Ënnerstëtzung a Begleedung

Fir déi Famillen ze ënnerstëtzen, déi an hirem Alldag mat schwierege Situatioune konfrontéiert sinn, gëtt et verschidden Zorte vun ambulanten a stationäre Mesuren.

Dës Mesurë gi vum Office national de l’enfance (ONE) proposéiert, deen di individuell Situatioun vun der Famill aschätzt an dono Hëllef an Ënnerstëtzung ubitt, déi op d‘Bedierfnesser vun der Famill zougeschnidde sinn. Meeschtens gëtt dës Ënnerstëtzung vun engem vun den Déngschtleeschter vum ONE geliwwert.

Nodeem den ONE kontaktéiert gouf, dee sech ëm verschidde Moossnamen zum Deel selwer oder och ganz ka këmmeren, ginn d’Famillen un aner Prestatairë weidergeleet, déi sech hire Besoinen am beschte kënnen unhuelen.

Ambulant Mesuren

Ënnerstëtzung duerch en Interventiounscoordinateur

Fillt Dir Iech vun Ärer familiärer Situatioun iwwerfuerdert? Géift Dir gären dës Situatioun änneren, Dir wësst awer net, wou Dir sollt ufänken?

En Interventiounscoordinateur (coordinateur de projet d’intervention – CPI) kann iech dobäi hëllefen, Ënnerstëtzungsmoossnamen ze arrangéieren, déi op Är Besoinen zougeschnidde sinn.

D’CPI si Fachleit (Psychologen, Sozialaarbechter an Éducateur-graduéen), déi am Office national de l’enfance (ONE) schaffen.

Ënnerstëtzung duerch eng Aide socio-familale

Dir sidd den deeglechen Aufgabe vum Familljeliewen net méi gewuess?

Eng Aide socio-familiale kann Iech hëllefen, Är alldeeglech Haus- a Familljenaarbechte besser ze geréieren, esoulaang bis Är Familljesituatioun sech verbessert huet.

Dës Hëllef kann och ugefrot ginn, fir Iech temporär ze ënnerstëtzen, no enger wesentlecher Ännerung an Ärer Liewenssituatioun, wéi z.B. der Gebuert vun engem Kand, der Trennung vun der Koppel oder bei Krankheet oder Doud vum Partner.

Ënnerstëtzung vun der Famill duerch eng psychesch, sozial oder pedagogesch Hëllef

Follegen Är Kanner Iech net méi? Hutt Dir Problemer, Är Plaz als Mamm oder Papp ze fannen? Dir wësst net, wéi Dir Äre Kanner Grenzen opweise kënnt oder wéi Dir hinnen Är Ënnerstëtzung kënnt verständlech maachen?

Eng psychesch, sozial oder pedagogesch Hëllef an der Famill kann Iech hëllefen, Äntwerten a Weeër ze fannen, ob am erzéieresche Beräich (Eenegunge fannen, Reegelen opstellen, konsequent sinn) oder am zwëschemënschleche Beräich (et fäerdegbréngen, de Kanner a Jonke Léift an Zouneigung ze weisen, hinnen e Gefill vu Sécherheet a Schutz vermëttelen).

Dës psychesch, sozial oder pedagogesch Hëllef ënnerstëtzt d’Famillen an déi Jonk och an der Organisatioun am Alldag (no hinnen an hire Besoine kucken, fir Struktur suergen, Ritualer anhalen) a kläert d’Aufgaben an d’Responsabilitéite vun all Member vun der Famill. Esou kann sech d’Familljesituatioun verbesseren, fir datt all Member seng Plaz an der Famill fënnt.

Psychologesch oder psychotherapeutesch Berodung

Sinn Är Kanner grad an enger schwiereger Liewensphas? Fillen se sech net méi wuel an hirer Haut? Sinn d’Bezéiungen an der Famill, ënner de Geschwëster oder mat anere Leit komplizéiert?

Eng psychologesch oder psychotherapeutesch Betreiung ka bei Verhalensschwieregkeeten an/oder Bezéiungsproblemer hëllefen.

Bei de psychologeschen a psychotherapeutesche Berodungsservicer ass déi éischt Berodung gratis; duerno kann et sinn, datt eng finanziell Bedeelegung gefrot gëtt.

Ënnerstëtzung duerch eng fréi heelpedagogesch Erzéiung duerch Psychomotorik, Ergotherapie oder Sproochtherapie

Äre Puppelche kräischt vill? E schléift nuets net? Äert Kand ka sech net eleng undoen oder iessen? Et ass ongeschéckerlech? Et ass dacks onroueg oder awer ze vill roueg? Et ass a senger sproochlecher Entwécklung – mëndlech an/oder schrëftlech – hannendran?

Eng Ënnerstëtzung duerch eng fréizäiteg Orthopedagogik, Psychomotoriktherapie, Ergotherapie oder Logopedie kann den individuelle Besoine vun Ärem Kand gerecht ginn, et a senger Entwécklung fërderen an esou dem schouleschen a sozialen Echec zevirkommen.

 

Fir weider Informatiounen zu den ambulante Mesuren:

www.officenationalenfance.lu

 

Stationär Mesuren

Verschidde schwiereg Situatioune wéi Krankheet oder Hospitalisatioun kënnen et fir d'Elteren temporär oder iwwer eng länger Zäit schwéier maachen, sech ëm hiert Kand ze këmmeren.

Wärend dëser Period kann d’Kand entweder an engem Centre d’accueil oder bei enger Fleegefamill opgeholl an ënnerstëtzt ginn.

Zu de stationären Ënnerstëtzungsmoossnamen zielen déi folgend Mesuren:

  • en direkten Accueil wärend enger akuter psychosozial Kris;
  • Accueil vu Kanner, déi manner wéi 3 Joer hunn;
  • e sozialpedagogeschen Ënnerdag, eventuell a Kombinatioun mat Heelpedagogik oder Psychotherapie (Institutiounen);
  • Opnam an e betreit Wunnen;
  • Opnam an e betreit Wunnen (Service logement en milieu ouvert, SLEMO);
  • sozialpedagogeschen Accueil an enger spezialisierter Institutioun am Ausland;
  • sozialpedagogeschen Accueil an enger Fleegefamill;
  • sozialpedagogesch Dagesbetreiung an engem heelpedagogeschen oder psychotherapeuteschen Heem.

 

Fir weider Informatiounen zu de stationäre Mesuren:

www.officenationalenfance.lu

 

Aktualiséiert