Hausaufgabenhëllef fir Schoulkanner

Vum Schouljoer 2022-2023 un organiséieren all Bildungs- a Betreiungsstrukturen (Crèchen, Maisons relais, Foyers scolaires an Dageselteren) eng qualitativ héichwäerteg Hausaufgabenhëllef fir d'Schoulkanner aus den Zyklen 2 bis 4 aus der Grondschoul.

En adaptéiert Ëmfeld, fest Auerzäiten, Verbindungsinstrument mam Enseignant, Definitioun vun der Roll vum Erzéiungspersonal, Informatioun vun den Elteren – all dës Elementer droen zesummen dozou bäi, datt Äert Kand seng Aufgaben ënnert de beschte Bedéngunge maache kann.

Äert Kand festegt d'Matière, déi an der Klass agefouert gouf, ënnert gudde Bedéngungen a verbessert esou seng Chancë fir eng schoulesch Reussite. Gläichzäiteg kritt Dir eng Aufgab ofgeholl, déi vill Plaz an Ärem Zäitplang anhuelen an d'Bezéiungen an der Famill belaaschte kann.

 

Wéi mellt Dir Äert Kand fir d'Hausaufgabenhëllef un?

D'Betreiung bei den Hausaufgaben zielt mëttlerweil zu de Leeschtungen, déi d'office fir Schoulkanner aus den Zyklen 2 bis 4 vun der Grondschoul ugebuede ginn, déi an enger Bildungs- a Betreiungsstruktur ageschriwwe sinn oder vun Dageseltere betreit ginn. Si ass gratis, well si fält ënnert den Dispositif vun de gratis Mesurë fir Schoulkanner wärend de Schoulwochen, vu 7:00 bis 19:00 Auer.

D'Kanner mussen net speziell fir d'Hausaufgabenhëllef ugemellt ginn, si mussen awer an enger Bildungs- a Betreiungsstruktur ageschriwwe sinn.

Virun dëser Aschreiwung sollt Dir awer wgl. iwwerpréiwen, ob Dir déi néideg Demarchë bei der Gemeng vun Ärem Wunnuert gemaach hutt, fir datt Äert Kand vum Chèque-service accueil (CSA) profitéiert.

Wéi sinn d'Hausaufgaben definéiert?

D'Hausaufgabe sinn Aufgaben, déi den Enseignant de Schüler gëtt, an déi si no de Schoulstonne maache sollen. Et si Widderhuelungsübungen, Verbesserungen oder Revisioune vu Sujeten, déi an der Klass behandelt goufen, mat deenen de Léierstoff soll gefestegt ginn. Wichteg ass, datt de Schüler seng Aufgaben ëmmer selbstänneg maache kann.

Wouranner besteet d'Hausaufgabenhëllef?

Den Educateur oder d'Dageselteren hëllefen Ärem Kand, seng Aarbecht ze organiséieren an d'Aufgaben ze verstoen, a kucken zesumme mat him, ob d'Aufgaben erleedegt sinn.

Wann Äert Kand Schwieregkeete bei enger Aufgab huet, droen den Educateur oder d'Dageselteren eng Remark an dat digitaalt Aufgabebichelchen, d’e-Bichelchen, an. Souwuel Dir wéi och den Enseignant kritt dann eng Noriicht geschéckt.

Dem Erzéiungspersonal gi Formatiounen an Zesummenaarbecht mam Institut de formation de l’Éducation nationale ugebueden, fir dës Hausaufgabenhëllef optimal assuréieren ze kënnen.

Wéi gëtt d'Hausaufgabenhëllef organiséiert?

An der Klass kritt Äert d'Kand d'Inhalter vu sengen Aufgaben erkläert.

No der Schoul kann et sech an der Bildungs- a Betreiungsstruktur oder bei den Dageselteren op enger roueger Plaz installéieren, fir seng Hausaufgaben ze erleedegen. Vu méindes bis donneschdes, jee no Struktur och freides, ass fir d'Hausaufgaben e feste Creneau virgesinn.

D'e-Bichelchen, wat ass dat?

Fir den Austausch tëschent den Enseignanten, den Educateuren an Iech, den Elteren oder Erzéiungsberechtegten, ze erliichteren, huet de Ministère en digitaalt Aufgabebichelchen agefouert, dat sou genanntent e-Bichelchen. Den Enseignant dréit d'Hausaufgaben an dëst Bichelchen an. D'Educateuren, d'Dageselteren an d'Elteren oder Erzéiungsberechtegten hunn och Zougrëff op d'Bichelchen. Si kënnen esou de Schüler superviséieren, deen d'Aufgaben, déi en erleedegt huet, ukräizt.

Ass d’Aarbecht mam e-Bichelchen obligatoresch?

D’e-Bichelchen ass den zentralen Outil vun der Hausaufgabenhëllef, dee säit der Rentrée 2022 benotzt gëtt. Dëst Schouljoer ass eng Iwwergangsphas, an där d’Enseignanten, d’edukatiivt Personal an de Bildungs- a Betreiungsstrukturen, d’Dageselteren, d’Elteren oder Erzéiungsberechtegten an d’Kanner selwer Zäit hunn, den Outil kennenzeléieren a sech mat senge verschiddene Funktionalitéiten ze familiariséieren.

An engem Online-Tutorial ginn d’Zouganksprozedur an déi wichtegst Funktionalitéite vum e-Bichelchen erkläert.

Wéi gëtt den Accès op d’e-Bichelchen organiséiert?

Wéi eng Schoulkanner hunn Accès op d’e-Bichelchen?

Am Kontext vun der Hausaufgabenhëllef ass d’e-Bichelchen accessibel fir d’Schüler aus de Cyclen 2 bis 4 vun der ëffentlecher Grondschoul. Dozou gehéieren och déi ëffentlech international Schoulen (Primär 1 bis 5) grad ewéi d’engleschsproocheg international Primärschoulsklassen aus der International School Michel Lucius (stages 1-6). D’Schüler, déi an eng privat Schoul, eng privat international Schoul oder eng europäesch Schoul ginn ginn (Schola Europaea Luxembourg I et II), hu keen Accès op d’e-Bichelchen.

Wie generéiert d’Accèse fir d’e-Bichelchen?

D’Enseignantë generéieren d’Accèsen op d’e-Bichelche fir d’Elteren, dat edukatiivt Personal an och d’Dageselteren. Falls den Zougankscode verluer geet, sinn et och d’Enseignanten, déi een neie generéieren.

Wou kann een sech aloggen?

D’e-Bichelchen ass accessibel via den Internetsite www.e-bichelchen.lu. Eng mobil Applikatioun (App) kann och am App Store an am Google Play Store erofgeluede ginn.

Wéi kréien d’Elteren oder Erzéiungsberechtegten Accès op d’e-Bichelche vun hirem Kand?

D’Elteren oder Erzéiungsberechtegte logge sech mat Hëllef vu LuxTrust an. An der Applikatioun musse si een Zougankscode aginn, deen an der Schoul vum Enseignant erausgedréckt gëtt an deen hiert Kand mat heembréngt. D’Elteren oder Erzéiungsberechtegte brauche keen IAM-Kont.

Den Zougankscode ass net op ee Schouljoer limitéiert, mee ass déi ganz Schoulzäit, déi d’Kand an der Grondschoul ass, gülteg.

Wéi kréien d’Elteren oder Erzéiungsberechtegten Accès op d’e-Bichelche vun hirem Kand, wa si kee LuxTrust hunn?

LuxTrust ass eng digital Identitéit, déi benotzt gëtt, fir Zougank zu enger ganzer Rëtsch vun Online-Déngschter ze kréien. Dëst gëlt och fir d’e-Bichelchen. Dat ass néideg, well et sech bei den Informatiounen am e-Bichelchen ëm perséinlech Donnéeën handelt.

Déi Elteren oder Erzéiungsberechtegten, déi nach kee LuxTrust hunn, kënnen dësen ufroen, iwwert de Site www.luxtrust.com.

Bis LuxTrust aktivéiert ass, kënne si sech iwwergangsweis mam Login vun hirem Kand (IAM a Passwuert) aloggen. Allerdéngs kréien déi Erwuessen nëmmen d’Funktionalitéiten ugewisen, op déi d’Kand Zougrëff huet. Wärend dëser Iwwergangsphas ass et awer och méiglech, fir d’Hausaufgaben iwwert en anere Wee ze kréien (beispillsweis op Pabeier).

Wéi kréien dat edukatiivt Personal an d’Dageselteren Accès op d’e-Bichelche vun deene Kanner, déi si betreien?

D’Educateuren aus de Bildungs- a Betreiungsstrukturen an d’Dageseltere kréie fir all Kand een aneren, speziell fir si geduechte Code, deen hinnen Accès op dat jeeweilegt digitaalt Aufgabebichelche gëtt. Dëse Code gëtt vun der Applikatioun automatesch generéiert a vum Enseignant erausgedréckt. D’Kand bréngt de Code op Pabeier mat an d’Bildungs- a d’Betreiungsstruktur oder bei d’Dageselteren.

Zyklus 1: Wat sinn déi praktesch Funktionalitéite vum e-Bichelche?

Wéi funktionéiert den Informatiounsaustausch iwwer d’e-Bichelchen?

D’Funktionalitéit „Norichten“ erlaabt et den Elteren oder Erzéiungsberechtegten an Enseignanten, Informatiounen anzeginn an ze kommunikéieren, wéi z. B. Detailer zur Organisatioun vun engem pedagogesche Klassenausfluch oder den Datum vum Schoulfest.

Wéi kënnen d’Elteren oder Erzéiungsberechtegten d’Léier- a Betreiungspersonal iwwer d’Absence vun hirem Kand informéieren?

D’Elteren oder Erzéiungsberechtegte gi fir all Dag vun der Absence d’Motiver (Krankheet vum Kand, Dokteschrendez-vous oder en anert Motiv, wéi den Doud vun engem Familljemember, e Cas de force majeure asw.) an déi concernéiert Acteuren (Schoul, Bildungs- a Betreiungsstruktur oder déi zwee) un. Eng optional Bemierkung ka bäigefüügt ginn. Eng Absence, déi scho fir d’Zukunft agedroe gouf, ka geläscht ginn. D’Absencë si fir all Schouldag affichéiert.

D’Entscheedung, ob den Absencësystem vum e-Bichelche benotzt gëtt oder net, ass dem Enseignant, dem Educateur oder den Dageselteren iwwerlooss. Esoubal se agedroe sinn, ginn déi ofgespäichert Absencen den Enseignanten an ‒ wann et zoutrëfft ‒ dem concernéierte Personal vun de Strukture per E-Mail matgedeelt. D’automatescht Verschécke kann an den Astellungen ausgeschalt ginn.

Wéi eng Sprooche si fir d’e-Bichelchen disponibel?

De User kann d’App op Däitsch oder op Franséisch benotzen. Onofhängeg vun der Sprooch, an där d’Beschreiwung vun der Aufgab oder d’Bemierkung verfaasst ginn ass, kann de User sämtlech Texter duerch en einfache Klick an d’Sprooch vun der App, déi en ausgewielt huet, iwwersetze loossen.

Et ass och virgesinn, fir d’Offer vun de Sprooche vun der App deemnächst duerch Lëtzebuergesch, Englesch a Portugisesch ze erweideren.

Zyklen 2-4: Wat sinn déi praktesch Funktionalitéite vum e-Bichelche?

Wéi funktionéiert den Informatiounsaustausch iwwer d’e-Bichelchen?

D’Funktionalitéit „Norichten“ erlaabt et den Elteren oder Erzéiungsberechtegten an Enseignanten, Informatiounen anzeginn an ze kommunikéieren, wéi z. B. Detailer zur Organisatioun vun engem pedagogesche Klassenausfluch oder den Datum vum Schoulfest.

Wie kann den Deel vun den Hausaufgaben, déi scho gemaach gi sinn, als ofgeschloss markéieren?

De Schüler selwer wéi och d’Elteren oder Erzéiungsberechtegten, d’edukatiivt Personal an de Bildungs- a Betreiungsstrukturen an d’Dageseltere kënnen Deelaufgaben als ofgeschloss markéieren. Mat der Hëllef vun dëser Funktioun gesinn d’Elteren oder Erzéiungsberechtegten, wellech Deelaufgabe vun enger Hausaufgab an de Bildungs- a Betreiungsstrukturen gemaach goufen a wellech nach opstinn, fir d’Hausaufgab doheem ganz fäerdeg ze maachen.

Wie kann d’Gesamtheet vun den Hausaufgabe als ofgeschloss markéieren?

Doheem kënnen d’Elteren oder aner Begleetpersounen, déi vun den Elteren den Zougankscode kritt hunn, d’Hausaufgabe cochéieren.

An enger Bildungs- oder Betreiungsstruktur kënne souwuel d‘Kanner ewéi d’Educateuren déi fäerdeg gemaachten Hausaufgabe cochéieren. D’Elteren oder Erzéiungsberechtegten confirméieren dat dann duerno.

Kënnen d’Elteren oder Erzéiungsberechtegten eng Remark an d’e-Bichelche schreiwen?

Jo, et ass méiglech, eng Remark zu den Hausaufgaben dranzeschreiwen, eng Informatioun ze ginn, eng Fro ze stellen, no enger Prezisioun ze froen asw. Den Espace, deen dofir virgesinn ass, ass op 250 Zeeche begrenzt fir sécherzestellen, dass d’Kommunikatioun prezis a verständlech bleift. Dës Aschränkung ass d’selwecht fir d’Enseignanten, d’Elteren oder Erzéiungsberechtegten, d’Personal vun de Bildungs- a Betreiungsstrukturen an d’Dageselteren.

D’Inscriptioune musse sech op d’Hausaufgabe beschränken. Sensibel Donnéeën, déi d’Kand betreffen (z. B. säi Gesondheetszoustand), kënnen net iwwermëttelt ginn, am Aklang mat der Reglementatioun iwwer den Dateschutz.

Wéi kënnen d’Elteren oder Erzéiungsberechtegten d’Léier- a Betreiungspersonal iwwer d’Absence vun hirem Kand informéieren?

D’Elteren oder Erzéiungsberechtegten gi fir all Dag vun der Absence d’Motiver (Krankheet vum Kand, Dokteschrendez-vous oder en anert Motiv, wéi den Doud vun engem Familljemember, e Cas de force majeure asw.) an déi concernéiert Acteuren (Schoul, Bildungs- a Betreiungsstruktur oder déi zwee) un. Eng optional Bemierkung ka bäigefüügt ginn. Eng Absence, déi scho fir d’Zukunft agedroe gouf, ka geläscht ginn. D’Absencë si fir all Schouldag affichéiert.

D’Entscheedung, ob den Absencësystem vum e-Bichelche benotzt gëtt oder net, ass dem Enseignant, dem Educateur oder den Dageselteren iwwerlooss. Esoubal se agedroe sinn, ginn déi ofgespäichert Absencen den Enseignanten an – wann et zoutrëfft – dem concernéierte Personal vun de Strukture per E-Mail matgedeelt. D’automatescht Verschécke kann an den Astellungen ausgeschalt ginn.

Wéi eng Sprooche si fir d’e-Bichelchen disponibel?

De User kann d’App op Däitsch oder op Franséisch benotzen. Onofhängeg vun der Sprooch, an där d’Beschreiwung vun der Aufgab oder d’Bemierkung verfaasst ginn ass, kann de User sämtlech Texter duerch en einfache Klick an d’Sprooch vun der App, déi en ausgewielt huet, iwwersetze loossen.

Et ass och virgesinn, fir d’Offer vun de Sprooche vun der App deemnächst duerch Lëtzebuergesch, Englesch a Portugisesch ze erweideren.

Mussen d’Kanner hir Hausaufgaben an de Betreiungs- a Bildungsstrukturen oder bei den Dageselteren maachen?

Wann d’Elteren oder Erzéiungsberechtegten net wëllen, datt hiert Kand seng Hausaufgabe wärend der Hausaufgabenhëllefzäit mécht, mussen si dem Responsabel  vun der Betreiungs- a Bildungsstruktur Bescheed soen. An dësem Fall kann d’Kand sech un aneren Aktivitéiten uschléissen.

Verbesseren den Educateur oder d’Dageselteren dem Kand seng Hausaufgaben, déi et wärend der Hausaufgabenhëllef gemaach huet?

Et gehéiert net zu den Aufgabe vum Personal aus de Bildungs- a Betreiungsstrukturen (Maison-relaisen, Foyer-scolairen) oder vun den Dageselteren), fir d'Aufgaben ze verbesseren oder de Kanner Léierstoff ze erklären, dee si net verstan hunn. Dat bleift d'Aufgab vum Enseignant. Si kënnen awer d’Consignen erklären a mam Kand kucken, ob et d’Hausaufgabe gemaach huet.

An enger Bildungs- oder Betreiungsstruktur kënne d‘Kanner an d’Educateuren déi fäerdeg gemaachten Hausaufgaben cochéieren. D’Elteren oder Erzéiungsberechtegten confirméieren dat dann duerno.

Wou fannt Dir Hëllef?

Fir weider Informatiounen oder bei Probleemer mat Ärem Accès zum e-Bichelchen kontaktéiert d’Helpline um 8002 9090 vu méindes bis freides vun 9:00 bis 12:00 Auer a vun 13:00 bis 16:00 Auer oder per E-Mail op helpdesk@e-bichelchen.lu.

Aktualiséiert