Gratis Mesuren: Non-formal Bildung fir jiddwereen zougänglech maachen

Mat enger Rei vu Mesuren, déi deelweis gratis sinn an den Elteren hir Käschte reduzéieren, soll fir all d’Kanner den Zougang zu enger qualitativ héichwäerteger Betreiung an zu der non-formaler Bildung vereinfacht ginn, onofhängeg vun der Bildungs- a Betreiungsstruktur, an déi si ginn. Domat dréit de Staat zu enger verbesserter Chancëgläichheet bäi.

De Chèque-service accueil (CSA)

Bedeelegung vun den Elteren

Fir d’Famillen ze ënnerstëtzen, gëtt bei der Berechnung vum Chèque-service accueil der familiärer Situatioun Rechnung gedroen.

D’Héicht vun der staatlecher finanzieller Bedeelegung (d. h. vum Chèque-service accueil) an d’Héicht vun der finanzieller Bedeelegung vun den Eltere gëtt vu Fall zu Fall berechent an hänkt vu follgende Krittären of:

  • dem Akommes vum Stot, an deem d’Kand lieft (bestuete Koppelen, gepacste Partner oder Elteren, déi zesummeliewen, ginn d’selwecht behandelt);
  • der Zuel vun de Kanner, fir déi Kannergeld bezuelt gëtt, an dem Rang vum Kand an der Folleg vun de Geschwëster;
  • der Aart vu Struktur (Betreiung an enger Bildungs- a Betreiungsstruktur, Mini-crèchen oder bei Dageselteren);
  • der Zuel vu Stonnen, déi d’Kand an der Bildungs- a Betreiungsstruktur betreit gëtt;
  • den altersspezifesche Virdeeler vum Kand (méisproochege Bildungsprogramm, deels gratis Molzechten a gratis Betreiung fir schoulflichteg Kanner).

Mam Tablo iwwer d’finanziell Bedeelegung vun den Elteren (PDF) kënnen d’CSA-Tariffer berechent ginn, op déi d’Elteren Usproch hunn.

Staatlech Bedeelegung

  • De Staat bedeelegt sech finanziell u maximal 60 Betreiungsstonnen d’Woch.
  • D’staatlech Bedeelegung beleeft sech op maximal 6 Euro/Stonn fir e Kand, dat an enger Bildungs- a Betreiungsstruktur ass.
  • Si beleeft sech op 5,40 Euro/Stonn fir e Kand, dat daagsiwwer vun Dageseltere versuergt gëtt.
  • De Staat bedeelegt sech u 5 Haaptmolzechten d’Woch (kuckt d’Konditiounen) a bitt bis zu 20 Betreiungsstonnen am Kader vun der méisproocheger Bildung un (kuckt d’Konditiounen).

Privat Bildungs- a Betreiungsstrukturen a Mini-crèchen, genee ewéi Dageselteren, kënnen hir Stonnentariffer fräi festleeën. Käschten, déi iwwer dat erausginn, wat hei driwwer opgelëscht ass, mussen d’Elteren iwwerhuelen.

D’Bedeelegung vun den Eltere gëtt op der Basis vun hirem versteierbaren Akommes berechent. Net mat agerechent ginn heibäi d’Kannergeld, d’Allocation de rentrée scolaire, d’Allocations de naissance, d’finanziell Ënnerstëtzunge vun de Sozialbüroen oder privaten Hëllefswierker.

Wärend de Schoulvakanzen Deeg sinn d’Käschte fir d’Betreiung vun net schoulflichtege Kanner op 100 Euro d’Woch begrenzt, de Präis fir d'Molzechte kënnt hei awer nach derbäi. Et gëtt kee Plaffong fir schoulflichteg Kanner (kuckt de Punkt: Schoulkanner: Gratis Betreiung a Molzechte wärend de Schoulperioden).

D’Eltere kréien all Mount eng Rechnung iwwer déi Betreiungsleeschtungen, déi si an Usproch geholl hunn. D’Ofrechnung kann een am gesécherte Beräich vum Espace chèque-service um eduGuichet-Portail consultéieren.

Centre de ressources Chèque-service accueil („Helpdesk”) 

De Centre de ressources („Helpdesk”) ass do, fir all Är Froe ronderëm de Chèque-service accueil (CSA) ze beäntweren.

Elteren a Prestatairë vum Chèque-service accueil kënnen den Helpdesk iwwer E-Mail kontaktéieren (helpdesk@chequeservice.lu) oder iwwer Telefon (8002 1112, vu méindes bis freides tëschent 7:00 an 19:00 Auer).

D'Mesuren, déi deelweis gratis sinn

20 gratis Betreiungsstonnen (fir Kanner vun 1 bis 4 Joer, ënnert bestëmmte Viraussetzungen)

Fir Chancëgläichheet beim Zougang zum méisproochegen Erzéiungsprogramm ze garantéieren, hunn net ageschoulte Kanner am Alter vun 1 bis 4 Joer, déi an engem Bildungs- a Betreiungsdéngscht (Crèche) oder enger Mini-crèche ugemellt sinn, déi dem CSA ugeschloss sinn, wärend 46 Wochen am Joer Usproch op 20 gratis Betreiungsstonnen. Dës Gratisoffer gëllt onofhängeg vum Akommes vun hiren Elteren. Déi aner Virdeeler vum Chèque-service accueil gëllen ab der 21. Betreiungsstonn.

E Kand, dat a Vollzäit an enger Klass vun der Éducation précoce ageschriwwen ass, profitéiert net vu gratis Stonnen am Kader vum méisproochegen Erzéiungsprogramm. Dogéint profitéiert e Kand, dat net a Vollzäit an eng Klass vun der Éducation précoce geet, vun 10 gratis Stonne pro Woch am Kader vum méisproochegen Erzéiungsprogramm, an dat wärend 46 Wochen am Joer.

De méisproochege Programm, deen am Oktober 2017 an alle Bildungs- a Betreiungsstrukture a Mini-crèchen, déi dem CSA-System ugeschloss sinn, agefouert gouf, soll Kanner vun 1 bis 4 Joer mat der lëtzebuergescher a franséischer Sprooch familiariséieren. E baséiert op der Feststellung, datt een eng Sprooch ëmsou méi liicht léiert, jee éischter een domat a Kontakt kënnt.

Di betraffe Kanner profitéieren esou vun enger qualitativ héichwäerteger Bildungsoffer, déi besonnesche Wäert op d’Sproochentwécklung leet.

Schoulpflichteg Kanner: Gratis Betreiung an Haaptmolzechte wärend de Schoulperioden

D’Strukture vun der non-formaler Bildung zielen zu deene Plaze vun der gesellschaftlecher Fërderung, déi dem Kand hëllefen, sech déi Kompetenzen unzëeegnen, déi fir säi schoulesche Parcours a seng Entwécklung indispensabel sinn. Aus deem Grond gouf dofir gesuergt, datt vum 12. September 2022 un d’Betreiung an d’Molzechte vun de Schoulkanner wärend de Schoulperiode gratis sinn, an dat onofhängeg vum Akommes vum Stot, an deem d’Kand lieft.

Gratis Betreiung

D’gratis Betreiung gëllt fir:

  • schoulflichteg Kanner (vu 4 Joer un, mam Gebuertsdag virum 1. September), déi an d'Grondschoul oder eng vergläichbar Schoul ginn (de Precoce ass net betraff);
  • all Aart vu Bildungs- a Betreiungsstruktur (Maison relais, Foyer, Mini-crèchean Dageselteren);
  • d’Schoulperioden, vu méindes bis freides tëschent 7:00 an 19:00 Auer.

Fir d’Betreiungsstonnen, déi baussent dësen Auerzäite leien, gëllt de Barème vum Chèque service-accueil als Basis fir d’Berechnung vun der finanzieller Bedeelegung vun den Elteren oder Erzéiungsberechtegten.

Wärend de Schoulvakanze gëllen an de Bildungs- a Betreiungsstrukturen d’Tariffer vum Chèque-service accueil. De Plaffong vu bis elo 100 Euro d‘Woch gëtt fir schoulflichteg Kanner ofgeschaaft.

Deelweis gratis Haaptmolzechten

D’Molzechte si speziell a geselleg Momenter am Kand sengem Alldag, déi him erlaben, méi selbststänneg ze ginn. Eng gesond an equilibréiert Ernärung dréit zu senger Gesondheet a sengem Wuelbefanne bäi.

Di deelweis gratis Molzechte gëlle fir:

  • schoulflichteg Kanner (vu 4 Joer un, mam Gebuertsdag virum 1. September), déi an d’Grondschoul oder eng vergläichbar Schoul ginn (de Precoce ass net betraff);
  • all Aart vu Bildungs- a Betreiungsstruktur (Maison relais, Foyer, Mini-crèchen an Dageselteren);
  • d’Schoulperioden.

Wärend de Woche vun der Schoulvakanz kënne just Stéit mat engem Akommes vu manner ewéi dem Zweefache vum Mindestloun vun dëse gratis Molzechte profitéieren. Fir d’Molzechte vu Kanner aus Stéit mat engem Akommes, dat méi héich ass ewéi dat Zweefacht vum Mindestloun, gëllt de Barème vum CSA.

Demarchen an Umeldungen

Kontrakt fir de Bäitrëtt zum CSA-System

Wann Dir zu Lëtzebuerg wunnt, kënnt Dir de Bäitrëtt zum System vum Chèque-service accueil (CSA) bei der Gemeng vun Ärem Wunnuert ufroen. Wann Dir net am Grand-Duché wunnt, kënnt Dir Iech un d’Zukunftskeess wenden.

Et ass wichteg ze wëssen, datt dëse Bäitrëtt Iech awer net dovunner entbënnt, Äert Kand selwer bei enger CSA-Bildungs- a Betreiungsstruktur vun Ärem Choix unzemellen. D’Kanner ginn op der Basis vun de fräie Plazen a vun de Prioritéiten, déi d‘Bildungs- a Betreiungsstruktur festleet, ugeholl.

Beim Bäitrëtt kritt Dir fir all Kand e Bäitrëttskontrakt, deen déi follgend Informatiounen enthält:

  • d’CSA-Tariffer, déi fir dat jeeweilegt Kand gëllen;
  • d’finanziell Bedeelegung vun den Eltere fir all Haaptmolzecht;
  • d’Dauer vum Kontrakt, den Datum vum Ufank a vum Enn vum Kontrakt.

De Bäitrëtt zum CSA-System ass zu all Moment méiglech. De Kontrakt deckt ëmmer e ganze Mount of a leeft bis zum Datum, deen uginn ass, nach mat. De Vertrag muss am Mount, nodeem en ofgelaf ass, verlängert ginn. D’Eltere ginn op hire Rechnunge benoriichtegt.

Nodeem Dir Äert Kand beim Chèque-service accueil ugemellt hutt, hutt Dir Zougang zum gesécherte Beräich um eduGuichet-Portail, deen eng Rei vu Funktionalitéiten a Virdeeler ubitt:

  • Méiglechkeet, all Mount Är Rechnungen an Ofrechnunge vum CSA ze consultéieren;
  • Méiglechkeet, d’Woche vun der méisproocheger Erzéiung ze änneren (betrëfft just Kanner am Alter vun 1 bis 4 Joer, déi an enger Bildungs- a Betreiungsstruktur oder enger Minicrèche betreit ginn);
  • Zougang zu pedagogeschem Material.

Méisproocheg Erzéiung: Wochen, an deenen d’gratis Betreiung net gëllt

Am Kader vum méisproochegen Erzéiungsprogramm sinn am Prinzip sechs Woche virgesinn, wärend deenen déi 20 gratis Betreiungsstonnen net gëllen.

Fir d’Joer 2024 goufen dës Woche par defaut festgeluecht op:

  1. d’Woch vum 1. bis de 7. Abrëll an der Ouschtervakanz 2024;
  2. d’Päischtvakanz vum 27. Mee bis den 2. Juni 2024;
  3. d'Woch vum 29. Juli bis de 4. August an der Summervakanz 2024;
  4. d’Woch vum 5. bis den 11. August an der Summervakanz 2024;
  5. d’Woch vum 12. bis den 18. August an der Summervakanz 2024;
  6. d'Allerhellegevakanz vum 28. Oktober bis den 3. November 2024;
  7. d'Woch vum 23. Dezember bis den 29. Dezember an der Chrëschtvakanz 2024.

Et steet Iech fräi, dës Verdeelung ze änneren, fir se un Är Besoinen unzepassen (z. B. wann Dir an d’Vakanz gitt). Eng Ännerung kann zu all Moment virgeholl ginn, soulaang d'Rechnungsperiod nach net eriwwer ass. All eventuell Verrechnung baséiert op dësem Choix vu Wochen.

Mir roden Iech staark, déi 6 Wochen, wärend deenen d’Betreiung net gratis ass, an d’Schoulvakanzen ze leeën, well wärend dëse Wochen de Präis fir d’Betreiung vu Kanner, déi nach net an d’Schoul ginn, ëmmer op maximal 100 €/Woch begrenzt ass (Molzechten an aner eventuell Supplementen net abegraff).

An Ärem Espace chèque-service um eduGuichet-Portail fannt Dir e Video, deen Iech dës Funktionalitéit erkläert.

Aktualiséiert