Schoul an Elteren als Partner

D’Zesummenaarbecht tëscht den Elteren an der Schoul ass mat dat Wichtegst fir en erfollegräiche Parcours vum Schüler.

Den Enseignant organiséiert reegelméisseg Informatiounsreuniounen a Bespriechunge fir d’Eltere vun de Schüler, wou et virop ëm d’Ziler vum jeeweilegen Zyklus geet, d’Evaluatioun vun de Leeschtungen an d’Organisatioun vun der Klass, déi de Schüler besicht.

Den Enseignant rifft d’Elteren um Enn vum Trimester, fir se iwwer d’Léierfortschrëtter vun hirem Kand ze informéieren. D’Eltere si gebieden, dësen Opfuerderunge vu Säite vun der Schoul fir déi dräi Gespréicher d’Joer nozekommen (cf. d’Säit Evaluéieren).

Vertriedung

All dräi Joer wielen d’Eltere vun de Schoulkanner an all Schoul op d’mannst zwee Elterevertrieder. De Schoulcomité an d’Elterevertrieder gesi sech op d’mannst dräimol d’Joer, fir iwwer d’Propos fir d’Schoulorganisatioun wéi och den Entwécklungsplang vun der Schoul ze schwätzen, déi alle béid vum Schoulcomité ausgeschafft goufen.

D’Eltere sinn och vertrueden:

  • an der nationaler Elterevertriedung: Si bezitt all d’Schoulforme mat an a stellt eng demokratesch gewielte Vertriedung duer, déi als Porte-parole vun den Eltere fungéiert an eng berodend Funktioun vis-à-vis vum Educatiounsministère huet;
  • an der Schoulkommissioun vun der Gemeng (Commission scolaire communale): Hei kënnt et op kommunalem Plang zur Zesummenaarbecht tëschent de Vertrieder vun der Gemeng, dem Schoulpersonal an den Elteren;
  • an der nationaler Schoulkommissioun (Commission scolaire nationale): Si ënnerbreet dem Minister Proposen zu de Reformen, de Fuerschungsthemen, der Offer an der Weiderbildung an de Verbesserungen, déi si fir néideg hält. Déi zwee Elterevertrieder vun dëser Schoulkommissioun gi vum Minister genannt op Virschlag vun der repräsentativer Organisatioun vun den Elterevereenegungen (organisation représentative des associations des parents d’élèves).

D’Fédération des associations de parents d’élèves du Luxembourg (FAPEL) ass op nationalem Plang als representativ Organisatioun vun den Elterevereenegungen unerkannt.

Aktualiséiert