécklung vun deene Jonken, d’Eegestännegkeet, d’Initiativ an d’Bedeelegung um Gesellschaftsliewen.
D’Bedeelegung vun deene Jonken un den Aktivitéiten, déi an de Jugendhaiser ugebuede ginn, ass fräiwëlleg an et gëtt kee finanzielle Bäitrag verlaangt, ofgesi vu verschiddene speziellen Aktivitéiten. D’Jugendhaiser gi vun ASBLen oder Gemenge geréiert. D’Käschte fir dës Servicer ginn zu 50 % vum Ministère an zu 50 % vun de Gemengen, an deenen d’Haiser ugesidelt sinn, gedroen.
Servicer zur Wunnbegleedung
Dës Servicer verloune bezuelbare Wunnraum u Jonker. Si bidden eng perséinlech Begleedung fir d’Wunnverwaltung an d’Entwécklung vun Alldagskompetenzen an ënnerstëtzen déi Jugendlech bei administrativen a budgetären Demarchen, wat dat eegestännegt Wunnen ugeet.
Servicer fir Fräizäitaktivitéiten
Dës Servicer proposéieren Animatiounsprogrammer fir Kanner a Jugendlecher, dorënner och Vakanzenopenthalter. An deem Kontext ginn och Méiglechkeete fir Jonker ugebueden, fir sech fräiwëlleg um Animatiounsprogramm fir Kanner a Jugendlecher ze bedeelegen.
Servicer fir pedagogesch Animatioun
Dës Servicer bidde Programmer fir edukativ Aktivitéiten a bestëmmte Beräicher an eng perséinlech Begleedung, fir Kompetenzen an engem bestëmmte Beräich vum Service ze entwéckelen.
Servicer fir d’Formatioun
Dës Servicer bidde Formatioune fir jonk Animateuren am Beräich vu Fräizäitaktivitéiten.
Informatiounsservicer
Dës Servicer schafen zouverléisseg, neutral an zougänglech Informatioune fir Jonker aus a verbreeden dës. Ausserdeem féiere si Informatiounscampagnen duerch.
All déi op dëser Säit genannte Servicer si mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend konventionéiert a ginn am Prinzip zu 100 % vum Staat finanziell ënnerstëtzt.