Zougang zum perséinlechen Dossier vun den ONE-Beneficiairen

Nom Artikel 7 vum geännerte Gesetz vum 16. Dezember 2008 iwwer d’Kanner- a Familljenhëllef kann d’Kand – soubal et an engem Alter ass, wou et fäeg zu engem Uerteel ass – an och seng Elteren den Dossier, dee beim Office national de l’enfance (ONE) deposéiert ass, consultéieren. Dat betrëfft virun allem déi administrativ a sozio-pädagogesch Dokumenter am perséinlechen Dossier.

Den Demandeur brauch kee „berechtegten Intressi“ nozeweisen a muss seng Demande och net begrënnen. Op der schrëftlecher Demande, fir sech den Dossier däerfen unzekucken, mussen di follgend Date stoen:

  • Numm (Gebuertsnumm);
  • Virnumm;
  • Uert, wou ee gebuer as;
  • d’Coordonnéeë vum Demandeur.

D’Demande ass un dës Adress ze schécken:

Michèle Bressanutti
Direction de l’Office national de l’enfance
33, Rives de Clausen
L-2165 Luxembourg

E-Mail: one@one.etat.lu

Den ONE proposéiert e Rendez-vous. E Mataarbechter vum ONE steet zur Verfügung, fir dem Demandeur eventuell mat Erklärungen zur Säit ze stoen.

Aktualiséiert