Wie kann Hëllef ufroen a wéi geet dat?

Kanner a Jonker souwéi hir Famill kënne Kontakt ophuelen mat den zoustännege Servicer entweeder iwwer e Formulaire, deen se aschécken, per Telefon oder awer perséinlech an engem Guichet.

Wie kann Hëllef kréien?

Mannerjäreg Kanner a jonk Erwuessener bis 27 Joer, déi sech um Territoire vum Lëtzebuerger Land ophalen, kënne vun den Hëllefsmoossname profitéieren.

Kanner a jonk Erwuessener hunn Usproch op Hëllef, wann se:

  • Schwieregkeeten um Niveau vun hirer physescher, mentaler, psychescher oder sozialer Entwécklung hunn;
  • physesch oder moralesch a Gefor sinn;
  • eng sozial Exklusioun riskéieren.

Wie kann d’Demande maachen?

Eng Demande, fir Hëllef ze kréien, ka vu verschiddene Persounen agereecht ginn:

  • dem Kand selwer;
  • dem jonken Erwuessenen;
  • engem Familljemember oder enger Persoun aus dem direkten Ëmfeld;
  • enger Persoun, déi aus beruffleche Grënn mat de Betraffenen ze dinn huet;
  • jiddwer anerer Persoun oder Instanz.

Wéi geet dat?

Et kann een op dräi Manéiere Kontakt ophuelen:

  • Iwwer e Formulaire:

Den Demandeur kann de Formulaire online ausfëllen.

Mat der Online-Demande gëtt en éischte Kontakt tëschent dem Office national de l’enfance (ONE) an dem Demandeur/Beneficiaire hiergestallt. Den Demandeur gëtt esou séier wéi méiglech rekontaktéiert an un den zoustännege Service fir Kanner- a Familljenënnerstëtzung verwisen oder fir en individuellt Gespréich invitéiert. Déi virgeschloen Hëllef gëtt an engem Interventiounsprojet festgehalen. Dëse Projet gëtt zesumme mam Kand oder dem jonken Erwuessenen a senger Famill (oder dem gesetzleche Vertrieder) ausgeschafft.

  • Iwwer Telefon:

D’Helpline 8002 9393 ass vu Méindes bis Freides vun 8 bis 18 Auer erreechbar.

Et gëtt e Rendez-vous mat engem Mataarbechter vun engem regionale Kannerbüro an Ärer Géigend ausgemaach. Den Office national de l’enfance (ONE) huet 14 regional Kannerbüroen am ganze Land:

D’Fachleit (Psychologen, Assistant-sociallen an Educateur-graduéen), déi hei schaffen, agéieren als Coordinateure vum Interventiounsprojet (coordinateur de projet d‘intervention, CPI). Hir Roll an esou engem Fall ass et:    

  • sech mat de Kanner an de Famillen, soubal déi eng Ënnerstëtzung ugefrot hunn, zesummenzesetzen, fir ze klären, wéi eng Hëllef gebraucht gëtt;
  • d’Hëllefsmoossnamen anzeleeden, an Zesummenaarbecht mam Jonken a senger Famill, an dës Mesurë mat de verschiddene Bedeelegten aus dem Secteur vun der Jugend- a Familljenhëllef ze koordinéieren;
  • d’Ënnerstëtzung ze evaluéieren an, wann néideg, aner Moossnamen ze proposéieren, déi der Familljesituatioun besser ugepasst sinn.

Wie bezillt des Hëllef?

Déi verschidde Mesurë gi vum Office national de l’enfance (ONE) bezuelt, wann den Interventiounsprojet, an deem déi proposéiert Hëllef enthalen ass, vum ONE am Virfeld validéiert gouf. Eng finanziell Bedeelegung ka vun den Eltere gefrot ginn, jee no hirem Akommes an den Ausgaben (Loyer, Prêt, Ënnerhalt …) vum Stot.

Wéi déi finanziell Bedeelegung berechent gëtt, steet am Règlement grand-ducal vum 17. August 2011, geännert duerch de Règlement grand-ducal vum 15. Mäerz 2017, deen d’Finanzéierung vun de Moossname vun der sozialer Hëllef fir Kanner an d’Famill preziséiert.

Wéi schütze mir Är Daten?

Zënter der Grënnung vum Office national de l’enfance (ONE) am Joer 2011 ass de Schutz vun de perséinlechen Daten e wichtegt Uleies. Den ONE verflicht sech zum Schutz vun Ärer Privatsphär an domat vun allen Informatiounen, déi Iech betreffen.

Op dem Formulaire, deen Dir eis am Kader vun Ärer Demande eraschéckt, sti perséinlech Daten. Dës Date gi vum ONE op Basis vum Gesetz vum 16. Dezember 2008 iwwer d’Jugend- a Familljenhëllef an den domat verbonnene groussherzogleche Reglementer traitéiert.

Nom Reglement (UE) 2016/679 iwwer de Schutz vun natierleche Persounen a Bezuch op den Ëmgang mat perséinlechen Daten an de fräien Dateverkéier hutt Dir d’Recht op Zougang zu Ären Daten, op Rektifizéierung, Läschen an Zweckbindung vun den Daten. Dir kënnt Asproch erhiewe géint d’Notze vun Ären Daten an Dir hutt d’Recht, eng elektronesch Kopie vun Ären Daten ze kréien an dës un en anere Service ze ginn.

Fir eent vun Äre Rechter an Usproch ze huelen, kënnt Dir dem Responsable fir Dateschutz eng E-Mail mat enger Kopie vun Ärer Carte d’identité op dpo@men.lu schécken oder awer en ageschriwwene Bréif un:

Le délégué à la protection des données
Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse
L-2926 Luxembourg

Méi iwwer eis Prinzipien, d’Verschaffe vun den Daten an Är Rechter fannt Dir an eiser Dateschutzerklärung, déi Iech op Däitsch a Franséisch zur Verfügung steet.



Aktualiséiert