Prinzippien an Acteure vun der Jugendaarbecht

De Service de la jeunesse (Service vum Ministère) an de Service national de la jeunesse (SNJ) (Administratioun) schaffen an hire jeeweilege Beräicher (ënnen opgelëscht), fir d’Jugendpolitik ze definéieren, der Jugend zousätzlech Bildungsprogrammer an -aktivitéiten unzebidden, déi Professionell aus dësem Beräich ze forméieren, ze begleeden, ze beroden an ze ënnerstëtzen an d’pedagogesch Qualitéit vun den Offeren am Beräich vun der non-formaler Bildung ze iwwerwaachen.

Prinzippie vun der Jugendaarbecht

D’Aktioun am Beräich vun der Jugend berout op der non-formaler Bildung (ausserhalb vum schoulesche Kader) an op der „sozio-pedagogescher Animatioun“: eng breet Gamm u sozialen, kulturellen, edukativen, ekologeschen an/oder politeschen Aktivitéiten, déi vun, mat a fir déi jonk Leit duerchgefouert ginn, sief et a Gruppen oder op individueller Basis.

D’sozio-pedagogesch Animatioun ass hirem Wiesen no eng sozial Praxis, eng Aarbecht, déi mat de Jugendlechen a mat der Gesellschaft, an där si liewen, gemaach gëtt an déi drop ausgeriicht ass, hir Inklusioun an hir aktiv Participatioun um Liewen an der Gemeinschaft an d’Treffe vun Entscheedungen ze erliichteren.

De Leetprinzip vun der Jugendaarbecht ass eng fräiwëlleg a spontan Bedeelegung vun deene betraffene Jugendlechen.

Qualitéitssécherung

Dat geännert Gesetz vum 4. Juli 2008 iwwer d’Jugend huet e System fir d’Sécherstellung vun der Qualitéit am Beräich vun der non-formaler Bildung an der Aarbecht mat a fir Jugendlecher agefouert.

Fir d’Qualitéit vun de Leeschtunge vum ganze konventionéierte Secteur vun der Jugend (an der Kandheet) ze garantéieren, stäipt sech den Dispositif op fënnef Haaptelementer:

  • den Nationale Referenzkader fir d’non-formal Bildung vu Kanner a Jugendlechen, an deem d’Haaptziler genee ewéi d’Prinzippien an d’Charakteristike vun der non-formaler Bildung zu Lëtzebuerg festgeluecht sinn;
  • d’Verfaasse vun engem allgemenge pedagogesche Konzept (concept d’action général, CAG) fir all Bildungs- a Betreiungsstruktur fir Jugendlecher, déi eng finanziell Ënnerstëtzung vum Staat an Usproch hëlt;
  • d’Féiere vun engem Logbuch (journal de bord), an deem d’Ëmsetzung vum virdru genannten allgemenge pedagogesche Konzept dokumentéiert gëtt;
  • d’Opstelle vun engem Weiderbildungsplang (plan de formation continue) fir d’Personal aus dem Secteur;
  • d’Visitt vun de regionalen Agenten (AREG), déi iwwerpréiwe sollen, ob d’Bildungspraxis vun der Struktur mat hirem allgemenge pedagogesche Konzept iwwerteneestëmmt.

Finanziell Ënnerstëtzung vu Jugendorganisatiounen a Jugendservicer

Acteuren, déi Moossnamen a Projete fir déi Jonk an d’Liewe ruffen, egal ob Jugendveräiner oder Strukture fir Jugendlecher, kënne vum Ministère, dee fir d’Jugend zoustänneg ass, eng finanziell Ënnerstëtzung kréien.

Iwwer de Wee vu Konventioune kann de Staat sech esou un de Käschte fir d’Uschafung, de Bau, d’Ariichtung, den Ëmbau oder d’Moderniséierung vu Gebaier an Ekipementer bedeelegen.

De Ministère kann och Organisatiounen oder Veräiner Subside fir konkreet Moossnamen oder Aktivitéiten zu Gonschte vun der Jugend accordéieren.

Service de la jeunesse

De Service de la jeunesse ass e Service vum Ministère, deen déi verschidde Servicer an Acteuren, déi am Beräich vun der Jugend a fir d’Jugend zu Lëtzebuerg aktiv sinn a schaffen, begleet. Dëse Service stellt d’Zouloossungen an d’Konventiounen op, geréiert de Budget, suivéiert d’Dossieren an de Beräicher vum Logement, der Sucht, der affektiver a Sexualgesondheet an der Fuerschung, verwalt déi politesch Dossieren um nationalen, europäeschen an internationale Plang, setzt den Dispositif fir d’Qualitéitssécherung an Zesummenaarbecht mam Service national de la Jeunesse ëm asw.

Service national de la jeunesse

Den Aktiounsberäich vum Service national de la jeunesse (SNJ) ass déi non-formal Bildung. Dozou zielen all Bildungsaktivitéiten, déi ausserhalb vum formale Schoulsystem organiséiert ginn. Seng Offere riichte sech souwuel un déi Jonk wéi och un d’Acteuren am Beräich vun der Erzéiungsaarbecht mat Kanner a Jonker.

Déi véier Piliere vum SNJ sinn déi follgend:

Pedagogesch Offeren

Den SNJ bitt Bildungsaktivitéite fir Gruppe vu jonke Leit un, déi komplementar zu de Schoulprogrammer sinn.

Wéi säi Slogan „Jonker staark maachen, Rendre les jeunes plus forts“ et seet, besteet d’Zil doranner, deene Jonken ze hëllefen, sech zu verantwortungsvollen, aktiven a kritesche Bierger ze entwéckelen.

Den SNJ bitt Programmer an de follgenden Aktiounsberäicher un: d’Medien erliewen / d’Ekipp erliewen / de Sport erliewen / d’Natur erliewen / d’Kreativitéit erliewen / d’Mënscherechter erliewen.

D’pedagogesch Zentere vum SNJ sinn net nëmme fir d’Programmer an d’Projete vum SNJ reservéiert, mee si stinn och Jugendorganisatiounen op, déi hir eegen Aktivitéiten do organiséiere wëllen.

En anere wichtegen Aspekt vun der Aarbecht ass d’Formatioun. Fir säin Knowhow ze deelen, bitt den SNJ Formatioune fir spezialiséiert Animateuren a Weiderbildungsmodülle fir Professioneller am Beräich vun der Kanner- a Jugendaarbecht un. Seng pedagogesch Zentere kooperéieren och an nationalen an europäesche Reseauen, fir Erfarungen ze deelen an auszetauschen.

Iwwergang

Den SNJ ënnerstëtzt déi Jonk bei hirem Iwwergang an d’Beruffsliewe mat individueller Berodung a konkreeten Alternativen zur Inaktivitéit.

Déi Jugendlech kënne sech direkt un déi nooste lokal Antenn wenden. Dës Antenne sinn Ulafstelle fir Jonker, déi:

  • nach an der Schoul sinn, mee déi hir aktuell Schoul geschwë verloosse wäerten, ouni eng konkreet Léisung ze hunn;
  • de Schoulsystem ouni Ofschloss verlooss hunn;
  • mat der Schoul oder enger Beruffsausbildung (nees) ufänke wëllen;
  • aus der Inaktivitéit erauskomme wëllen.
  • An den eelef lokalen Antenne vum SNJ, déi iwwerall uechter d’Land verdeelt sinn, fannen déi Jonk:
  • individuell Begleedung a Berodung;
  • eng Offer vu strukturéierten Aktivitéiten, iwwer déi si d’Realitéite vun der Aarbechtswelt kenne léieren an e realistesche Beruffsprojet opstelle kënnen: Workshoppen, Fräiwëllegendéngschter, Entdeckungsstagen;
  • eng individuell Begleedung.

Ergänzt gëtt dës Offer duerch Formatioune fir d’Entwécklung vun de soziale Kompetenzen.

Fir déi Jonk beschtméiglech ze ënnerstëtzen, schaffen déi lokal Antenne vum SNJ mat villen Acteuren zesummen, besonnesch mat de Lycéeën an de Jugendhaiser, genee ewéi mat allen Hëllefsservicer fir Jugendlecher.

Fräiwëllegendéngschter ginn net nëmmen zu Lëtzebuerg ugebueden, mee och an Europa an an den Entwécklungslänner. Sou kréien déi Jugendlech d’Méiglechkeet, eng eemoleg Erfarung am Ausland ze maachen.

Ze bemierken ass och, datt den SNJ um Niveau vun der internationaler Mobilitéit den Accueil vu jonken Au-pairen zu Lëtzebuerg superviséiert. Dës Missioun gëtt vum Service Accueil de jeunes au pair iwwerholl.

Qualitéitsentwécklung

Den SNJ huet als Aufgab, de Suivi vun der pedagogescher Qualitéit an den non-formale Bildungsstrukturen (Bildungs- a Betreiungsstrukturen, Dageselteren, Jugendhaiser) sécherzestellen. Dëse Suivi gëtt vun de regionale Jugend-Agenten (agents régionaux „Jeunesse“) gemaach, déi reegelméisseg an déi betreffend Strukture ginn, fir sech mat de Responsabele vun dëse Strukturen iwwer d’Ëmsetzung vun de Richtlinne fir d’non-formal Bildung auszetauschen. Si orientéiere sech dobäi un de sechs „Dimensioune vun der Qualitéit“: Qualitéit vun der Betreiung, Qualitéit vum Amenagement vun der Struktur a vum Spillmaterial, Qualitéit vun der pedagogescher Offer, Qualitéit vun der Interaktioun mam Kand a Qualitéit vum interne Qualitéitsmanagement.

D’Haaptaufgab vun de regionalen Agente besteet doranner, d’Schwieregkeeten ze identifizéieren, op déi d’Strukture stoussen, a Recommandatiounen ze formuléieren. Dëst an engem konstruktive Sënn, fir d’Strukturen an hirer Entwécklung ze ënnerstëtzen.

De Feedback vun de regionalen Agenten erlaabt de Responsabele vum SNJ ausserdeem, d’Dispositiffe méi genee unzepassen (z. B. um Niveau vum Weiderbildungsprogramm oder vum pedagogesche Material).

Innovatioun

Den SNJ fërdert d’Entwécklung vun der Qualitéit an d’Innovatioun am Beräich vun der non‑formaler Bildung. E koordinéiert d’Weiderbildung fir d’Acteuren an der non-formaler Bildung. Am Kader vun nationale Konferenzen thematiséiert en aktuell Sujeten an erméiglecht en theoreeteschen a prakteschen Austausch.

E gëtt och eng grouss Panoplie vu pedagogeschem Material (Publikatiounen, Tutoriellen...) eraus, iwwer dat e Rotschléi an der Erzéiungspraxis ubitt, Best-practice-Beispiller vermëttelt an iwwer déi aktuell theoreetesch Stréimungen informéiert.

 

Aktualiséiert