Garantéiert pedagogesch Qualitéit an de Bildungs- a Betreiungsstrukturen

D'Qualitéit beschränkt sech net op d'Infrastrukturen an d'Sécherheetsnormen. Fir d'Zukunft vun all Kand, an domat vun der nächster Generatioun, virzebereeden, huet de Staat am September 2016 en Dispositif agefouert, deen d'pedagogesch Qualitéit garantéiere soll an dee fir all Bildungs- a Betreiungsstrukturen, Minicrèchen an Dageselteren gëllt, déi Prestatairë vum Chèque-service-accueil-System (CSA) sinn.

  • En nationale Referenzkader fir déi pedagogesch Aarbecht:

D'pedagogesch Aarbecht vum Erzéiungspersonal oder den Dageseltere baséiert um nationale Referenzkader fir non-formal Bildung (PDF, op Franséisch). Hei ginn déi allgemeng Zilsetzungen a pedagogesch Prinzippie beschriwwen, déi am Interêt vun de Kanner ëmgesat musse ginn. De Referenzkader gëtt och eng Hëllef beim Plange vu pedagogeschen Aktivitéiten. Am Mëttelpunkt vun de Beméiunge stinn d'Selbstännegkeet, d'fräiwëllegt Matmaachen, d'Léieren duerch de Grupp ronderëm d'Bild vun engem „kompetente Kand”, dat vu Gebuert un divers Fäegkeeten an Interessien huet.

  • Eng breet Weiderbildungsoffer fir d'Personal vun de Bildungs- a Betreiungsstrukturen a fir d'Dageselteren:

D'Weiderbildung vum Personal ass e wichtegt Element, fir d'Qualitéit vun der pedagogescher Betreiung ze garantéieren. Zanter Ufank 2022 bitt de Staat gratis Formatioune fir d'Erzéiungspersonal an d'Dageselteren un. D'Weiderbildungsoffer gëtt och ausgedeent an op nationalem Plang koordinéiert.

Doriwwer eraus ginn eng professionell Begleedung fir d'Direktiounsekippe vun de Bildungs- a Betreiungsstrukturen a speziell Formatioune fir dat technescht an administratiivt Personal ugebueden.

  • Eng reegelméisseg Kontroll:

D’Qualitéitsberoder vun der Agence pour le développement de la qualité dans les secteurs de l’Enfance et de la Jeunesse (AQUEN) begleeden d’Ekippe vun de Bildungs- a Betreiungsstrukturen an de Mini-Crèchë souwéi d’Dageseltere bei der Ëmsetzung vun engem Konzept fir Qualitéitsentwécklung, deen un d’Bedierfnesser vum Terrain, vun de Kanner an de Jugendlechen ugepasst gëtt.

De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend kontrolléiert, ob déi gesetzlech a reglementaresch Ufuerderungen erfëllt ginn.

Aktualiséiert