Grouss a staark ginn: Esou kënne Kanner sech entwéckelen an entfalen

D'Betreiung huet sech verännert, et geet net méi nëmmen drëm, op Äert Kand „opzepassen”. Wann Dir Äert Kand enger Bildungs- a Betreiungsstruktur uvertraut, musst Dir Iech kënnen drop verloossen, datt d’Betreiung de Besoine vum Kand entsprécht an et a senger Entwécklung ënnerstëtzt.

De Kanner vun engem fréien Alter un hëllefen, hir Plaz an der Gesellschaft ze fannen, hire Bedierfnesser nolauschteren, hir perséinlech Entwécklung an hir Eegestännegkeet stimuléieren, hir Inclusioun an hiert Wuelbefanne fërderen an hir Participatioun ënnerstëtzen – dat sinn d’Missioune vum edukative Personal an de Bildungs- a Betreiungsstrukturen.

Fir Ärem Kand déi bescht Erfollegschancen ze bidden, huet d’Regierung d'pedagogesch Qualitéit zur nationaler Prioritéit erkläert.

Siwe wichteg Beräicher fir d'allgemeng Entwécklung vun ärem Kand

D'Bildungs- a Betreiungsstrukture si gehalen, de Kanner Léiererfarungen a -méiglechkeeten a siwe Beräicher, déi fir hir allgemeng Entwécklung wichteg sinn, ze bidden:

Handlungsfeld 1: Emotiounen a sozial Bezéiungen

Andeem si all Dag zesumme sinn, matenee spillen an och mat Erwuessenen ze dinn hunn, léieren d’Kanner mateneen ze schaffen, deenen aneren hir Meenung ze akzeptéieren, Emotiounen ze kontrolléieren a mat Konflikter ëmzegoen.

 

Video (op Franséisch): Emotiounen a sozial Bezéiungen

Handlungsfeld 2: Wäerter, Partizipatioun an Demokratie

Bei den deeglechen Aktivitéite léieren d’Kanner den Ëmgang mateneen: zesummen un eppes deelzehuelen, déi aner ze akzeptéieren, sech an de Gruppeprozess ze integréieren.

 

Video (op Franséisch): Wäerter, Partizipatioun an Demokratie

Handlungsfeld 3: Sprooch, Kommunikatioun a Medien

Zu Lëtzebuerg ginn an de Bildungs- a Betreiungsstrukturen a bei den Dageselteren, genee ewéi an der Gesellschaft allgemeng, vill verschidde Sprooche benotzt. Dofir kënnt der Sproochentwécklung vun Ärem Kand eng besonnesch Opmierksamkeet zou: D’Betreier schwätze Lëtzebuergesch a Franséisch mat de Kanner an och der oder de Sprooch(en), déi doheem geschwat gëtt oder ginn, gëtt Rechnung gedroen. D’Kanner ginn encouragéiert, mateneen ze schwätzen, d’Educateure liesen hinnen aus Bicher vir, erziele Geschichten, organiséiere kleng Rollespiller ...

 

Video (op Franséisch): Sprooch, Kommunikatioun a Medien

Handlungsfeld 4: Ästhetik, Kreativitéit a Konscht

De Kanner solle villfälteg kreativ Aktivitéiten ugebuede ginn: Musek, Danz, rhythmesch Aktivitéiten, kleng Opféierungen, Eruféieren u Konschtwierker…

 

Video (op Franséisch): Ästhetik, Kreativitéit a Konscht

Handlungsfeld 5: Beweegung, Kierperbewosstsinn a Gesondheet

D’Kanner ginn dozou ugehalen, sech ze beweegen, dobaussen an dobannen, fir datt se hir motoresch Fäegkeeten entwéckele kënnen. Si léieren, gesond z’iessen, zesumme mat deenen aneren.

 

Video (op Franséisch): Beweegung, Kierperbewosstsinn a Gesondheet

Handlungsfeld 6: Naturwëssenschaft an Technik

D’Kanner ginn op eng spilleresch Aart a Weis un d’Mathematik, d’Technik, d’Naturwëssenschaften an d’Natur am Allgemengen erugefouert.

 

Video (op Franséisch): Naturwëssenschaft an Technik

Handlungsfeld 7: Iwwergäng

De Bildungsparcours vun de Kanner ass vu villen Iwwergäng a Wiesselen vun enger Schoul oder Struktur an di nächst gepräägt. Bei deene ganz Klengen ass dat de Wiessel aus dem familiären Ëmfeld an d’Crèche, bei deene méi Groussen den Antrëtt an d’Schoul an an d’Maison relais asw. Bei dësen Etappen ass besonnesch Opmierksamkeet an eng gutt duerchduechte Begleedung gefrot. E gelongenen Iwwergang stäerkt d’Selbstvertrauen, fërdert d’Selbstännegkeet an d’Entwécklung vu Kompetenzen.

Aktualiséiert