Léieren an Evaluéieren

Och haut nach léiert een an der Grondschoul liesen, schreiwen a rechnen; allerdéngs ass dat hautdesdaags net méi d’Zil u sech, ma d’Basis fir dat weidert Léieren.

Wat een an der Grondschoul léiert, ass d’Grondlag fir déi spéider Ausbildung, egal ob et ëm d’Léiere vun enger Sprooch, d’Erfaasse vun der Welt ronderëm een oder ëm d’Uneegene vun de sozialen Normen an de Reegele vum Zesummeliewe geet.

Duerfir ginn déi noutwenneg Kompetenzen definéiert, déi all Kand an der jeeweileger Etapp vu sengem Schoulparcours muss entwéckelen. Et sinn dës Kompetenzen, déi et dem Kand erméiglechen, e Qualifikatiounsniveau ze erreechen, deen senge Fäegkeeten an Interessien entsprécht. D’ Evaluatioun vun de Kompetenze geschitt aus zweeërlee Grënn: engersäits fir de Schüler a sengem Léierprozess ze guidéieren, him ze weisen, wou e steet, an e bei senge Fortschrëtter z‘ënnerstëtzen (formativ Beurteelung); anerersäits fir ze bescheinegen, datt en den Niveau (Kompetenzsockel) erreecht huet, fir an den nächsten Zyklus ze kommen (zertifikativ Beurteelung).

 

Hei fannt Dir weider Informatiounen:

Aktualiséiert