Hëllef fir Kanner

D’Kanner- a Familljenhëllef went sech u Kanner a jonk Erwuessener an enger Noutsituatioun an hir Familljen. Ënner Kanner a jonk Erwuessener an enger Noutsituatioun versteet ee Kanner a jonk Erwuessener, deenen hir physesch, psychesch oder sozial Entwécklung beanträchtegt ass, déi enger physescher oder moralescher Gefor ausgesat sinn oder eng sozial a berufflech Ausgrenzung riskéieren.

Méi spezifesch geet et drëm:

  • all Hindernisser fir déi gutt kierperlech, geeschteg, psychologesch oder sozial Entwécklung vum Kand oder Jonken ze verhënneren;
  • di kierperlech a moralesch Sécherheet vum Kand oder Jonken ze garantéieren;
  • déi sozial a berufflech Inclusioun vu Kanner a jonke Leit ze fërderen.

Hëllef an esou Fäll bidden dräi Akteuren oder Gruppe vun Akteuren:

  • den Office national de l’enfance (nationale Kanner- a Jugendbüro, ONE): dëse Service vum Ministère fungéiert als Guichet unique (zentrale Büro), un dee sech d’Kand, de Jugendlechen, e Member vun der Famill oder eng Fachpersoun direkt wende kann, wann en Hëllef brauch;
  • staatlech Strukturen: Schoulinternater, den Institut étatique d’aide à l’enfance et à la jeunesse (AITIA), de Staatlechen Erzéiungszenter (Centre socio-éducatif de l’État, CSEE);
  • privat Organisatiounen, déi mam Ministère konventionéiert sinn.

 

Hei fannt Dir weider Informatiounen:

Aktualiséiert