Nationale Rapport iwwer d’Situatioun vun der Jugend

Den nationale Rapport iwwer d’Situatioun vun der Jugend ass eent vun den Instrumenter, mat deenen d’Jugendpolitik ëmgesat gëtt. All fënnef Joer leet de Minister, dee fir d’Jugend zoustänneg ass, der Chamber en nationale Rapport iwwer d’Situatioun vun der Jugend zu Lëtzebuerg (Rapport national sur la jeunesse) vir, an deem déi wëssenschaftlech Resultater, déi vun der Universitéit Lëtzebuerg ausgeschafft goufen, zesummegedroe sinn.

Et gëtt eng ausféierlech Analys vun de sozialen, gesellschaftlechen a perséinleche Problematiken, mat deenen déi Jugendlech konfrontéiert sinn, virgeluecht, an d’Chercheure schloen nei Aktiounspiste vir.

Op der Basis vun dësen Observatioune kënnen d’Froe fir déi zukünfteg politesch Aktioun bestëmmt ginn.

Déi wëssenschaftlech Erkenntnisser, déi am nationale Rapport iwwer d’Situatioun vun der Jugend zesummegedroe goufen, bilden zesumme mat de Consultatioune vun de Jugendlechen, de Professionellen, déi mat a fir d’Jugend schaffen, den Decideuren an den nationalen Institutiounen, déi vun der transversaler Jugendthematik betraff sinn, d’Grondlag fir d’Ausschaffe vum Jugendpakt (plan d’action national).  

Theemenorientéiert Etüden

Niewent dem nationale Rapport iwwer d’Situatioun vun der Jugend proposéiert d’Universitéit Lëtzebuerg och theemenorientéiert Etüden, déi am Kader vun der Jugendfuerschung zu Lëtzebuerg duerchgefouert ginn. An dësem Kontext gi vill ënnerschiddlech Dokumenter erstallt, dorënner zum Beispill: de soziale Rapport, d’Etüd iwwer d’Gesondheet vun de Kanner a Jugendlechen, d’Jugendëmfro Lëtzebuerg, d’Fuerschung via Ëmfro, d’Fuerschung an d’Evaluatioun am Beräich vun der non-formaler Bildung a soss Dokumentatioun.

Aktualiséiert