Méisproocheg Erzéiung fir net ageschoulte Kanner vun 1 bis 4 Joer

National an international Experte bestätegen, datt kleng Kanner méi Sproochen zur selwechter Zäit kënne léieren, op eng natierlech an intuitiv Aart a Weis. Studie beleeën, datt kleng Kanner, déi dacks mat méi wéi enger Sprooch a Beréierung kommen, eng gewësse Liichtegkeet entwéckelen, wat d’Léiere vun neie Sproochen, awer och d’Entwécklung vu kognitive Kompetenze betrëfft (vergläichen, analyséieren, prioriséieren …). E Virdeel, vun deem si hiert ganzt Liewe profitéieren.

De Staat notzt dës eenzegaarteg Méiglechkeet an ënnerstëtzt déi kleng Kanner an hirer Sproochentwécklung mat engem Programm fir eng méisproocheg Erzéiung, deen 2017 an de Bildungs- a Betreiungsstrukture fir net ageschoulte Kanner vun 1 bis 4 Joer agefouert gouf.

Am Kader vun dëser méisproocheger Erzéiung héiert Äert Kand haut déi Sproochen, déi et muer schwätze wäert. Dat entsprécht engem konkreete Besoin an eisem Land, dat esou multikulturell a villsproocheg ass.

D'Kand mat Lëtzebuergesch a Franséisch a Kontakt bréngen a gläichzäiteg d'Sproochen, déi doheem geschwat ginn, fërderen

De Programm fir eng méisproocheg Erzéiung riicht sech u Kanner vun 1 bis 4 Joer a gëtt an alle Bildungs- a Betreiungsstrukturen a Minicrèchen ugebueden, déi dem CSA-System ugehéieren an déi berechtegt Kanner ophuelen.

De fréien an deegleche Kontakt mam Lëtzebuergeschen a Franséische geschitt op eng spilleresch Aart a Weis an ass dem Alter an dem Rhythmus vun de Kanner ugepasst. Zil ass, d'Potenzial vun de klenge Kanner, déi vun Natur aus virwëtzeg sinn, ze stimuléieren, ouni Drock an Zwang – am Alldag, beim Iessen, Spadséieregoen, Spillen, mat Reimen asw.

D'Sproochen, déi doheem geschwat ginn, ginn dobäi net vernoléissegt. D’Kanner ginn dozou ugehalen, sech an hirer Sprooch auszedrécken, well dat fir hir sproochlech Entwécklung, awer och fir d’Entwécklung vun hirer Identitéit, wichteg ass. Dës Wäertschätzung mécht d’Kanner virwëtzeg, si fänken un, sech fir déi verschidde Kulturen a Sproochen, déi ronderëm si geschwat ginn, ze interesséieren.

E Virdeel fir all Kand

De Programm fir eng méisproocheg Erzéiung ass e wichtegen Deel vun der Regierung hirer Chancëgläichheetspolitik. D'Kanner profitéiere vun dëser Approche, onofhängeg vun der Sprooch, déi si schwätzen.

Well si vu Klengem u mat Lëtzebuergesch a Franséisch konfrontéiert ginn, entdecken d’Kanner, wéi vill Spaass et ka maachen, zwou Sproochen ze héieren an sech an zwou Sprooche kënnen auszedrécken. Si sinn deemno besser virbereet, wa si an d’Schoul kommen.

Lëtzebuergesch ass e wichtegen Integratiounsfaktor. Kanner, déi doheem keen oder just wéineg Lëtzebuergesch schwätzen, kënnen duerch dës fréi Sensibiliséierung d’Sprooch méi séier léieren.

Den deeglechen a spilleresche Kontakt mat der franséischer Sprooch bitt de Kanner, déi doheem kee Franséisch schwätzen,  en natierlechen, entspaanten Zougang zu dëser Sprooch. Fir d’Kohärenz an d’Kontinuitéit ze garantéieren, gëtt de spillereschen Ëmgang mat der franséischer Sprooch am Zyklus 1 vun der Grondschoul weidergefouert. D’Kanner profitéieren hei alleguer dervun, onofhängeg dovun, ob et den éischte Kontakt mat dëser Sprooch ass oder si scho virdrun eng méisproocheg Betreiung haten.

Wat d’Kanner besser op eis méisproocheg Gesellschaft a Schoul virbereet sinn, wat hir Chancen op e spéideren Erfolleg am Liewe méi grouss sinn!

20 Stonne Gratisbetreiung (fir Kanner vun 1 bis 4 Joer, ënnert bestëmmte Viraussetzungen)

Net ageschoulte Kanner vun 1 bis 4 Joer, déi an e Bildungs- a Betreiungsdéngscht (Crèche) oder eng Minicrèche ginn, déi dem CSA-System ugeschloss sinn, solle vum Programm fir eng méisproocheg Erzéiung profitéiere kënnen. Duerfir ginn 20 gratis Betreiungsstonnen ugebueden, dëst iwwer 46 Wochen d’Joer.

E Kand, dat a Vollzäit an enger Klass vun der Éducation précoce ageschriwwen ass, profitéiert net vu gratis Stonnen am Kader vum méisproochegen Erzéiungsprogramm. Dogéint profitéiert e Kand, dat net a Vollzäit an eng Klass vun der Éducation précoce geet, vun 10 Gratisstonne pro Woch am Kader vum méisproochegen Erzéiungsprogramm, an dat wärend 46 Wochen am Joer.

Qualifizéiert pedagogescht Personal

Déi méisproocheg Erzéiung an de Bildungs- a Betreiungsstrukture gëtt vu qualifizéiertem, speziell ausgebiltem Fachpersonal assuréiert. D'Betreiungspersonal kritt Aus- a Weiderbildungen ugebueden, déi hinne fundéiert Kenntnisser am Beräich vum Sproocheléiere bei Kanner vermëttelen.

E wëssenschaftleche Rot, fir de Programm fir eng méisproocheg Erzéiung ze begleeden

Fir de Programm fir eng méisproocheg Erzéiung ze begleeden, gouf e wëssenschaftleche Rot an d’Liewe geruff. Dëse Rot setzt sech zesummen aus 12 nationalen an internationalen Experten aus ënnerschiddleche Beräicher wéi der Entwécklung vum klenge Kand, der Méisproochegkeet, der Sproochentwécklung an der méisproocheger Erzéiung. Mat hire fachlechen Avisen an hirer konstruktiver Kritik droe si zur Weiderentwécklung vun de Bildungspraktike bäi a garantéieren, datt d’Moossnamen adequat a kohärent sinn.

Aktualiséiert