Nationalen Aktiounsplang fir d’Jugend 2022-2025 (Jugendpakt)

De Jugendpakt vun der Lëtzebuerger Regierung ass am geännerte Gesetz vum 4. Juli 2008 iwwer d'Jugend verankert. Et handelt sech ëm eng transversal Politik, déi sech op d'Kenntnisser vun der Situatioun vun de Jugendlechen an op eng aktiv Consultatioun vun der Jugend iwwer déi Froen, déi si betreffen, stäipt.

Den nationale Rapport iwwer d'Situatioun vun der Jugend 2020 (PDF) liwwert déi néideg Kenntnisser iwwer d'Situatioun vun de Jugendlechen an ass déi wëssenschaftlech Basis fir d'Ausschaffe vum Jugendpakt.

Aktiv Consultatioun vun der Jugend

Déi „aktiv Consultatioun vun der Jugend“ geschitt duerch e permanenten Austausch tëschent dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, der Jugend selwer, dem sozio-pedagogeschen a psycho-soziale Personal an de Vertrieder vun de Jugendorganisatiounen. Dësen Austausch geschitt ënner der Form vu Plattformen, Reuniounen, Seminairen, reegelméissegen Telefonsgespréicher a spezifesche Consultatiounen an dréit zu engem Verdéiwe vun de globale Kenntnisser iwwer d'Situatioun vun de Jugendlechen an d'Froen, déi si beschäftegen, bäi.

Strateegesch Ziler

Den nationalen Aktiounsplang fixéiert déi strategesch Ziler, un deene sech d'Jugendpolitik vun der Regierung muss bis 2025 orientéieren, am Kader vun dräi Interventiounsberäicher, déi d'Wuelbefanne vun deene Jonke betreffen:

  • d'Wuelbefannen an der Schoul fërderen,
  • d'Wuelbefannen an de Jugendstrukturen an an der sozio-pedagogescher Animatioun fërderen,
  • der Jugend eng Stëmm ginn an déi verschidde Partner matenee verknëppen.

1. D'Wuelbefannen an der Schoul fërderen

An de Schoule muss en Ëmfeld bzw. e Klima geschaf ginn, an deem d'Jugend sech ka begéinen an hir sozial Kompetenzen a Resilienz kann entwéckelen. An dësem Kontext ass et wichteg, d'Koordinatioun vun de psycho-sozio-pedagogesche Servicer ze verbesseren a se nach méi an de Lycéeën ze verankeren.

Den Accès vun de Schüler zu de psycho-sozio-pedagogesche Servicer, zemools de SePASen, gëtt ugepasst a vereinfacht.

Siwen Aktioune goufen zeréckbehalen:

  1. an de Schoulrestauranten e bessert, gesond an nohaltegt Iessen ubidden;
  2. den Interventiounssystem an d'psychologesch Ënnerstëtzung bei enger Kris verstäerken;
  3. der Jugend hëllefen, hir sozio-emotional Kompetenzen ze entwéckelen;
  4. e Referenzsystem vun den Aufgaben, déi déi Professionell aus dem psycho-sozio-pedagogesche Beräich aus de Lycéeën hunn, definéieren;
  5. d'Prinzippie vun der Confidentialitéit an dem Beruffsgeheimnis bei allen Acteuren aus der Schoulgemeinschaft fërderen a bekannt maachen;
  6. Weiderbildungen iwwer d'Wuelbefannen an déi mental Gesondheet ubidden;
  7. de Jugendtreff an Zesummenaarbecht mat den Acteuren aus der non-formaler Bildung aféieren.

2. D'Wuelbefannen an de Jugendstrukturen an an der sozio-pedagogescher Animatioun fërderen

D'Jugendanimatioun baséiert op de pedagogesche Prinzippie vun der non-formaler Bildung a bilt e wichtege Pilier an der perséinlecher a sozialer Entwécklung vun de Jonken. D'Bezéiungsaarbecht mat de Jugendlechen ass e weesentlecht Element an d'Qualitéit vun dëser Offer hänkt gréisstendeels vun den Educateuren of.

Et ass an dësem Kontext wichteg, datt d'Kompetenzen an den Knowhow, besonnesch am Beräich vum Wuelbefannen, stänneg weiderentwéckelt ginn. D'Erfarung an d'Weiderbildung ginn an deenen zwee Theemeberäicher vun der physescher an der digitaler Gesondheet gestäerkt.

D'politesch Aktioun dréit sech ëm déi follgend néng Mossnamen:

  1. d'Formatiounsoffer am Beräich vun de Sportsaktivitéiten erweideren;
  2. e Vademecum Jugendaarbecht ausschaffen;
  3. eng Strategie Jugendaarbecht vun der Zukunft an Zesummenaarbecht mat der Jugend an de Partner ausschaffen;
  4. d'Kompetenzen a Verbindung mam Gebrauch vun de soziale Medie verstäerken an déi digital Ëmgangsforme fërderen;
  5. eng mobil psychologesch Ekipp schafen;
  6. d'Promotioun vun de Life Skills ausbauen;
  7. an Zesummenaarbecht mat der Universitéit Lëtzebuerg spezifesch Modüllen an der zertifiéierter sozio-pedagogescher Animatioun ubidden;
  8. d'Zesummenaarbecht mat de Prestatairë vun den edukative Basisformatiounen (Lycée technique pour professions éducatives et sociales) verstäerken;
  9. der Jugend hir Ressourcë visibel maachen an negativ Stereotyppen ofbauen.

3. Der Jugend eng Stëmm ginn an déi verschidde Partner matenee verknëppen

Déi verschidden Acteuren, déi sech besonnesch fir d'Jugend asetzen, hunn dat selwecht Zil: deene Jonken hëllefen a se ënnerstëtzen.

Den Austausch tëschent deene verschiddene Professionellen aus dem psycho-sozio-pedagogesche Beräich ass also essenziell fir d'Koordinatioun vun de verschiddenen Aktiounen am Beräich vum Wuelbefannen an der Fërderung vun der physescher a mentaler Gesondheet vun de Jonken.

Fir dëst ze maachen, ass et wichteg, fir d'Verknëppe vun de verstoppten Acteuren ze vereinfachen. An dësem Sënn mussen d'Verbindungen tëschent de formellen an net formellen Institutioune verstäerkt ginn. Et geet drëm, déi gëeegent Methoden a Moyene fir gemeinsam Aktivitéiten ze entwéckelen, déi zum Wuelbefanne vun der Jugend bäidroen.

An engems muss d'Visibilitéit vun de besteeënden Offeren a Moossnamen, déi et op verschiddenen Niveaue gëtt, duerch fënnef Aktioune verbessert ginn:

  1. d’Zesummenaarbecht vun den Acteuren an der Suchtpreventioun stäerken;
  2. e Reseau vun Ambassadeure fir déi mental Gesondheet schafen;
  3. all Hëllefs- an Ënnerstëtzungsmoossname fir déi Jonk an engem nationale Katalog zesummefaassen;
  4. deene Jonken, déi Problemer hunn, besonnesch op emotionalem Plang, eng Informatiouns- an Orientéierungsapp zur Verfügung stellen;
  5. iwwer déi mental Gesondheet informéieren an en Dokumentatiounszenter schafen.

All d'Objektiver sinn am Jugendpakt, dem nationalen Aktiounsplang fir d'Jugend, detailléiert opgeféiert.

Aktualiséiert